9

Wann ech éierlech sinn, waren meng Erwaardungen un de Film null. D’Traileren hunn mech net iwwerzeegt, an ech hat och net wierklech eng Ahnung wourem et géing goen. Dass de Film deelweis zu Lëtzebuerg enstanen ass, war och keen Argument, dofir sinn ech net genuch nationalistesch. Abee, de Film ass genial.
An enger postapokalyptescher Welt probéieren e puer Figuren, déi aus Stoff, enger Tirett an e puer mechanesche Géigestänn bestinn, géint Maschinen z’iwwerliewen, déi offensichtlech vun der mëttlerweil zerstéierter Menschheet erschaafen goufen. Et kënnt, ewéi et kommen muss, an den 9 (hier Nummeren hunn se um Réck stoen) erwäscht déi ultimativ Maschinn zum Liewen. Zouginn, déi Prämiss kléngt relativ simpel. An dat ass se och. De Film ass mat 79 Minutten dann och relativ kuerz, an dat ass gudd esou. Et ginn keng Längten, well et ass praktesch riicht duerch Action.
D’Animatioun ass makellos, d’Charakteren sinn liewensnoh an domatter interessant. Wien elo mengt, et wier een typeschen Tim Burton Film z’erwaarden, wärt awer batter enttäuscht ginn. De Burton huet de Film nämlech nemmen produzéiert, an dat nodeems en den Kuerzfilm 9 vum Shane Acker gesinn hat, deen 2005 erauskoum, an vum visionäre Charakter begeeschtert war. Den Acker huet dann och bei dëser méi laanger Versioun Regie gefouert.
Fazit: Definitiv een vun de beschte Filmer vum Joer. Muss een onbedengt gesinn hunn.

8 thoughts on “9”

  1. (Grommel, e kënnt nächst Woch a Lëtzebuerg an de Kino.)

    Krass, deng Meenung vum Film ass sou anescht zu de meeschte Leit hirer, déi e wierklech gehaasst hunn. 55% op RT ass katastrophal, zemools fir en animéierte Film. Dofir wollt ech deen eigentlech iwwersprangen, mä lo muss ech e jo wuel och kucken. Arghs.

  2. De generelle Konsens gëschter Owend wor, dass de Film genial wier. Just een huet de Schluss ze abrupt fonnt, mä de Recht vun eis huet e gudd fonnt.

    Huet sou een wéis du net souwisou eng Unlimited Kaart? Dann mécht een Film jo keen Ennerscheed. An du bass mat 79 Minutten och erem séier dobaussen, wanns de en net gudd fënns. :)

  3. Ech hu keng Unlimited Kaart, well ech an 3 verschidde Kinoe ginn, an soss och a Lëtzebuerg gär an de Kino ginn. Dofir, dass ech just en halleft Joer hei sinn, lount sech d’Unlimited a mengen Aen einfach net. Da misst ech 5 Filmer de Mount an de Cineworld kucke goen fir se als éischt mol ofzebezuelen, an da lount et sech awer am Fong méi fir a mäi lokale Kino ze goen, wou een Dënschdegs fir 2 Pond rakënnt.

  4. Ech kommen locker op déi 5 Filmer. Mä ech ginn och alt emol dräi Filmer hannerteneen kucken. :)

    Ech wëll och een Kino wou een fir £2 erakënnt. Dat ass jo nach méi bëlleg wéi Orange Wednesday!

  5. Entweder ech sinn blann, oder leeft weder am Utopolis nach Utopia. Et géing mech och wonneren, well en ass an der Belsch schon am September ugelaf, an mir hunn jo normalerweis déi selwecht Datumer…

  6. Sorry, ech weess net, wéi ech dorop komm sinn. Hat geduecht, hätt dat sou an Erënnerung, mä war wuel net.

    Ech kommen och locker op 5 Filmer de Mount, mä eben net a just engem Kino. An do mécht déi Kaart absolut kee Sënn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *