Welcome Class of 2005

Verréckt. Ech hunn grad ee ganze Koup Fotoen op mengem HDD fonnt vun 2001 an 2002. Fotoen vu Proffen, un déi ech mech kaum nach erënneren kann, Fotoen vu Klassekomeroden déi ech zanterhier ni méi gesinn hunn (amfong ass de Serge deen Eenzege, mat deem ech nach Kontakt hunn).
Réckbléckend fillt et sech komësch un: haut weess ech, wéi déi doten Foto gemaach gouf war ech op enger Kräizung a mengem Liewen an déi eng Entscheedung déi ech deemols getraff hunn huet mech komplett nei définéiert. Si huet eng Kettereaktioun ausgeléist déi ech exakt noverfollege kann, an déi mech genau op dee Punkt bruecht huet op deem ech haut stinn. Dat hat näischt mat mengen deemolege Klassekomeroden ze dinn an amfong ass et mer zimlech egal, wat aus hinnen ginn ass – mä et ass uncanny (schued, dass et dat Wuert am Lëtzebuergesche net gëtt) déi Zäit, déi Leit a virun allem déi Versioun vu mir elo op eemol erem a menge Gedanken ze hunn…

2 thoughts on “Welcome Class of 2005”

  1. ech waarden nemmen drop dass dei immens schrecklch “dämlechen-bléck-an-coiffure-award-alien-foto” fun mier opdaucht dann bass de awer schon telepathesch doud .. mierk der et.

  2. Wéi eng? Déi vun der éischter Mohebo? Nee nee, déi gëtt net veröffentlecht ausser du geess an d’Politik an du mëss Saachen di mir net gefalen. Da geet se un de Feierkrop. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *