Music Friday #4 – Regina Spektor

1980 zu Moskau an der UdSSR gebuer huet d’Regina Spektor sech an de leschte Joeren an der New Yorker Anti-Folk Szen ee Numm gemaach. Seng zwee éischt Albumer, 11:11 an Songs huet et selwer produzéiert an op Concerten verkaf. Säin drëtten Album, a villäicht bekanntesten, Soviet Kitsch huet et virdéischt op déi selwecht Manéier publizéiert, ier et dunn een Deal mat Sire Records (en Deel vun Warner Brothers) ennerschriwwen huet, an déi den Album nei erausginn hunn.
Besonnesch ervirzehierwen bei senger Musék ass a mengen Aan d’Art a Weis ewéi et literaresch Referenzen mat erabréngt, z.B. a Samson (aus der Samson an Delilah Geschicht an der Bibel), den Ethan Frome aus dem gläichnamege Buch vum Edith Wharton an 2.99 cent acres (gudd Lidd, fuerchtbar schlecht Buch) oder och nach dem Shakespeare säin Hamlet an The Virgin Queen (gudd Lidd, fantastescht Theaterstéck).
Als Uspilltipp gëtt et The Call. Ganz einfach, well et esou ee schéint Lidd ass dat een vergiessen léisst, dass et eigentlech em ee brutale Sujet geet.

It’s just a feeling and no one knows yet
But just because they can’t feel it too
Doesn’t mean that you have to forget
Let your memories grow stronger and stronger
‘Til they’re before your eyes
You’ll come back when they call you
No need to say goodbye

3 thoughts on “Music Friday #4 – Regina Spektor”

  1. Mäi Liebligslidd vum Regina Spektor ass nach ëmmer “Us”. A wat hunn ech mech gefreet, wéi ech et an (500) Days of Summer héieren hunn.

  2. Jo, “Us” ass ee genialt Lidd!

    Ech hunn dee Film nairlech prompt verpasst. Well all Mënsch en schon kucken war wéi ech neess a Groussbritannien koum, an en ass gëschter fir d’lescht hei gelaaf. Muss ech halt op d’DVD waarden.

  3. All Mënsch war e scho kucken, loossen ech net als Excuse duerchgoen. Dee Film kann een och alleng oder zwee (oder dräi) mol kucke goen. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *