5846

Et ass schéin ze wëssen, dass een déi richteg Partei gewielt huet. Och wann d’Gesetz trotzdem duerchkoum. Déi Fett kënnen sech roueg mat fortschrëttlechen (haha!) Liberaliséierungen brätzen, mä ech liewen an engem Land ewou alles liberaliséiert ass. A fir et fein auszedrécken: dat ass eng absolut Katastrof.

11 thoughts on “5846”

  1. Waat ech jo nie verstinn: Woufir déi “S”en an denen Parteinimm stinn.
    Ahjo, an waat mescht d’DP eigentlech elo? Méi liberaliséiert wéi liberaliséiert geht jo net.

  2. D’DP huet hiert Zil ereecht an dierf sech elo offiziell opléisen. Mä dat maachen se bestemmt net. Den Obama Meisch wëll jo onbedengt Premier ginn.

  3. Tjo déi vum lenken Boor kennen sech och opléisen, schliesslech hunn se déi gréisste Chance fir erem un d’Muecht zekommen méi wéi verpennt. Gudd Nuecht Genossen a Genossinnen. :)

  4. Jo, mee och wann e soss duerch d’Welt kuckt. Oder kuckt d’Europawahlen, do hunn d’Léit net déi gewielt déi géint de System sinn, mee déi déi dës Finanzkriis zeverantworten hunn nämlech déi Konservativ. An deen 1 Setz deen déi Lénk zu Lëtzebuerg kruuten ass eenzeg an alleng dem André Hoffmann säi Verdéngscht. Do muss een nemmen d’Zuelen vum Wahlowend kucken. A wann déi Lénk net séier en aanere Mann oder eng aaner Fra nierft dem Hoffmann obbauen ass 2014 dee Setz och schons erem fort.

  5. Den Hoffmann trëtt jo an e puer Joer zeréck, dann kréien déi Lénk hier Chance een aneren an der Chamber z’établéieren. Et koumen awer och vill Ustéiss zur Verännerung. D’Piratepartei ass am Europaparlament, an déi gouf garantéiert net vun Alen gewielt. De Problem ass dach och, dass déi Al wëllen de Status Quo erhalen, an déi Jonk an der Ennerzuel sinn. Natirlech hätten mer kéinnten d’Welt änneren wéi et zur Kris koum, mä déi Leit déi deen Afloss haten sinn déi Leit, déi schon zanter Joeren geschmiert ginn, a natirlech verkafen déi sech dann als Retter a maachen dann esou weider ewéi virdrun. Just dat gesäit alt erem keen, well et de Mëschen schlicht an einfach u Verstand feelt.

  6. Jo. Mee d’Fro ass ob en zweeten Hoffmann bei de Lénken ass. Den Trittin ass och bei den däitsche Gréngen etabléiert ass awer kee Joschka. Jo, dofir ass et jo schons traureg dass praktesch eng 1 Punkt Partei a Schweden e Setz fir an d’EU Parlament erausschléit an zu Lëtzebuerg kréien déi Lénk sou jhust nach 1 Setz, wat dann och nach e Wackelsetz war an nemmen e puer Stemmen do entscheed hunn.
    Dass déi eeler Léit gréisstendeels de Status Quo wellen erhaalen, do sinn ech ganz mat der averstaanen. Mee ech hätt mer an sou enger Zäit méi vun de Lénken zu Lëtzebuerg an am Ausland erwaard. Sie hunn a villen Punkten keng richteg Alternativ duergestallt, keng richteg Attack lancéiert. Soss sinn déi Lénk emmer sou als déi grouss “Rebellen” duergestallt ginn, mee irgendwéi hunn sie wéi genee dat vielleicht am meeschten gebraucht gi wäer, kléng beiginn an hunn hier Kritiken nemmen erausgeflüstert am Plaatz dass se gebierelt hätten. An souvills du (a vill aanerer) wells géint d’DP knuppen, et ass déi Partei gewierscht déi nach am meeschten mat aaneren Idee’en komm ass. Déi muss een net gudd fannen, do soll jiddereen säi perséinleche Choix maachen ob déi Saache gudd sinn oder net, mee sie hunn awer mol grouss Alternativen ugebueden a waaren déi eenzeg Partei déi eigentlech e richtege Wahlkampf gefouert huet, leider eben alleng.

  7. historesch gesin gett an zeiten fun enger finanzcrise emmer konservativ gewielt. jiddereen setzt eben fier d’eischt ob sengem eegenen geld ier en sozial ass. an alles wat lenks ass gett numol als sozialiseierend oofgestempelt an entspriechend net gewielt. de mensch kuckt fier d’eischt no sech selwer. dat war sou ass sou an weert sou bleiwen. dat huet menger meenung no leider seelen weineg mat programmen ze din.
    dass eng piratepartei genuch stemmen kritt fannen ech iwregens grad sou lächerlech.
    mengen dat haat ech jo schon eng keier gesoot eng partei dei nemmen weinst engem punkt opgestallt ass an nemmen weinst deem punkt zesummenhalt huet fun deer hun ech nach fill mei angscht wei fun enger csv

  8. Bon, eigentlech net onbedengt. Well wann ech kucken noom Wallstreet Crash 1929 waren d’USA an enger Finanzkriis, 1932 verléiert den republikaneschen President Hoover d’Wahlen géint den Demokrat FD Roosevelt, deen ee secher net als “konservativ” ka bezeechnen. 1991 ass d’USA schon rem an eng Rezessioun gefall a wielt dann 1992 de konservativen Bush of a wiesselt bei den Demokrat Clinton. 2008 wielen d’Léit net fir e konservativen McCain, mee fir e wirtschaftsliberalen Obama. An dat léit net um W. dass sie fir den Obama gewielt hunn, well kurz vrum Collapse vu Lehman Brothers war de McCain an Emfroen fir, no dem September Moien den Obama an um Wahldag selwer hunn 64% vun den Amerikaner uginn dass sie sech op Grond vun der Economie fir deen een resp. aaneren Kandidat entscheed haaten. (Wat dann gläichzäiteg de Grond Nr. 1 vun hierer Entscheedung war). A wann ech op d’Finanzkriis 1991-93 a Finland kucken, do hunn d’Léit fir d’Regierungspartei gestemmt (waat d’Sozialiste waaren, net déi Konservativ).
    Obwuel dat schons e besschen méi selten ass, well wéi – witzerwéis – mäi Proff nach haut an der Virlesung gesoot huet: wann d’Economie gudd ass wennt d’Regierung d’Wahlen egal op een beispillswéis e Krich féiert oder net, wann d’Economie schlecht ass verléiert se egal ob se vielleicht virdrun 2 Milliounen néi Arbeschtsplaatze geschaaf huet. [Dat ass keen allgemengen “Statement” ;)] D’Léit wiesselen an esou Zäiten wéi enger Finanzkriis éischter op Oppositiounspartei(en) wéi elo onbedengt op déi Konservativ. Wann déi an der Oppositioun sinn wäerten se wuel dobäi wannen, wann se an der Regierungsverantwortung sinn wäerten se wahrscheinlech genee esou verléieren wéi all aaner Partei an hierer Plaatz.

    Ech fannen et net onbedengt lächerlech, mee beachtlech dass sech esou eng Partei 1 Setz ka kroopen. Ech fannen et vill méi lächerlech dass gläichzäiteg eng Partei, deenen hier Zäit et elo misst sinn (fir mol e besschen e Wahlslogan opzegräifen) – mat vill Gleck 1 Setz kritt. An déi Gréng hunn eigentlech och nemmen als 1 Punkt Partei ugefaangen, kruuten bei den éischte Wahlen an Däitschland eng 1,6% wann ech mech richteg erenneren (d’Piratepartei 2009 eng 2%). An och den adr huet als 1 Punkt Partei ugefaangen.

  9. wei erwähnt ech fannen et lächerlech well ech et gefeierlech fannen. ech wielen secher keen onsichtbaren wahlprogramm

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *