Rotschléi fir mäin jonken Ech

Inspiréiert vum Ceri, dat mech op Facebook dozou bruecht huet och esou eng Lëscht ze schreiwen. An ier déi elo just bei him an de Kommentarer dümpelt, recycléieren ech se dann och emol hei. Ech géing et och interessant fannen, wat meng Lieser an aner Blogbuerger hierem jonken Ech géingen soen.

· Test iers de vertraus. Du mengs si hätten deng Frënnschaft verdéngt, mä déi Meescht verdéngen se net.

· Léift huet vill verschidden Formen. Just well ee Meedchen net méi wëll mat der zesummen sinn, heescht dat net, dass et dech wëll aus sengem Liewen eraus hunn.

· Hal op doriwwer nozedenken wat aner Leit denken an sierf verréckt. Si kucken dech weiderhin komësch un, mä wann der dono ass ronderem ze sprangen an deng Freed erauszejäizen, dann maach et. Du gëss nach méi glécklech dann.

· Lauschter net op Leit déi dech net kennen. Si soen der zwar vläit si wéissten wat am Beschten ass, mä d’Wourecht ass: du hues méi Liewenserfahrung an du weess firwats de déi Entscheedungen getraff hues.

· Schwätz mam Meedchen nierwt der am Schoulbus. Du bereis et batter wanns de et net mëss an du haass dech selwer fir eng laang Zäit.

· Drénk keen Alkohol wanns de rosen oder traureg bass. Maach et einfach net. Vertrau mer.

· Et ass an der Rei Saachen aleng z’ennerhuelen wann et keen vun dengen Frënn interesséiert. Wierklech, et ass an der Rei. Et erschéisst keen dech wanns de eleng an de Kino geess. Oder op ee Concert.

· Wou mer grad dovunner schwätzen: géi net op een Air Concert. Ni. Et ass eng Verschwendung vu Geld.

· Sierf e bëssen méi diszplinéiert. Et mécht glécklech Saachen z’ereeschen.

· Verléier deng Dreem net aus den Aan. Du muss vläit muenchmol een Emwee aleen, mä verhal der emmer wous de hinwëlls.

· Wanns de een Dag fir dech eleng brauchs, huel der en. Et mécht keen Sënn enzwouch ze bleiwen wous de net wëlls sinn.

· Fuer esou oft mam Bus an Zuch ewéis de kanns. Et inspiréiert dech.

· Genéiss déi Freidegnomëtteger am Art Scène nach e bëssen méi. Du werts se vermëssen. Onheemlech vill.

· Sierf net traureg iwwert Leit déi sech net méi mellen. Deng richteg Frënn bleiwen an dengem Liewen. Och wann se op déi aner Säit vun der Welt plënneren.

3 thoughts on “Rotschléi fir mäin jonken Ech”

  1. Ech gesinn, dass 5 Persounen dat hei gefällt. Mir net.

    Rotschléi un däi jonken Ech ginn, kléngt jo ganz verlockend, mä et ass och eng Aart a Weis sech selwer ze negéieren.

  2. Ech gesinn dat aus engem aneren Bléckwénkel. Ech verbréngen meng Deeg net domatter, mer ze wënschen ech kéinnt zeréck an bestëmmte Saachen änneren. Ech ginn zou, dass ech dat eng Zäit laang gemaach hunn, mä ech sinn mëttlerweil grouss an liewenserfueren genuch fir ze wëssen dass all déi Entscheedungen mech zu deem Mënsch gemaach hunn deen ech haut sinn. An natirlech ass mäin Liewen net perfekt, mä ech sinn awer glécklech iwwert dee Mënsch deen ech haut sinn. Ech hunn geléiert dat grousst Bild ze gesinn (hätt ech zum Beispill deemols dat Meedchen ugeschwat, hätt ech weder a Wales mäin BA gemaach nach kreativt Schreiwen studéiert, einfach well deen Moment an mengem Liewen eng ganz Rei Décisiounen ausgeléist huet déi ech eréischt konnt am Nachhinhein erkennen an verstoen).
    Wann ech eng Lëscht schreiwen an mengem jonken Ech Rotschléi ginn, maachen ech dat mam Gedanken: dat war ech, an ech hunn mech esouwäit weider entwéckelt dass ech déi Persoun déi ech deemols war endlech verstinn an weess, wat ech haut an deenen Situatiounen anescht maachen. Eng Lëscht un mäin jonken Ech ze schreiwen fannen ech just méi eng flott Idee ewéi dat alles à la “wat ech haut anescht maachen” opzeschreiwen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *