Dim

Eng Emarmung. Just ee Brochdeel vun engem Moment. Ech stinn niewendrun, kucken, spieren ewéi ech lues a lues glécklech ginn. Et kann näischt méi nokommen elo. Et war schéin dech kennenzeléiren. Dech och. Si laachen allenzwee. Mir soen eis Äddi, zéien eis zeréck an eis eege kleng Welten. Déi puer Sekonnen droen ech mat mer. Fir d’éischte Kéier weess ech: all meng eenzel Liewe kënnen net nëmme laanschtenee verlafen, si kënnen och dat Selwecht sinn. Déi zwee Liewen, déi ech am meeschte wëll, fir ganz kuerz hat ech se als ee Liewen, an der Nuecht ënnert enger schwaacher Stroosseluucht an an der Äiskeelt: doheem. An ech hunn ee Laachen am Gesicht, während ech mech a mäi Bett niewent déi falsch Persoun leeën. Alles gëtt gutt.

One thought on “Dim”

  1. Pingback: sad autumn

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *