Zuckerberg is evil

Vun haut un sinn ech net méi op Facebook ze fannen. De Site huet mech schon laang genervt, an ech hunn och ni de Sënn dovunner agesinn – et ass just alt erem eng weider Méiglechkeet mat deenen Leit ze kommunizéieren, déi souwisou schon meng Handynummer, meng Emailadress, mäin MSN a mäi Skype hunn. Amfong hunn ech mam Benotzen vu Facebook just enger privater Firma sämtlech Kommunikatioun iwwerlooss. Dat war eng Zäit laang okay, an ufanks wor et esouguer flott do Leit eremzefannen déi ech virun Joeren aus den Aan verluer hat, mä et ass mer schnell eppes kloer ginn: ech hunn och mat Facebook net mat deene Leit kommunizéiert. Et hat schon ee Grond, firwat déi Leit net méi a mengem Liewen waren. Ufanks hat ech och Kontroll driwwer, wien meng Informatiounen gesäit – ech konnt kontrolléieren wien meng Frënn gesäit, wien gesäit op wéi enger Uni ech sinn, wien meng Profilfoto gesäit. Dat huet Facebook am Dezember ofgeschaaft. Elo gesäit jiddereen meng Frënn, jiddereen gesäit mäi Profilbild, jiddereen gesäit op wéi enger Uni ech sinn, jiddereen gesäit vu wéi enge Produiten a Schauspiller ech Fan sinn. An domatter sinn ech net averstanen.
Facebook hunn ech verlooss mam Argument: “Privacy Issues”. Dat kraazt de Zuckerberg wahrscheinlech kee Meter. Mä ech hunn déi kleng Hoffnung, dass emmer méi Leit dat maachen werten. Ech sinn och emmerhin net deen éischten a mengem Frëndeskreess, deen Facebook de Réck dréit.
Wien mech also elo kontaktéieren wëll, dierf dat nach emmer gären iwwert meng sëllchen Emailadressen, een vu mengen MSN Accounts, ee vu menge Skype Accounts, per SMS oder och ganz gären am echte Liewen maachen. Mä net méi iwwert Facebook.

12 thoughts on “Zuckerberg is evil”

  1. Du hues daat gemaach waat ech scho firu laaaaanger Zäit eing keier gemach hun, an du rem reckgäneg gemach hun (…an dat war e decke Fehler!!!) . An lo hun ech esou vill Leit op Facebook a menger Lescht, mat denen ech beruflech ze din hun, dass ech net mei do eraus kann. Merde Merde Merde.

  2. Nujee, Läit déi souvill em hier Privatsphäre fäerten hu wuel en effet näischt am Social Networking verluer?

    Mäin Privacy Preview wéisst just meng Foto an dass ech männlech sinn (well ech dat zougelooss hunn). Friends schéngt en net unzeweisen? Pages awer, dat schéngen ech en effet leider net astellen ze kënnen.

  3. ech wees schon fierwat social networking seiten nie meng richteg daten ausser menger email kritt hun.
    an grommel social networking heescht dach net dass de FKK wells machen, ech sin drop fier dei frenn dei ech och anescht kennen an sin kengesfalls drun interesseiert iergendsoss een ze adden deem et grad langweileg ass an deem mein profil gefällt. dat schengt mer en ganz legitimen use fum system ze sin, wann net souguer eng fun den grond ideen dohannert. denken mol do kann een sech bei sou aktiounen op jidderfall opreegen.
    an dat ouni negativ connatatioun am senn fun “du hues den service net verstaan wat wells de”

  4. Grommel:
    Du ziels dach am richtege Liewen och net all Mënsch deens de kenns genau dat selwecht an alles iwwert däi Liewen? Firwat sollt dat dann am Internet anescht sinn? Ech hunn näischt ze “verstoppen”, mä ech gesinn zum Beispill net an firwats du sollst déi selwecht Informatiounen iwwert mäin Liewen hunn ewéi meng bescht Frëndin. Dat geet jo dann och guer net géint dech, ech sinn mer sécher du wëlls och net dass ech alles iwwert däi Liewen weess. :)
    Däi Geschlecht kanns de net méi verstoppen. Wanns du ugëss dass du männlech bass, gesäit jiddfereen dat. Frënn kanns de ausschalten fir de grousse Public, mä jiddfereen deens du als Frënd hues gesäit déi aner Frënn zwangsleefeg och (virdrunner war dat net esou). Pages kanns de och en effet net méi kontrolléieren. An d’Uni op där een ass kann een och net méi virum grousse Public verstoppen.
    Ausserdeem dauchen deng Updates bei Leit déi dech als Frënd geaddt hunn schon op, iers du deen Request bestätegt hues. An du dauchs muenchmol esouguer nach an Leit hierem Feed op nodeems de längst ofgeleent hues. Dat kann ee Feeler am System sinn, huet mir awer de leschte Stouss ginn fir mech vun do ewech ze maachen.

  5. E gréissere Probleem ass wierklëch dass aaner Leit däin Netzwierk gesinn. Elleng doran ass vill méi Informatioun wéi der léiw ass. Et kéint ee behaapten dat wir engem säi sozialt Kapital an dat wir mër och ze wichteg fir et sou onverdeckt ze presentéiere wann een dorauser eppes konkretes schléisse kéint, dat hängt da rëm dovun oof wéi promisk ee mat sénge Friend Requests ëmgeet.

  6. @ Thierry
    Du hues vergiess dass een d’„mutual friends” net kann ausschalten. Déi gesäit een EMMER. Ech gesinn zum Beispill ganz gudd ween vu mengen Frenn den “Grommel” op Facebook huet, ouni dass ech den “Grommel” selwer als Frenn op Facebook hunn. Dofir muss ech nemmen säin Numm aginn. Do kann een elo soen dass dat jo net esou schlemm ass, mee ech fannen dass *dat* scho keen eppes ugeet. Wann ech een am RL begéinen soen ech deem jo och net direkt ween ech nach alles kennen jhust fir erauszefannen ob mer nach “gemeinsam” Frenn hunn. Mee bon…

    @ Grommel
    Also deen “Privacy Preview” fonktionnéiert och net richteg. Kann ech aus eegener Erfahrung bestätegen. Well laut dem “Privacy Preview” dierft e “Friend” vu mir eigentlech meng Wall (mat allen Aktivitéiten wéi Kommentarer bei Fotoen, op aaner Walls, “like” stories etc.) net gesinn. Ech hunn dat sou agestallt, well ech dat sou wollt. Ech haat meng Grenn firwaat ech däer Persoun den Accès op dat gespart hunn resp. späere wollt. A vun Zäit zur Zäit hunn ech den “Privacy Preview” benotzt fir zekucken wéi déi Persoun mäi Profil gesäit. Tip top. Trotzdem war et dann elo méiglech dass déi Persoun ouni Problem eng Story vu mir konnt “liken.”
    Ech giff also net zevill op deen “Privacy Preview” setzen, oder iwwerhaapt op “Privacy” bei Facebook. Dat fonktionnéiert net resp. kennt den Zuckerberg net.

  7. Ech probéieren elo mol eng aner Approche. Et ass jo net auszehalen, wat ech elo just an engem Dag alles net matkrut, well ech onse gemeinsame Thread net gelies hunn (ee Message wou meng engst Frënn drasin a wou mer eis géigensäiteg bescheuert YouTube Videoen schécken wann ons langweileg ass). Dofir hunn ech awer iwwer 250 Frënn geläscht, all meng Fotoen inklusiv Profilfoto, all meng Videoen, all meng Netzwierker, meng Mauer ausgeschalt, an et kann och iwwerhaapt keen mech kontaktéieren oder fannen wann ech en net selwer als Frënd adden.
    Ausser deen Thread matzeliesen maachen ech awer näischt. Dat kann Facebook mengetwegen späicheren. Daten vun mer kréien se jiddferfalls keng.
    Gäil och, dass Facebook mer grad eng Rei Leit virgeschloen mat deenen ech mol erem sollt schwätzen, mat deenen ech de Mëtteg am Café soutz. RL ftw.

  8. @Serge:

    Wou hunn ech implizéiert, dass ech ‘FKK’ um Facebook wéilt man oder dass ech do giff ‘nei Frënn’ sichen? Ech adden keng Läit déi ech net kennen.

    @Thierry:

    Natierlech erzielen ech net all Mënsch alles aus mengem Liewen. Mee ganz Privates posten ech souwiesou net op Facebook. A wann dann lo een wees, wouvnner ech ‘Fan’ sinn, da fannen ech dat nach net wierklech schlemm. En plus kann ech jo decidéieren, vun wat ech ‘Fan’ ginn oder net.

    An ech hoffen jo, dass du aner Moyen’en hues fir denger Frëndin Informatiounen iwwert dech oder däin Liewen matzedeelen wéi Facebook ;) Ech gesinn Facebook ganz locker. Ech giff nie wierklech perséinlech Saachen drop maachen oder Saachen, déi just e ganz puer Läit uginn. Dofir gët et jo ëmmer nach aner Weeer.

  9. Bah, du hues mech geaddt, Grommel. An mir kennen eis net wierklech. Mä ech fannen daat och net schlemm. Wann ech Leit interesséiren, sinn ech jo och meeschtens un hinnen interesséiert.

  10. Joel: ech hunn dech geaddt well ech dech schon virdrun ‘kannt’ hunn. An du mer irgendwéi sympatesch woers, trotz oder wéinst eisen Differenzen ;)

    Mee ech klicken keng wëllfriem Läit un.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *