The Road

Ech kann net wierklech behaapten, ech hätt mech besonnesch op de Film gefreet. D’Buch hunn ech virun e puer Joer gelies an et net esou iwwel fonnt, bis ech déi aner McCarthy Romaner gelies hunn fir meng Dissertatioun (déi war iwwer post-apokalyptesch Literatur) ass mer kloer ginn dass dat, wat mer un The Road als originell an nei gefall huet, näischt aneschters ass ewéi eng Formel déi den McCarthy emmer erem benotzt. Et ass ewéi een Dan Brown: hues de een gelies, hues de se all gelies. Och den katastrofefilmartegen Trailer mat senge genereschen Weltennergangsbiller huet mech ofgeschreckt (déi Szenen kommen awer gottseidank net am Film fir).
Ech sinn frou, dass ech de Film kucken war. Well – an dass ech dat als ehemolege Literaturstudent eng Kéier géing soen hätt ech net geduecht – de Film ass emsou villes besser. D’Schauspiller sinn perfekt ausgewielt, de Viggo Mortensen als stierwenden, verzweifelte Papp an de Kodi Smit-McPhee als onschëllegen, verluerenen Jong sinn wonnerbar an hieren Rollen, an esouguer d’Charlize Theron passt als depressiv Mamm. De Garret Dillahunt hunn ech perséinlech als The 4400 an Sarah Connor Chronicles Fan ee schéine Plus fonnt.

Wien d’Buch net gelies huet: et spillt an enger net allzeferner Zukunft, an där et zum Weltennergang koum (wat geschidd ass gëtt weder am Buch nach am Film gesot). Ee Papp an säi Jong – déi ni mam Numm genannt ginn – zéien Richtung Süden duerch eng gro, trostlos, rau, dystopesch Welt voller Egoismus, Gewalt, Mord a Kannibalismus, an der Hoffnung dass et am Süden besser ass. Den Ausgang ass vun Ufank un kloer: et gëtt keen wierklecht Happy End, an et geet just drëm wéi laang d’Protagonisten an dëser Welt iwwerliewen. Déi grouss sozialkritesch Fro dobäi ass op et méiglech ass ennert esou Konditiounen mënschlech ze bleiwen, oder op een iergendwann selwer zum Monster gëtt.

De Film ass näischt fir Leit mat schwaachen Nerven. Et gëtt eng Mamm an hiert Kand vun Kannibalen erschloen, et gëtt een ganzen Keller voll mat plakege Mënschen déi als Fudder gehalen ginn, et ginn Leit erschoss, d’Thema Selbstmord zidd sech duerch de ganze Film ewéi ee roude Fuedem. Kuerz: d’Hoffnungslosegkeet ereecht komplett nei Dimensiounen. Wéi mer aus dem Film erauskomm sinn, hunn mer eis virdéischt emol esou gefillt ewéi wann mer eis gläich selwer géingen de Stréck ginn. Genausou d’Meedchen dat d’Buch net gelies huet an komplett erschloen war, esou ewéi ech deen d’Geschicht schon kannt huet an trotzdem eng Zäitchen gebraucht huet fir sech gefaasst ze kréien.

Et passt alles: d’Cinematographie, d’Schauspiller, d’Landschaften, de Soundtrack maachen aus The Road eng Visioun, ewéi ech schon laang keng méi gesinn hunn. An dass een sech dono esou richteg, richteg dreckeg fillt, weist nemmen eppes: de Film rappt een esou emotional mat ewéi schon laang keen anere Film méi. Ech kann mech jiddefalls net drun erënneren, wéini ech fir d’leschte Kéier Leit an engem Film hunn héieren kräischen.
Ee Meeschterwierk.

4 thoughts on “The Road”

  1. Ech wollt lo op den Thumbs up Icon klicken, mä eigentlech wier dat onpassend, well wat géing et bedeiten? Dass mer de Film gefält, dass mer d’Story gefält, dass mer däi Review gefält? – Ech hu bis elo just den Trailer gesinn an en huet mech och éischter ofgeschreckt wéi motivéiert fir de Film kucken ze goen. Sou ass et dann däi Review dee mer gefält. Well wann ech de Film awer kucke goe sollt, dann dierft meng Motivatioun dofir wuel hei entstane sinn.

  2. Den Trailer huet wierklech näischt mam Film ze dinn. Bis op e puer eenzel Biller ass net vill dovunner am Film dran. Ech kann de Film op alle Fall nemmen weideremfeelen. Ech géing e just net eleng kucken goen, du brauchs dono mat deems de dech dono erem kanns opmonteren, well et ass haard. Mä et verpasst een eppes, wann een en net gesäit. :)

  3. Woer de Film grad kucken. An sinn leider e bëssen enttäuscht. Jo, d’Schauspiller, d’Landschaften an d’Stëmmung sinn exzellent (och ‘dank’ dem Hurrikan Katrina). Mee d’Story fannen ech zum groussen Deel schwaach an de Papp verhält sech heiandsdo bizarre and onlogesch. Dat Schlëmmst ass allerdëngs de Schluss. *SPOILER ALERT* Menger Meenung no wier de Film vill besser gewiescht, wann de Jong sech henno selwer erschoss hätt. DAT wier e Schluss gewiescht! DAT wier traureg gewiescht. Awer net deen do Kitsch!*/SPOILER*

    Dovunner ofgesinn hunn ech den Aspekt vun der Menschlechkeet awer interessant fonnt an och d’Erkenntnis wéi fragil eis ‘zivilisatoresch’ Couche am Fong ass. An wéi haart dat mënschlecht Liewen ass, sou ouni all eis Konfort’en, déi mir als selbstverständlech huelen …

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *