De Joël huet et schon e puer Mol virgemaach. An well mer grad op Chrëschtdag duersteieren an ech Plaz a mengem Regal brauch, maachen ech him dat dann emol ganz frech no. Ze gewannen gëtt et een fonkelneit Buch, well ech en Ennerschriwwent vum Auteur krut a natirlech keng zwou Kopien brauch.
Déi eenzeg Spillregelen sinn: déi éischt richteg Änwert gewënnt, jiddfereen dierf just eng Änwert ginn an de Rechtswee ass ausgeschloss.
Fro: Wien fällt aus der Rei, an firwat?
George Orwell — Benjamin Black — Ellis Bell — Ian Fleming — George Eliot
Blair, Banville, Brontë, Evans – den Fleming fällt aus der Rei well et keen ‘pen name’ as.
De Gloda huet Recht.
Tiptop, Gilles! Ech hoffen als Literaturstudent war dat gewosst an net gegoogelt. :) Ech schécken der esou séier ewéi méiglech eng Email!
Beim Benjamin Black hun ech missen kontrolléieren :P Hun nach näischt vun deem gelies.
Ech kann Benjamin Black / John Banville nëmmen emfeelen. Een vun menge léiwsten Auteuren.
Du misst elo eng Email kritt hunn vun mer.