I’m coming home, listening to the streets to keep me company

Ech sinn wahrscheinlech net ganz objektiv wann ech soen, dass dem schwäizer Muséker Patrick Bishop seng Debutsingle absolut fantastesch ass. Well ech en kennen, well ech schon anerthallewt Joer op säin Album waarden, an well ech schon eng Kéier 400 Kilometer gereest sinn just fir en live ze erliewen (wat ee vun de genialste Concert war, op deenen ech jemols war, mä och dat ass wahrscheinlech erem net objektiv).

Laang Ried, kuerze Sënn: de Patrick Bishop (wat iwwregens ee Kënschtlernumm ass, zesummengesat aus sengem zweete Virnumm an enger angliséierter Form vu senger Mamm hierem Meedechersnumm) huet endlech seng Debutsingle veröffentlecht. Paris heescht se, an kann op senger offizieller Säit gratis erofzeluede ginn. Den Album kënnt den 13. November eraus, an ech freen mech drop.

4 thoughts on “I’m coming home, listening to the streets to keep me company”

  1. Hmm… et ass net schlecht, mä huet e schwéiere Start a verléiert sech e bëssen zum Schluss hin. Du kenns e jo anscheinend besser, kléngen all seng Lidder bëssen no Snow Patrol? Wéi ass dat do Lidd a punkto Gesamtwierk anzeschetzen? Ass et en Highlight, gehuewenen Duerchschnëtt, oder vläicht souguer éier schwaach?

  2. Déi meescht kéinnt een mat Snow Patrol vergläichen, jo. Live spillt e normalerweis solo op der Gitar, wat deem Ganzen natirlech een liicht anere Klang gëtt wéi dës Studioopnahm. Op Concerten war et zwar emmer en Highlight, mä wanns de eng 200 Leit ronderem dech hues déi d’Lidd all matsangen ass dat eng ganz aner Experienz. Ech géing soen am Gesamtwierk ass dat do Lidd musikalesch éischter Duerchschnëtt. E kann et wäitaus besser, an ech hoffen dat iwwerweit herno um Album. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *