Un

Et gëtt kee Pubfood, dofir ginn et Scampi an et gi Meatballs déi esouguer déi zu Stockholm an de Schiet stellen. Et gëtt de leckerste Schoklaskuch an der Stad: ‘Zockerkoma’ nennt hatt en. Mir wäerten och herno erëm do sëtzen. Esou wéi all Kéiers wann et eis dono ass, eraus iessen ze goen awer mer keng Loscht hunn virdéischt nach mam Zuch an de Stadkär ze fueren.
Dat alles ass am Moment nach eng Zukunft déi net zielt. Mir sëtze bei him doheem, et ass ongewinnt roueg: seng Matbewunnerinne sinn all a Coursen. Hatt hëllt säin neie Pullover aus dem Kleederschaf. De Pullover vun deem et schon esou oft gezielt huet an deen et elo endlech krut – säi Spëtznumm steet grouss vir drop, hannendrop ass de Logo vu sengem Kloterveräin mam Saz ‘mir sinn am léifsten uewen’. Hatt grinst breet an deet en un. “Solle mer goen,” freet et, “ech hunn de Mëtteg net vill giess a sinn zimlech hongreg.” An da setzt et sech awer erem dohinner. Him fällt eng Strähn an d’Gesiicht a fir e kuerze Moment wëll ech em se ewech maachen, mä eppes a mer fënnt dat léif – wéi se genau iwwer de Schéinheetsfleck nieft sengem rietsen A fällt, de Bléck a sengen Aen – esou zerbriechlech, iergendwéi, awer esou voller Liewesfreed.
“Weess du wat: esou hunn ech mech nach ni gefillt,” soen ech, nach ier ech richteg realiséiert hunn wat zwangsleefeg als nächst geschéie wäert. Hatt hieft de Kapp liicht a kuckt mech un. “Wat ass lass,” freet et, mä et kléngt net ewéi eng Fro. Et kléngt ewéi wann hatt d’Äntwert och scho wéisst. “Ech hunn dech gären. Esou richteg vill.”
Ech huelen en déiwen Otemzuch. Ech kann et net gleewen, dass ausgerechent ech dat grad gesot soll hunn. Nach en déiwen Otemzuch. Fir d’éischte Kéier a mengem Liewe fillen ech mech, ewéi wann ech wierklech géing ootmen.

Sad Autumn: elo nach vill méi besser gutt!

Et dierft opfalen, dass ech dem Blog erem ee neien Design spendéiert hunn. Mir huet dat Bild am Header amfong vun Ufank un net wierklech gepasst, mä ech war ze faul vir mer eppes afalen ze loossen dat mer besser gefält.
tabGanz ofgesinn vum neien Design huet sech awer och hannert de Kulisse vill geännert: meng Säit ass elo honnerprozenteg valabelen HTML5 an CSS3. Beim HTML5 muss ech allerdéngs selwer zouginn, dass ech do nach vill muss de Code botzen, mä dat spueren ech mer emol virleefeg bis et komplett ënnerstëtzt gëtt an déi final Spezifikatioun eraus ass – well momentan ass et soss just mat JavaScript Tweaks méiglech. A JavaScript nervt mech. Fir de Moment sinn ech dann emol zimlech zefridde mat mengem Quellcode.

Oggy Oggy Oggy! Great… Lovely… And I’m afraid the police would like to interview you all.

Ech weess net, wat ech vun der neier Staffel soll halen. Si gesäit definitiv besser aus ewéi déi läscht – wat éierlech gesot net schwéier war, mä mech trotzdem e bëssen hoffe léisst. Wat ech vum Selbstmord hale soll, weess ech net. Ech waarden emol of, wat dat elo fir Auswierkungen op de Status Quo huet an wéi gutt déi nächst Episode geschriwwen sinn. A wann ech scho vum Status Quo schwätzen, an der Proffekonferenz gëtt et ee neit Gesiicht: de neien, extrem nerdy, college director gespillt vu kengem aneren ewéi dem geniale Chris Addison. Eleng dofir wert ech mer déi nächst Folgen schon eranzéien.

Fluchen

Falls iergendeen sech sollt iwwert dat zweesproochegt Zitat am virëschte Post wonneren: d’Meedche flucht mëttlerweil op lëtzebuergesch. Hach… Ass et net schéin, eppes fir d’Erhale vun eiser flotter Sprooch ze maachen? Hehe.

Zitater (24)

Ech war jo net dooooo, soss hätt ech em säi Kuerzen och iergendwou ragestach. // Now that the girls have gone we can finally talk about our feelings and shit. // Féck dech. You’re a special kind of nice. // The bar is pretty low even with us girls around. // ‘Grrmpf’ is my way of saying: I like spending time with you. // Oh no, now my hands smell of condom! // I need someone to smash my pastry. // Have vagina. You like? // Go on, have a lap dance, hun. I just had one myself so I won’t be mad. // We got seven minutes before we have to get on the train. Quickie? // I might have touched your girlfriend’s sexy ass… // Juncker locutus, causa finita. // I have had more success in gay bars than anywhere else. With boys and with girls. // She’s got bondage straps in her wardrobe. That’s something I never wanted to know. // They clingfilmed my entire room! // ‘Gegoogelt’ kléngt einfach besser ewéi ‘mir hunn et geredtubet’. // I’ll die young and leave behind a beautiful body… not my body! // I told her you’re a bit weird but that she’ll get used to you… like a bad cough.

Evershade

I will scratch away the moon and breathe in the dust. And put my hands on the sun and stare at the figurines of rust. I will lose myself in the sparkle of your eyes when you hit me with your scarf. And feel my heart beat when I tousle your hair and you blush in surprise. I will accept that it halts the ever-raging fear inside to see you dance. That it stops all the yearning and gives my soul a second chance.
I see traces of you when my fingertips move over the carvings in my desk and all the world’s reality fades into the grotesque. I sense your dreams when I look at the pillow next to mine and I feel they have something divine.
I used to drift across the seas to worlds unkown and always postponed the idea of settling down. I was going to travel until the day I’d die and never stay anywhere long enough to make someone cry. I promised to come back but then I forgot to continue on my track. And now, no matter how far I spread those wings, no matter how fast I run, no matter how hard I fight – I’m bound to stay and fall into the songs you sing.
It makes you miserable, you say, to think of me gone. And I know everything that I have ever been and ever will be: I am alive.

Ee Grond, d’WM ze boykottéieren

Esou eppes ewéi dat heiten ze liesen mécht mech extrem traureg. D’FIFA ass näischt anescht ewéi ee multinationale Privatkonzern, deen extrem Armut ausnotzt fir der westlecher Welt bëllegsten Entertainment ze bidden. An dat soen ech net well ech Fussball doudlangweileg fannen, mä well d’FIFA zwar d’Gewënner vun der WM asäckelt awer sech un de Käschten zu 0% bedeelegt.

Die WM bringt den Ärmsten nichts, die für ihre Kinder Schulen bräuchten, an denen die auch tatsächlich etwas lernen, und die wie in Township der Cape Flats für zwei Millionen Menschen nur über ein einziges Krankenhaus verfügen. Es gab sogar einen Plan, das Stadion in Athlone auf den Cape Flats anzusiedeln, wo der Santos FC seine Heimspiele austrägt. Das Projekt wäre laut Groenemeyer wesentlich günstiger geworden, aber die Fifa habe nicht gewollt, dass die Welt die Blechhütten im Hintergrund sehe. Daher habe man sich für Green Point entschieden und damit “die Trennlinie zwischen den Rassen verfestigt.”

Welcome Class of 2005

Verréckt. Ech hunn grad ee ganze Koup Fotoen op mengem HDD fonnt vun 2001 an 2002. Fotoen vu Proffen, un déi ech mech kaum nach erënneren kann, Fotoen vu Klassekomeroden déi ech zanterhier ni méi gesinn hunn (amfong ass de Serge deen Eenzege, mat deem ech nach Kontakt hunn).
Réckbléckend fillt et sech komësch un: haut weess ech, wéi déi doten Foto gemaach gouf war ech op enger Kräizung a mengem Liewen an déi eng Entscheedung déi ech deemols getraff hunn huet mech komplett nei définéiert. Si huet eng Kettereaktioun ausgeléist déi ech exakt noverfollege kann, an déi mech genau op dee Punkt bruecht huet op deem ech haut stinn. Dat hat näischt mat mengen deemolege Klassekomeroden ze dinn an amfong ass et mer zimlech egal, wat aus hinnen ginn ass – mä et ass uncanny (schued, dass et dat Wuert am Lëtzebuergesche net gëtt) déi Zäit, déi Leit a virun allem déi Versioun vu mir elo op eemol erem a menge Gedanken ze hunn…