December 2009

Lëtzebuergesch

Et ginn zwou Saachen, déi mech wierklech nerven. Well den RTL permanent hier Bedeitung falsch gebraucht, an d’Leit dat mëttlerweil esouguer iwwerholl hunn: “aner” am Sënn vun “den aneren Dag” oder “déi aner Woch” – dat huet deemols geheescht: “firun e puer Deeg” respektiv “déi lescht Woch”. Op RTL-Lëtzebuergesch heescht dat: “muer” respektiv “déi nächst Woch”. Bei sokrates.lu heescht dat esouguer “dat nächst Joer” (näischt fir ongudd Jongen, ech liesen är Säit trotzdem gär).
Dat anert RTL-Lëtzebuergescht Wuert – nenne mer et der Einfachheet halber een RTLismus – ass “hënnt”. Zu menger Zäit, deemols, an den 80er, den 90er an um Ufank vun den Noughties war dat een Adjektiv (dat ass een Wiewort, Ötzi an Märtchen¹) an huet geheescht: “déi lescht Nuecht”. Beispill: “Hënnt war et kal.” Beim RTL gëtt dorauser een Nomen (an dat ass een Dingwort): “eng Hënnt”. Also generell iergendeng Nuecht. Beispill: “Mir kréien eng kal Hënnt”.
Ech sinn mir duerchaus bewosst, dass Sprooch sech ännert (en wonnerbaart, rezent Beispill dofir: aus “d’Sau” gouf mëttlerweil “tza”). Mä et muss een et awer net iwwerdreiwen an an sengem Medienwahn ganz bewosst Wierder eng komplett nei Bedeitung ginn. Zumols wou mer “hënnt” wierklech gudd gefällt, an et eent vun de wéinegen lëtzebuergesche Wierder ass wou mer net kloër ass, wouhier dat iwwerhaapt kënnt.

¹ Ech hat schon laang keen Feierkrop méi am Grapp – sinn dat hier Spëtznimm?)

Rotschléi fir mäin jonken Ech

Inspiréiert vum Ceri, dat mech op Facebook dozou bruecht huet och esou eng Lëscht ze schreiwen. An ier déi elo just bei him an de Kommentarer dümpelt, recycléieren ech se dann och emol hei. Ech géing et och interessant fannen, wat meng Lieser an aner Blogbuerger hierem jonken Ech géingen soen.

· Test iers de vertraus. Du mengs si hätten deng Frënnschaft verdéngt, mä déi Meescht verdéngen se net.

· Léift huet vill verschidden Formen. Just well ee Meedchen net méi wëll mat der zesummen sinn, heescht dat net, dass et dech wëll aus sengem Liewen eraus hunn.

· Hal op doriwwer nozedenken wat aner Leit denken an sierf verréckt. Si kucken dech weiderhin komësch un, mä wann der dono ass ronderem ze sprangen an deng Freed erauszejäizen, dann maach et. Du gëss nach méi glécklech dann.

· Lauschter net op Leit déi dech net kennen. Si soen der zwar vläit si wéissten wat am Beschten ass, mä d’Wourecht ass: du hues méi Liewenserfahrung an du weess firwats de déi Entscheedungen getraff hues.

· Schwätz mam Meedchen nierwt der am Schoulbus. Du bereis et batter wanns de et net mëss an du haass dech selwer fir eng laang Zäit.

· Drénk keen Alkohol wanns de rosen oder traureg bass. Maach et einfach net. Vertrau mer.

· Et ass an der Rei Saachen aleng z’ennerhuelen wann et keen vun dengen Frënn interesséiert. Wierklech, et ass an der Rei. Et erschéisst keen dech wanns de eleng an de Kino geess. Oder op ee Concert.

· Wou mer grad dovunner schwätzen: géi net op een Air Concert. Ni. Et ass eng Verschwendung vu Geld.

· Sierf e bëssen méi diszplinéiert. Et mécht glécklech Saachen z’ereeschen.

· Verléier deng Dreem net aus den Aan. Du muss vläit muenchmol een Emwee aleen, mä verhal der emmer wous de hinwëlls.

· Wanns de een Dag fir dech eleng brauchs, huel der en. Et mécht keen Sënn enzwouch ze bleiwen wous de net wëlls sinn.

· Fuer esou oft mam Bus an Zuch ewéis de kanns. Et inspiréiert dech.

· Genéiss déi Freidegnomëtteger am Art Scène nach e bëssen méi. Du werts se vermëssen. Onheemlech vill.

· Sierf net traureg iwwert Leit déi sech net méi mellen. Deng richteg Frënn bleiwen an dengem Liewen. Och wann se op déi aner Säit vun der Welt plënneren.