Sad Autumn: elo nach vill méi besser gutt!

Et dierft opfalen, dass ech dem Blog erem ee neien Design spendéiert hunn. Mir huet dat Bild am Header amfong vun Ufank un net wierklech gepasst, mä ech war ze faul vir mer eppes afalen ze loossen dat mer besser gefält.
tabGanz ofgesinn vum neien Design huet sech awer och hannert de Kulisse vill geännert: meng Säit ass elo honnerprozenteg valabelen HTML5 an CSS3. Beim HTML5 muss ech allerdéngs selwer zouginn, dass ech do nach vill muss de Code botzen, mä dat spueren ech mer emol virleefeg bis et komplett ënnerstëtzt gëtt an déi final Spezifikatioun eraus ass – well momentan ass et soss just mat JavaScript Tweaks méiglech. A JavaScript nervt mech. Fir de Moment sinn ech dann emol zimlech zefridde mat mengem Quellcode.

24 thoughts on “Sad Autumn: elo nach vill méi besser gutt!”

  1. Also:
    Ech setzen op +/- 40 cm fun engem widescale 19″ screen, wat ech denken relativ normal ass, an ech muss leider soen: ech hu mech jo schon freier beschweiert dass deng schreft ze kleng ass, mee do wor weinstens den farwkontrast zweschen schreft an hannergrond heisch genuch dass et keen greissere probleem duergestallt huet. Elo ass dat awer nemmei de fall, während den design duerchaus gefälleg an flott ass kreien ech tatsach d’aan weih just wann ech probeieren ze iwerliesen wat ech dier hei grad entweren well an deng blogposts verschwammen fru mengen aan wann ech mech net wierklech extrem konzentreieren. ech wees net op ech deen eenzegen sin mat deem probleem mais ech ging dech wierklech bieden deng schreftgreisst eng keier ze iwerdenken oder se oofhängeg fun der bildschiermgreisst ze maan (geet daat iwerhapt?) hei mol nach en screenshot an originalgreisst : http://setuch.com/stuff/thierry.JPG

  2. Jo, daat selwescht héi. Virdeischt hunn ech gemengt “Waat huet den Serge dann”. Dunn hunn ech gemierkt daat ech selwer nach den Text-Zoom an haat. Et ass jo awer Plaatz héi, on the interwebz.
    Farwlech gefällt et mir, ennert bessen un den méi onbekannten Joël -Fireball am Internet, “Daring Fireball”. Mä un der Schreft, do géif ech effektiv eppes maachen.

  3. Ech si wierklech kee Fan vu wäisser Schrëft. Ech fannen déi seelen lieserlech. An sou och hei – et deet zimlech an den Ae wéi.

  4. Ech hunn d’Schrëft emol vergréissert. Geet dat duer oder soll ech nach? Ech hunn keen sou ee gigantesche Bildschirm fir ze testen. :)

    Grommel: Wéi ee Browser benotzt du dann? Well bei mir ass an all Browser een Header. An ech hunn mat Browsershots.org alleguerten déi obskur Linux Browseren och duerch probéiert, an en gëtt iwwerall ugewisen…

  5. Okay, beim Serge geet et jo awer offensichtlech och. Boah. Ech versti sou lues déi Leit, déi sech einfach weigeren selwer en Theme ze entwerfen. -.-

  6. ech mengen thierry den chris keint eventuell mengen dein header wier mei grafesch, wouropper ech denken fier dech ass et d’menüstreif – confusion

  7. Hm, wann et wierklech just dat wier, géing dat mäi Liewe grad méi einfach maachen. Ech hänken nämlech schon zanter Stonnen iwwert dem Quellcode an ech fannen net eraus, firwat et bei deem engen am Firefox geet a bei deem aneren net. Also, nee, do soll kee Bild sinn. Just déi Bar mat der Navigatioun, da bësse Sputt, an dann d’Artikelen.

  8. Jo, sie mengen d’Bild. Waat soll et dann soss sinn? Wiesou soll déi Bar net ugewissen ginn? Ganz DIV-en aus validem Code net uwéisen, daat kritt just Opera hinn. An de Grommel als Mac-Fanboy benotzt dach bestemmt keen Firefox.

  9. Sorry fir d’Confusioun. Ech hunn effektiv gemengt et wier méi Header do wéi just d’Navigatioun. D’Navigatioun fannen ech awer zimlech sexy muss ech soen, genee sou wéi d’Archivsäit, déi och e bësse vill immens ass.

  10. den chris huet en fetisch fier telefonsbicher ! :P d’archivseit fannen ech bessen vill immens gedruddelt :D mee ech haalen leiwer den baack ech wees mol net wou ech bei mier genau d archivseit fannen ^^

  11. Ah sou, et ass iwwerhaapt keen Headerbild supposéiert do ze sinn (tëschent der Navigatiounsbar an der eischter Iwwerschrëft)? Dann schéngt jo en effet alles an der Réi ze sinn.

    Joel:

    Ech benotzen en effet de Safari well den Firefox mer an der Läscht zevill lues an bloated ginn ass. Am léifsten giff ech den Chrome benotzen mee fir deen gët et nach keen 1Password-Plugin.

  12. ech fannen déi wäiss Schrëft op dem groen Hannergrond och net ganz lieserlech, mä dofir gëtt et jo den Instapaper Text bookmarklet. Allerdengs froen ech mech firwat op den Archiv-Säiten d’Schrëft vergréissert duergestallt gëtt, ass do éieren e Feeler an dengem Code?

  13. Serge: Deng Archiven stinn gaaaaanz ënnen op der Säit. Ouni Struktur schéin zesummengedruddelt a verdammt kleng geschriwwen. :P

    Georges: Huh. Jo, effektiv, dat hat ech guer net gemierkt. Bon, ech hunn dat ganzt “em” sat. Dat soll zwar alles schéin a gutt sinn, fir accessibility dass Leit kënnen den Text bildschirmonofhängeg vergréisseren, mä dat féiert jo nemmen zu Gemeckers. Ech steigen dann halt erem op “pt” em. Wetten, dass ech dann erem net méi W3C konform sinn?

  14. Du bass awer och sou en Konformist! ;)

    Nee, ass natierlech scho gutt, wann ee probéiert sech un en oppenen Standard ze halen.

  15. Sou, liicht groen Hannergrond, schwarz Schrëft an Helvetica mat 13pt. Wien elo nach emmer net liesen kann soll sech e Brëll kafen. :P

  16. du hues meng archiven gedisst !!!!! waaaaah !
    an jo ass ganz lieserlech ech fannen dein pt systeem wonnerbar :P

  17. Em ass lusch (ech hunn d’Gefill daat d’Gréißten sech do geigensaiteg beanflossen. Mä pt ass jo och an der Reih. Esou laangs de net fix px setz, ass mengen ech alles ganz cool. Mä wiesous de de Font an d’Hannergrondfarw verännert hues, verstinn ech net wierklech, ech hu blo méi schéin fonnt (mä hätt d’Schreft eben méi grouss gemaach. Oder mech zoome geloss. Mir egal.)

  18. D’Faarwen hu mir och virdrun besser gefall, mee bon. Ech wäert souwiesou dat meescht iwwer GoogleReader liesen ;)

  19. Ah, dat doten ass lo awer wierklech gutt gelongen, fannen ech. Passt ganz gutt op mengem schwaarze MacBook. An dass deng Säit een am Fong elo mat Grotéin empfängt ass ëmsou méi spannend, well een d’Faarwen dann an den Texter siche muss. An do fënnt ee sécherlech genuch Nuancen. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *