Music Friday #5 – Zoë Keating

Den treie Lieser weess, ech sinn ee grousse Fan vum André Mergenthaler, an ginn esou oft et geet op seng Concerten. Dem Mergenthaler seng Musék ass aussergewéinlech, awer net eenzegarteg: wiem seng Musék gefällt, deen dierft och vill Freed um Zoë Keating senge Kompositiounen fannen.
D’Zoë Keating ass eng Kanadierin, dat zu New York City an Fiesole (een Duerf an der Toskana, direkt nierwt Florenz) eng Ausblidung a klassescher Musék genoss huet. Fans vun der Cello Rock Grupp Rasputina dierwt de Numm enner Emstänn ee Begrëff sinn, well do war et ufanks des Joerzéngts aktiv. Säin éischte Soloalbum mam Titel One Cello x 16: Natoma koum 2005 ee Joer no der Debut EP One Cello x 16 eraus, an aktuell schafft et un senger neier Plack. Dovunner huet et fir d’amerikanesch Publikatioun Wired eng Virschau gespillt, déi der hei kënnt gesinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *