E puer ofschléissend Gedanken zu Social Networking

Ech benotzen den Zuckerberg bekanntlech net méi als Bréifdréier well deen meng Bréiwer kopéiert an déi onendlech laang selwer hällt an och soss d’Inkarnatioun vum Däiwel ass, an ech fillen mech – e bëssen huet et mech trotzdem selwer iwwerascht – esou konnektéiert ewéi scho laang net méi. Ech hunn d’lescht Nuecht siwe Stonnen mam G geschwat, mat deem ech eigentlech vill ze wéineg Kontakt hat an de leschte Méint, jo, esouguer Joeren. Aus dem ganz simple Grond, dass ech ni den MSN oder de Skype opgemaach hunn. Facebook huet eppes mat mer gemaach, dat mir selwer ni esou bewosst war: et huet mir ee falscht Gefill ginn mat anere Leit a Kontakt ze stoen. Ech hunn a mengem Newsfeed a Livefeed gesinn, wat jiddfereen esou gemaach huet. Ech hunn d’Status Updates gelies an d’Fotoe gekuckt, a muenchmol hunn ech op “like” geklickt oder ee kuerze Kommentar geschriwwen. Ech wousst wann iergendeen owes am Café wor an ech wousst esouguer wat se gedronk hunn a wéi voll se woren. Frënn, déi dausende Kilometer ewech liewen – jo, esouguer op der anerer Säit vum Globus – hunn mer live en Abléck an hiert Liewen ginn andeem se hiere Facebookprofil à jour gesat hunn. Mä dat ass keng Kommunikatioun.
Virun e puer Joer hätt ech ouni nozedenken kéinnten soen, wat am G sengem Liewen lass ass, op a wéi e Meedchen e grad léiw fënnt, wéi nerveg déi lescht Prüfung war, an wéi eng Toppegkeeten Freidesowes gelaf sinn. Emgedréit wousst hien all déi Saachen och vu mir. Well dat Saachen sinn, déi een als Frënn ebe vunenee weess. Bis viru kuerzem wousst ech emol net, ewéi dem G seng Frëndin heescht an wéi laang déi zwee schon zesummen sinn. Well den Zuckerberg dat net a senger allwëssender Datebank huet. An dat ass dach zimlech trauereg.
Nach eppes, mat deem den Zuckerberg engem dat falscht Gefill gëtt verbonnen ze sinn, ass de Fait datt een ganz liicht fréier Bekannte ka fannen. Al Klassekomeroden, mat deenen ee schon deemols net geschwat huet, kann ee ganz einfach stalken an esou maachen ewéi wann ee sech géing freen, dass een elo endlech weess ewéi deenen hiert Liewen esou ausgesäit. Net eremendlech – dat ass dat entscheedend Wuert. De geniale Florian Schröder huet do a sengem Programm och ee ganz schéine Gedanke festgehalen:

Facebook ist die komplette Perversion. Ich habe mich einmal angemeldet bei Facebook weil ich das ausprobieren wollte. Seitdem kriege ich täglich Mails von Menschen, die ich seit fünfzehn Jahren nicht mehr gesehen habe. Und immer diese Betreffzeile: “Hans Wurst möchte mit dir befreundet sein.” Entweder ich bin befreundet, oder ich kenne jemanden über Facebook. Aber beides geht nicht. Ich möchte immer zurückschreiben: pass mal auf Hans Wurst, wir haben uns seit fünfzehn Jahren nicht mehr gesehen, und dafür gibt es verdammt nochmal Gründe!

Do stécht eng déiw Wourecht dran: wien mat engem befrënnt ass, dee brauch kee Facebook. Dee brauch net emol Internet. Ech hu schon oft genuch SMSen op Vancouver an Oslo geschéckt an ech hunn ganz traditionell Post a sämtlech Ecker vun der Welt geschéckt. Natirlech bidd den Internet flott Méiglechkeeten – et ass wonnerschéin per Skype ee Mënsch ze gesinn an ze héieren, deen engem vill bedeit, mä dee leider ze wäit ewech ass fir owes zesummen een drénken ze goen.
An do hunn mer nach eppes, dat Facebook mir geklaut huet. An den Ufangsdeeg vu Facebook, anno 2006, war ausser menge Klassekomeroden vun der Uni.lu praktesch keen op deem Site, deen ech kannt hunn, an ech war nach extrem vill am MSN. Deemols hunn mer regelméisseg zu e puer eng Konferenz geschalt, an dat ‘MSN-Party-Trinken’ genannt. Mir souzen alleguerten an eise jeweilege Länner um Computer an hunn eis ennerhalen während mer en “Béiaaa” oder zwee gedronk hunn. Wier dat och ouni Béier gaang? Natirlech. Mä et huet der Illusioun gehollef, mir séizen iergendwou zesummen. An dat war flott.
Ech hunn innerhalb vu kaum zéng Minuten iwwer 250 Leit aus menger Lëscht gekickt op Facebook. Leit, déi der Zuckerbergschen Terminologie no meng Friends woren. Dat huet mer net leed gedoen – an ech kéinnt iech elo emol keen Drëttel vun de Leit méi nennen, déi ech an där Lëscht hat. Dat weisst dach schon, ewéi wichteg déi Leit mir waren an ewéi connected ech mat hinne wor.
So long, Facebook. Et wor net besonnesch flott a meng Kommunikatioun mat Frënn huet extreemst ennert dir gelidden. Now where’s the next big thing I can sign up to?

15 thoughts on “E puer ofschléissend Gedanken zu Social Networking”

  1. Du hells mer hei d’Wierder aus dem Mond. Pre-Facebook waar ech vill méi am IM aktiv, egal ob MSN, ICQ an och deelweis Skype. Réischt zimlech spéit (Enn 2007) sinn ech dann ob Facebook gelant, an während an der Ufankszait nach alles zimlech roueg war, kennen ech lo just nach ganz wéineg Leit déi net dem Facebook verfall sinn.
    An komescherweis sinn et oft Leit mat deenen ech mech ganz gutt verstinn an vill austauschen.
    Den Grond dofir läit ob der Hand, et muss een een einfach gesinn, uruffen oder uschreiwen wann een engem eppes matdeelen well, aplaz dass een semi-passiv ob Facebook verschiddenes matkritt.

    Pre-Facebook war Villes besser.

  2. As schon traureg dat Ganzt. I want my pre-Facebook life back. Sou bescheuert dat och kléngt. Viru Facebook soot nach net all 2. Mënsch deen ech kennen “Oh op Facebook hei an do… Do hun ech dat an dat gesin. Dat an dat gelies… bla bla” An et huet och nach keen Farmville oder Fishville gespillt. (An ech soen der, d’Halschent vu menger Klass spillt dat an as komplett ofhängeg dovun ët as net ze gleewen…) Jiddfereen as ëmmer ouni Facebook eenz gin an elo mengen se bal alleguer datt se ouni Facebook net méi liewe kënnen a Kontakt mat “Frënn” verléiren wann se hieren Account läschen. Fannen net datt Facebook immens hëlleft Kontakt mat Leit oprecht ze erhalen. Gin der einfach Recht mat deem wats de sees. Vläit wor dat ufanks alles eng super Iddi, mee elo sëcher net méi.

    “Mä et huet der Illusioun gehollef, mir séizen iergendwou zesummen. An dat war flott.” –> Jo, absolut! Et as éischter antisocial networking wéi soss eppes. Hoffen ech fannen de “Courage” (oh freck…) fir mech vu mengem Facebook Profile ze trennen.

  3. Jo Bopi, fréiher waar alles besser.

    Du hangelst dech irgendwou zweschen den Argumenter Fennef a Sechs (a wahrscheinlech streifs de och nach e puer aanerer), déi Kathrin Passig a senger Standardsituationen der Technologiekritik treffend beschreiwt.

    Ze soen, Facebook wier keng Kommunikatioun, ass falsch. Einfach, well Facebook een Kommunikatiounsmettel ass, genee wéi Bréiwer, mat den Aan rullen an lusch Podcasten an d’Internet setzen. Ech wees, du wolls soen, et ass keng “richteg” Kommunikatioun, well, an do fänkt et wierklech un ironesch ze ginn, IM jo vill méi pure wier wéi Facebook. (Dobai huet Facebook een IM-Client, deens du just nie op haas, souwait ech wees.) Just well Facebook fir dech net déi Method ass, déis du wells fir Kommunikatioun mat denge Frenn benotzen, wells du em einfach déi Fähegkeet ofschwätzen. En plus setz du Social Networking mat Facebook glaich an den Mark Zuckerberg mat Facebook. Daat erennert mech un schlecht Editorialen am Tageblatt.

    Du kéins den selweschten Artikel iwert MSN schreiwen. Oder iwert twitter. Oder iwert IRC. Oder iwert den Telegraphensystem. Oder iwer Postkaarten.
    An natirlech häss de emmer Recht. Well eng Postkaart nunmol net esou flott ass, wéi zesummen am Café ze setzen an iwert déi Leit aus der twitterosphäre ze lästeren.

    It is the best of times, it is the worst of times. Esou fänkt net nemmen een Roman un, deen ech net gelies hunn, mä och d’Animatioun mam schéinen Titel EPIC, déi heut e bessi ugestepst wierkt, mä trotzdem an hirem Grondgedanken Recht huet: All Kommunikatiounsmettel ass daat, waat een draus mescht. Ech ka mech net bekloen, ech fannen Facebook eng interessant Plattform fier bessen ze kucken, waat gewess Leit sou maachen, domm Sprech iwert 140 Zeechen ze schreiwen an deelweis e bessen “Marketing” ze bedreiwen (an mech iwer Nazien an soss Idioten opzereegen). Facebook ass och interessant, wann een néi Leit kenne léiert, well et meeschtens méi einfach ass, een do ze fannen wéi Emailadresse ze tauschen oder sou. Ob et ideal ass, wees ech awer och net, mä ob manst léiren esou e puer Wiener Lëtzebuergesch.
    Ech hu nie opgehaal, IM ze benotzen. An wéi et am Moment ausgesait, wärt ech och net ophaalen, Facebook ze benotzen, och wanns du mat vill vun denger Kritik natirlech Recht hues. Just d’Art a Wéis, wéis du se ubrengs, ass mir net immens symphatesch, Buddy!

  4. Wa mer scho vu Bopen schwätzen, woeren dat nach Zäiten wéi een net permanent SMSen konnt! Oder engem op en Handy uruffen konnt. Amplaz huet een der Mamm missten e Message ginn, dass den X dann een sollt wgl zereck uruffen, am beschten géint sou an sou vill Auer, well een dann wuel an der Géigend vum Telefon wäert sinn.

    Deemools hu richteg Frënn mëndlech RDVen ausgemaach an sech dann och drugehalen an net kuerz virdrun eng SMS geschéckt: “Uh, ech kommen eng Véirelstonn méi spéit!” Deemools gouff och nach net gläichzäiteg geschwat an gesimst … ah, fréier woer en effet alles besser! ;)

    Wat Facebook ugeet: ech verstinn den Haass net. Wann et Läit langweilt, ignoréiert de Produit. A wann är Kollegen op ärer Well sinn, dann maachen sie et och. Also kënnt der Facebook zesummen ignoréieren. Firwat sech dann sou ereiferen?

    Farmville interesséiert mech och keen Spoun. Mee wat bréngt et mech doriwwer opzereegen? Ignoréieren ass dach vill besser.

    Ech benotzen Facebook net oft, fannen et awer ganz ok fir mat Läit déi ech net sou oft gesinn, och well se wäit fortwunnen, bessen a Kontakt ze bléiwen. Wem säin Liewen haaptsächlech aus Facebook besteet huet awer natierlech e Problem …

  5. Ben:
    Eben, dat mat deem semi-passiv Matkréien ass genau dat wat mech esou gestéiert huet.

    Leti:
    Ech hunn FarmVille an FishVille konsequent ignoréiert an och a mengem Livefeed vun Ufank un net uweisen gelooss. All déi Applikatiounen hunn mech amfong net esou gestéiert, do konnt ee jo ganz séier op “hide” klicken.
    An ech mellen mech, wann een MSN-Party-Trinken usteet. Ech mengen ech organiséieren einfach emol een fir demnächst. :)

    Joël:
    Ech fannen deen Artikel zimlech intressant, merci fir de Link! Wat meng Iwwerschneidungen ugeet, vun 5a soen ech jo awer de komplette Contraire: Facebook huet verännert. An 5b hunn ech zwar net ugeschwat, mä ech sinn mir duerchaus bewosst, dass dat ganzt kommerziell funktionéiert. Facebook huet längst déi kritesch Mass ereecht, wou se mat Reklammen genuch Budget eraspillen. A 5c hunn ech néirens behaapt. Mat 6 kann ech mech awer effektiv ufrënden.
    Vläit hunn mech e bëssen blöd ausgedréckt wann ech soen, Facebook ass keng Kommunikatioun. Mä ech sot néirens, IM wier “pur” Kommunikatioun. Ech sot jo och, wien well a Kontakt bleiwen, deen kann dat och ouni Internet. Ech hat de Facebookchat e puer Mol op, mä deen huet mech zimlech genervt, einfach well ech en hu mussen am Browser benotzen. Adium hat do zwar eng Betaversioun, mä déi huet mech emmer aus Facebook ausgeloggt.
    Ech wëll Facebook net déi Fähegkeet ofschwätzen e Kommunikatiounsmëttel ze sinn. Deen Artikel ass eng Ofhandlung iwwert d’Effekter déi d’Benotzen vun der Säit op mäi Kommunikatiounsverhalen hat. An dat ass vun aktiv op, wéi de Ben dat sou schéi nennt, semi-passiv emgeschwongen. Natirlech kanns de mat Leit kommunizéieren per Wall-to-Wall oder Messagen, amplaz dass de hinnen eng Email schécks – da muss de der halt just bewosst sinn, dass Facebook déi komplett Kommunikatioun onendlech laang späichert (an dat ass eppes wat mech wierklech stéiert, well meng MSN Kommunikatioun kann ech verschlësselen an meng Emailen och).
    Ech setzen net Facebook mat social Networking gläich. Ech hunn déi selwecht Gedanken och schon eng Kéier zu StudiVZ opgestallt. :) An ech erhierwen jo guer net den Usproch op journalistesch Qualitéit, et ass meng sujektiv Erfahrung mat engem Medium. A wann ech den Zuckerberg mat Facebook gläichsetzen, ass dat esou wéi wann ech Jobs soen amplaz Apple oder Gates Ballmer amplaz vu Microsoft. Mir ass schon bewosst, dass do nach méi Leit schaffen.
    Ech kéinnt deen Artikel net iwwert een anere Medium schreiwen. Well a kengem anere Medium kéinnt ech Leit esou einfach fannen, géing mat esouville verschiddenen Informationen bombardéiert ginn, an géing meng Kommunikatioun esou komplett gespäichert ginn. A keen anere Medium huet mäi Kommunikatiounsverhalen esou radikal beaflosst – an dorëmser geet et mer jo hei. Net em Facebook un sech, mä den Afloss deen et op mech hat.
    A Tale of Two Cities fänkt u mat “It *was* the best of times, it *was* the worst of times.” ;) An ech kann et nëmmen emfeelen! (Okay, ech sinn och en Dickens Fan…) Du seess dach an deem Abschnitt genau dat, wat ech beschreiwen: ech soen wat ech aus Facebook gemaach hunn a wat dat fir een Afloss hat op mech.
    Ech hunn opgehalen Leit ze adden, déi ech nei kennenléieren. Entweder mir verstinn eis effektiv esou gutt, dass mer direkt ausmaachen eis erem ze gesinn (an dann tausche mer Nummeren aus) oder et war en intressant Gespréich a méi net, an da mussen se och net wëssen mat wiem ech soss nach alles befrënnt sinn. Gutt, wanns du ni opgehal hues MSN ze benotzen. Ech hunn. A wéinst Facebook. Dorëms geet et mer hei. Wéi gesot: mäi Blog, meng subjektiv Erfahrung. ;)

    Grommel:
    Ouni elo wëllen géint SMS an Handy ze schloen, ech kann mech nach duerchaus drun erënneren ewéi dat virum Handy war. Ech an di meescht vu menge Frënn kruten eréischt een Handy wéi ech op 5e war. A wann ech iergendwou stinn ze warden an et kënnt alt neess eng SMS, dass deen aneren ze spéit ass, reegen ech mech zwar och op, mä da soen ech mer: firdrunner koumen Leit och schon ze spéit, an elo kënnen se mer wéinstens bescheed soen.
    An ech kann mech drun erenneren, ewéi ech eng Kéier bei engem Kolleeg sengem Papp an der Praxis (!) ugeruff hunn, well seng Hausnummer net am Telefon stoung, an ech en onbedengt hu missen ereechen. A mat mengem deemols beschte Kolleeg houng ech owes stonnelaang um Telefon, an dat vermëssen ech muenchmol, zumols well hie mettlerweil a Kanada wunnt an dat einfach net méi dran, schon eleng zäitzoneméisseg. Den Ufank vum Joerdausend, dat wore nach Zäiten! :)
    An et nervt mech näischt méi ewéi Leit déi SMSen während se mat engem schwätzen. Mä dat geet net géint d’Technologie un sech, mech nervt et einfach wa Leit mer net nolauschteren. Dann sollen se mer soen wann ech se nerven. :)
    Ech sot net, dass ech Facebook haassen. Ech sot et huet mäi Kommunikatiounsverhalen verännert, an dat fannen ech net gutt, an dofir benotzen ech et net méi. An d’Hallschent vu menge Kolleegen hei hunn effektiv hiere Facebookaccount geläscht, verschiddener schon zanter laangem. Nemmen aus Facebook huet mäi Liewen ni bestanen, ech sinn permanent mat Leit ennerwee. Mä dat wat et amfong sollt maachen – mat Leit a Kontakt bleiwen déi ech net aus geographesche Grënn einfa ka gesinn – huet et ni fir mech gemaach. Wann dat fir aner Leit funktionéiert pickt mech dat net. Dir kënnt dee Medium jo mengetwegen benotzen. En ass just näischt fir mech – an dat ass kee Virurdeel, well ech sinn eng dräi Joer laang op Facebook gewiercht.

  6. ech hett dech missen fill mei oft nerven du solls dein chat umaan ..
    :P trotzdeem schein dass mol weinstens een fun der richteger erkentniss erschlo gett.

  7. Top Artikel! Ech fannen virun allem deen heiten Abschnitt seet genee dat, wat ech denken:

    I had to de-friend my friends to be their friend.

    In trying to explain the new open-ness that Facebook users are experiencing, the CEO of the company tried to convince us that openness was what all the cool kids were doing. In the quote heard ‘round the world, „People have really gotten comfortable not only sharing more information and different kinds, but more openly and with more people. That social norm is just something that’s evolved over time.“ If we ignore the demagoguery of forcing a social practice into effect and then calling it an accepted norm, this statement does say something worth thinking about. Once we’ve erased all the lines, opened all the doors, put everything we are into the light of day, what then, really, is a friend?

  8. Recht huet en… Ech zielen mech selwer zu deem Grupp deen hei “privacy-centric” genannt gëtt. Ech mengen, doriwwer schreiwen ech een eenzelenen Artikel, well dat faszinéiert mech elo nawell.

  9. Ech muss hei einfach den Paul Johansson zitéieren (et ass iwwrengs dat éischt Zitat waat ech op Facebook gesaat haat an elo dann dat eenzegt Zitat waat nach do steet): „The real world is always gonna be out there and there’s no going back.”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *