Lëtzebuergesch

Et ginn zwou Saachen, déi mech wierklech nerven. Well den RTL permanent hier Bedeitung falsch gebraucht, an d’Leit dat mëttlerweil esouguer iwwerholl hunn: “aner” am Sënn vun “den aneren Dag” oder “déi aner Woch” – dat huet deemols™ geheescht: “firun e puer Deeg” respektiv “déi lescht Woch”. Op RTL-Lëtzebuergesch heescht dat: “muer” respektiv “déi nächst Woch”. Bei sokrates.lu heescht dat esouguer “dat nächst Joer” (näischt fir ongudd Jongen, ech liesen är Säit trotzdem gär).
Dat anert RTL-Lëtzebuergescht Wuert – nenne mer et der Einfachheet halber een RTLismus – ass “hënnt”. Zu menger Zäit, deemols, an den 80er, den 90er an um Ufank vun den Noughties war dat een Adjektiv (dat ass een Wiewort, Ötzi an Märtchen¹) an huet geheescht: “déi lescht Nuecht”. Beispill: “Hënnt war et kal.” Beim RTL gëtt dorauser een Nomen (an dat ass een Dingwort): “eng Hënnt”. Also generell iergendeng Nuecht. Beispill: “Mir kréien eng kal Hënnt”.
Ech sinn mir duerchaus bewosst, dass Sprooch sech ännert (en wonnerbaart, rezent Beispill dofir: aus “d’Sau” gouf mëttlerweil “tza”). Mä et muss een et awer net iwwerdreiwen an an sengem Medienwahn ganz bewosst Wierder eng komplett nei Bedeitung ginn. Zumols wou mer “hënnt” wierklech gudd gefällt, an et eent vun de wéinegen lëtzebuergesche Wierder ass wou mer net kloër ass, wouhier dat iwwerhaapt kënnt.

¹ Ech hat schon laang keen Feierkrop méi am Grapp – sinn dat hier Spëtznimm?)

11 thoughts on “Lëtzebuergesch”

  1. Schlecht a falscht Lëtzebuergescht ass mer och an Radiosreklammen opgefall. Zumools bei enger, wou ech awer leider momentan d’Wuert vergiess hunn … mee et woer absolut net richteg ugewandt. Ech hu mech all Kéier opgereegt, wann ech et héieren hunn … Jo, ech hunn soss keng Problemer ;)

  2. Däin Beispill vun sokrates.lu erënnert mech grad un Liichtmesdaach. Séngt een do net: “Dat anert Joer gid der gesond”? An deem Sënn misst et do dach och bal “dat nächst Joër” bedeiten.

  3. Du ale Preskriptivist. ;)
    Eigentlech hunn ech selwer ëm puer preskriptivistesch Zich, déi kommen awer éier am Schreiwe raus. Mä dat mam “aneren” Dag mengen ech ass eng archaesch Form, si mer allerdéngs iwwerhaapt net sécher. A mengem Accent gëtt et déi Form ganz einfach net, sou dass et béides bedeite kéint, an ech gesi just e Konflikt tëscht der englescher Versioun an dem Gloda sengem Beispill.
    Dat mat “Hënt” als Nomen ass awer definitiv eng Extensioun vum Wuert, déi soss kee Mënsch gebraucht.

    PS: Ech géif am Fong éier soen “hënt” wier en Adverb. Oder net?

  4. Wou mer schon beim Lëtzebuergeschen sinn: eppes, wat mech ëmmer fréier irritéiert huet ass wann eng Cousine vu mengem Papp d’Wuert ‘séier’ benotzt huet am Sënn vun ‘immens’ oder och just ‘ganz’. Also ‘séier schéin’ amplaz ‘immens schéin’ oder ‘ganz schéin’. Mat séier am Sënn vun Vitesse hat dat jo näischt ze dinn. Mee villäicht kënt et vun ‘sehr’ aus dem Däitschen?

    ‘Hënnt’ vun ech och just als ‘viirescht Nuecht’ kann.

  5. Grommel, du mengs bestemmt d’Carglas-Reklamm. “sou wéi bei engem Rouer, dat platzt” – dat hun se awer mettlerweil geännert op een Rouer dee platzt ;)
    @Thierry: man, wat as d’Schrëft op dengem Blog an virun allem am Kommentarfeld kleng!

  6. @ Gloda
    Dat hunn ech als Kand schon ni verstanen, firwat een engem fir d’Vergangenheet eng gudd Gesondheet wënscht.

    @Chris
    Ech ginn zou, ech hunn zimlech staark presktiptivistesch Zich. Mä hei ass et jio net esou, ewéi wann sech een Ausdrock oder een Wuert op eng natirlech Art a Weis verännert hätt, mä et gëtt ganz konkret vun engem Medium falsch benotzt.
    An, jo, et ass een Adverb. Arghs.

    @Grommel
    Dat mam ‘séier’ hunn ech nach net héieren… Ech weess net, op dat vun “sehr” kënnt. Ech froen mech grad, op et eigentlech keen etymologeschen Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen gëtt.

    @ben
    Sorry, ech hat vergiess de Tag zouzemaachen.

  7. “eng Hennt” hunn ech nach nie héiren, dofir awer och de Gebrauch vun “déi nächst Nuecht”, woubai ech mer do lo och net secher sinn.
    “aaner” ass a mengem Sprochgebrauch och nach net virkomm. Weder als “gescht” nach als “muer”.

  8. Wien oft Lëtzebuergesch schreift, deen weess eigentlech wéi schwiereg dat heiansdo ka sinn. Besonnesch, wann een nach de Gros vun senger Zäit am Ausland wunnt. Do mierkt een, dass een gären e bessi d’Gefill fir seng eege Sprooch ka verléieren. Heiansdo setzt een bei engem Saz, deen z.B. ob Däitsch einfach gutt kléngt, mä op Lëtzebuergesch miserabel. Ech ginn gären zou, dass dowéinst verschidde vu mengen Sazkonstruktiounen zimlech grujeleg kenne sinn. Ech probéieren mech drun ze ginn, mä t’ass net einfach :)

  9. RTL-Lëtzebuergesch schengt dann och scho bis bei den Dicks virgedrongen ze sinn, deen huet nämlech och “den aaneren Daach” a sengem Hexemeeschter fir “den Daach drop” benotzt. Mä zu Remmeleng soen se jo och “een Steng” fir een Steen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *