Kuerzkritiken, oder sou (6)

Cloudy With a Chance of Meatballs. Een extreem léiwen Animatiounsfilm am 3D vun engem Genie, deen als Kand opgrond vun sengem Intellekt emmer e bëssen ausse virgelooss gouf an als eenzeg Bezugspersoun seng Mamm huet, déi en fréi verléiert. Säi Papp wënscht sech, de Jong géing him an sengem Geschäft hëllefen, mä dem Jong seng Welt ass d’Erfannen vun verréckten Maschinen. Duerch en blöden Zoufall erschaaft hien eng Maschinn, déi am Himmel ronderem schwirrt an déi dat normalt Wierder an Iessen verwandelt. Déi ganz Welt gëtt schnell op déi Klengstad opmierksam an där et Spagetthien an Muffins reent. Den eenzegen Problem ass, dass déi Maschinn droht duerchzedréien an de “Reen” droht ausser Kontroll ze geroden. Genau dat geschidd dann och, an den Held muss mat senge Frënn seng Stad retten.
Fazit: kuerzweileg, witzeg an fir een Erwuessenen genau esou ennerhalsam ewéi fir Kanner. Muss ee net gesinn hunn, ass awer top Ennerhalung.

Surrogates. De Bruce Willis mat Hoer. Dat Bild am Trailer war dat Eenzegt, wat mech dozou beweegt huet de Film kucken ze goen. De Film spillt an enger Zukunft, an där d’Leit net méi selwer firun d’Dier ginn, mä hier Avataren vun Doheem aus steieren. Absolut sécher, bis een Avatar ermord gëtt, an säin Opérateur dorunner och stierwt. Eng Premiär, déi den Bruce virun een Rätsel stellt. Schnell fällt de Verdacht op eng Fraktioun, déi sech weigert Avataren ze benotzen well si et vir onnatierlech hällt. Mä an enger Welt, ewou näischt esou ass ewéi et schéngt, ass et guer net esou einfach d’Wourecht ze gesinn. An et kënnt zu engem Twist, deen ech ni kommen gesinn hätt.
Fazit: spannend Ennerhalung, mat enger Pris Gesellschaftskritik. Perséinlech hätt ech et méi intressant fonnt, wann et ee postcyberpunk Film gewiercht wier, mä als Scifi-Actionfilm ass et emmerhin nach solide Popcornkino.

FlashForward. Vum grousen Schierm eriwwer op dee Klengen. Nodeems den Brannon Braga virun Joëre Star Trek versaut hat, an sech dunn eng Staffel laang bei 24 ronderemgedriwwen huet, kënnt en elo als Ausféierenden Produzent mat eegener Serie zeréck. An wéi een Comeback dat ass. Mat den genialen Joseph Fiennes (Shakespeare in Love, Luther) an John Cho (Harold & Kumar, Star Trek) als déi zwee FBI Agenten, déi dat Ganzt wëllen opklären. Baséierend um (bal) gläichnamege Roman Flashforward vum kanadeschen Auteur Robert J. Sawyer, fällt a FlashForward déi ganz Welt fir exakt 2 Minuten a 17 Sekonnen schwaach – an reest an där Zäit sechs Méint an d’Zukunft, ier se erem zeréck an d’Géigewaart kënnt. Dat huet net nemmen devastéierend Konsequenzen fir d’Géigewaart (e.a. falen honnerte Fligeren erof well d’Piloten d’Bewosstsäin “verléieren”), mä stellt och sämtlech Regierungen vun der Welt virun een Rätsel.
Fazit: Muss een kucken. Ech hunn schon laang net méi esou um Bildschierm gepecht. Vu dass et ee Roman gëtt, brauchen d’Dréibuchauteuren sech och net ewéi bei Lost no véier Joer op eemol ze froen, wéi der Däiwel se dat Ganzt iwwerhaapt sollen opléisen. Ech sinn gespaant, wat nach alles geschidd.

2 thoughts on “Kuerzkritiken, oder sou (6)”

  1. Surrogates: Kléngt jo dann awer villäicht kuckeswäert. Dem Willis seng Hoer hätten mech awer schon bal dovunner ofgehalen …

    FlashForward: Anscheinend ginn et awer ferme Ennerscheeder zum Buch. An d’Serie ass ok, allerdëngs schwätzt et net wierklech fir en Dréibuch, wann een nees op aal Nazien muss zeréckgräifen … mee bon, d’Serie ass nach jonk an huet definitiv Potential. Mol kucken, wéi et weidergeet! An zumools wéi se d’Serie iwwer e puer Joër wëllen retten??

  2. Surrogates: Also du verpass och näischt, wanns de en net gesäiss. Mä et kann een awer roueg kucken goen, wann een e bëssen Action wëll. En ass jiddferfalls em Meilen besser, ewéi dee leschten Die Hard. An den James Cromwell ass emmer ee Plus.

    FlashForward: Ech hunn d’Buch net gelies, wert ech awer nach maachen. Ech bleiwen fir de Moment emol nach zouversichtlech. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *