Den zenséierte Réckbléck

Dee vun 2008 gëtt et hei.

1. Of- oder zougeholl?
Ofgeholl. Dunn iwwert de Summer erëm zougeholl. An an de leschte Wochen erëm ofgeholl.

2. D’Hoer méi kuerz oder méi laang?
D’selwecht. D’Faarf huet sech awer geännert, déi éischt Halschent vum Joer woren d’Hoer schwaarz.

3. Méi kuerz- oder méi wäitsiichteg?
Ech sinn nach genau sou kuerzsiichteg a blann ouni Brëll ewéi virun engem Joer.

4. Méi Geld oder manner?
Méi, mengen ech.

5. Méi ausginn oder manner?
Manner.

6. Méi beweegt oder manner?
Méi. Ech war zu Paräis, zu Bréissel, zu Amsterdam, zu London, dunn erem zu Bréissel, am Summer zweemol zu Cardiff, ech war zu Locarno, zu Bern, zu Basel, zu Luzern, zu Lausanne, zu Montreux, zu Dagmarsellen, zu Birmingham, an nach eng Kéier zu London. Zielt Tréier och?

7. Deen hirëssegste Plang?
“Ech gesinn d’Strooss do em den Eck!”

8. Dat geféierlechst Ennerfaangen?
Zur Chrëschtdagszäit duerch d’Oxford Street zu London getrëppelt. I dare you!

9. De beschte Sex?
❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚

10. Déi deierst Uschafung?
Ech hunn mer dëst Joer guer net esouvill Deieres kaf. Den drobo huet wahrscheinlech am meeschte Geld kascht.

11. Dat leckerst Iessen?
Trüffellinguine. Et ass schon gäil an enger Stad ze wunne wou et ee Jamie Oliver Restaurant gëtt.

12. Dat beandrockenst Buch?
The Time-Traveller’s Wife. Ech hunn et moies um 9 Auer um Trafalguar Square ugefaangen an et nomëttes am Zuch op Bréissel fäerdeg gelies. A mech dobäi ganz liicht an d’Claire verknallt.

13. Deen ergräifendste Film?
Up 3D. Kann awer och drun geleeën hunn, dass d’M niewent mer mat den Tréine gekämpft huet an dat meng Meenung beaflosst huet.

14. Déi bescht CD?
The Stranger’s Dozen vu Special Patrol. Gottseidank gëtt et Australien. Aus anere Länner koum dëst Joer net vill Erwienenswertes.

15. De schéinste Concert?
Mimas. Am D:qliq. Den Trompettist stoung matzen an de Leit, direkt nierwt mer. Wat eng gäil Musek.

16. Déi meescht Zäit verbruecht…?
mam Versuch mer driwwer kloer ze ginn, wat ech vum Liewe wëll.

17. Déi schéinsten Zäit verbruecht…?
mam genialste Meedche vun der Welt nierwt menger Schwëster, dem M.

18. Virherrschend Gefill?
Verdammt vill Traueregkeet. Onheemlech vill Freed. Um Enn huet dat sech zimlech ausbalancéiert. Ech war dëst Joer zanter laangem awer net op engem Begriefnis, also ass et ënnert dem Stréch amfong ee gutt Joer géing ech soen.

19. Dëst Joer déi éischte Kéier gemaach?
Ganz bewosst den Entschloss gefaasst, ouni Rücksicht op Verloschter fir mäin Gléck ze kämpfen.

20. Dëst Joer no laanger Zäit erëm gemaach?
E puer Deeg zu Bréissel verbruecht.

21. Dräi Saachen op déi ech gutt hätt kéinnte verzichten?
Mäi niddrege Bluttdrock (Zocker vum Zänndokter kréie ftw, wat gëtt dee mer och ee Rendezvous moies fréi). De Fliger zu London schon erem ze verpassen. Déi onbeschreiflech inkompetent Administratioun zu Cardiff. (Si hunn mech elo schon dräimol agedroe fir Politik, ech froe mech a wéi ee schwaarzt Lach meng Reklamatiounen eigentlech ëmmer hi verschwannen).

22. Déi wichtegst Saach, vun där ech wollt een iwwerzeegen?
Dass d’Cardiff University een Dreckslach ass. Dat maachen ech och weiderhin, an et klappt zimlech gutt. Dat hei ass iwwregens meng Fakultéit, en Hannerhaff tëscht zwee Haiser (kee Witz!).

23. Dat schéinste Geschenk, dat ech engem gemaach hunn?
Ech hunn dem M een ❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚❚ geschenkt an et ass mer vu Freed em den Hals gesprongen.

24. Dat schéinste Geschenkt, dat mir ee gemaach huet?
Ech krut vum J méintelaang en Zemmer fräigehale fir de Fall, datt ech erem géing op Cardiff zeréckkommen, an op d’Gefor hin, dass d’Zëmmer herno eidel stéing. Esou eng Frëndschaft fannen ech dat gréisste Geschenk vun allen.

25. De schéinste Saz, deen een zu mir sot?
“I’ll miss you.”

26. De schéinste Saz, deen ech zu engem sot?
“I promise you’ll see me again, and I always keep my promises.”

27. Dëst Joer war mat engem Wuert …
Emotional.

2 thoughts on “Den zenséierte Réckbléck”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *