Un

Et gëtt kee Pubfood, dofir ginn et Scampi an et gi Meatballs déi esouguer déi zu Stockholm an de Schiet stellen. Et gëtt de leckerste Schoklaskuch an der Stad: ‘Zockerkoma’ nennt hatt en. Mir wäerten och herno erëm do sëtzen. Esou wéi all Kéiers wann et eis dono ass, eraus iessen ze goen awer mer keng Loscht hunn virdéischt nach mam Zuch an de Stadkär ze fueren.
Dat alles ass am Moment nach eng Zukunft déi net zielt. Mir sëtze bei him doheem, et ass ongewinnt roueg: seng Matbewunnerinne sinn all a Coursen. Hatt hëllt säin neie Pullover aus dem Kleederschaf. De Pullover vun deem et schon esou oft gezielt huet an deen et elo endlech krut – säi Spëtznumm steet grouss vir drop, hannendrop ass de Logo vu sengem Kloterveräin mam Saz ‘mir sinn am léifsten uewen’. Hatt grinst breet an deet en un. “Solle mer goen,” freet et, “ech hunn de Mëtteg net vill giess a sinn zimlech hongreg.” An da setzt et sech awer erem dohinner. Him fällt eng Strähn an d’Gesiicht a fir e kuerze Moment wëll ech em se ewech maachen, mä eppes a mer fënnt dat léif – wéi se genau iwwer de Schéinheetsfleck nieft sengem rietsen A fällt, de Bléck a sengen Aen – esou zerbriechlech, iergendwéi, awer esou voller Liewesfreed.
“Weess du wat: esou hunn ech mech nach ni gefillt,” soen ech, nach ier ech richteg realiséiert hunn wat zwangsleefeg als nächst geschéie wäert. Hatt hieft de Kapp liicht a kuckt mech un. “Wat ass lass,” freet et, mä et kléngt net ewéi eng Fro. Et kléngt ewéi wann hatt d’Äntwert och scho wéisst. “Ech hunn dech gären. Esou richteg vill.”
Ech huelen en déiwen Otemzuch. Ech kann et net gleewen, dass ausgerechent ech dat grad gesot soll hunn. Nach en déiwen Otemzuch. Fir d’éischte Kéier a mengem Liewe fillen ech mech, ewéi wann ech wierklech géing ootmen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *