January 2010

Parallelen

E Film iwwert déi Ondoud. Den Haaptpersonnage heescht Edward, huet däischter Hoer, ass op éiweg-jonk getrimmt well de Schauspiller méi al ass wéi de Charakter, en ass ee Vampir an e weigert sech awer strikt Mënscheblut ze drénken. De Film? Daybreakers. Jo, ech weess – amfong kléngt déi Beschreiwung ewéi de Meedechersschwarm Mësshandler aus Twilight. Mä deen heiten Edward ass cool. Well en verléiwt sech net, an en huet och keen groussartege Problem mat Mord. Daybreakers ass gory. Et fléien Organer duerch d’Bild, eng ganz Rei Leit kréien de Kapp erofgerappt, d’Blut sprëtzt nemmen esou iwwert de Bildschierm. An trotzdem: Sozialkritik gëtt et och. Net vill, mä genuch fir de Film net an d’läscherlecht ofdriften ze loossen. Well: wat geschidd, wann mir alleguerten Vamnpirer sinn, an eis d’mënschlecht Blut ausgeet, dat mer zwéngend zum Iwwerliewen brauchen?

Daybreakers ass bestëmmt kee Meeschterwierk. Mä wat de Vampirgenre ugeet ass et dat éischt passabelt dat een sech kann undoen zanter Interview with a Vampire. Just schwaach Nerven dierf ee keng hunn. Ennerhalsame Popcornkino fir fréi owes, ier een eppes anstänneges mat senger Nuecht ufänkt.

Seufz.

“Dare I say I miss him? I do. I miss him. I still see him in my dreams. They are nightmares mostly, but nightmares tinged with love. Such is the strangeness of the human heart.”

Yann Martel – Life of Pi

Philip Gross

Mäi fréiere Proff Philip Gross huet gëschter Owend zu London dee wichtegste britesche Präis fir Poesie gewonnen, den TS Eliot Prize. Absolut verdéngt, ewéi ech fannen. An elo kann ech och ganz onverschämt behaapten, ech hätt meng poetesch Fähegkeeten joerelaang ënnert engem vun de beschten Dichter weiderentwéckelt.

Zitater (29)

Lëtzebuerg ass méi schlemm wéi den Aldi. // If I clean your flat will you have sex with me? // Excuse me, I can see your fanny. // You know you can transfer stuff onto paper with a pencil, right. Do you think I could walk up to that girl with paper and some graphite and get her ass? // Mam Tom Cruise géif ech ni fécken, ausser ech hätt d’Méiglechkeet säin Doud doduerch wéi een Accident ausgesinn ze loossen. // D’Qualitéit ass erëm Krichsgebitt-méisseg. // Ech hunn zevill Jongen entjungfert. // D’Éisträicher, soss den Hitler, dat ass fir d’éischt dass se eppes anstänneges produzéiert hunn. // I really want a threesome, but you’re not pretty enough. // I thought you had finally found a girl that made you a respectable man. // Et war mir och net schlecht oder sou, ech hunn eben just misse katzen. // If we were lovers, we’d be having really angry breakup sex and even angrier makeup sex all the time. // Angry sex is the best kind of sex. // Ech hunn an de Kolléisch ugeruff fir meg Retenue ze halen, an si soten, “nö, ‘t ass schnéifräi”! // Du gesäiss aus wéi d’Antonia Rados. Ech hunn dech grad an enger Bildqualitéit, et kéint ee mengen du séiz am Afghanistan.

E puer ofschléissend Gedanken zu Social Networking

Ech benotzen den Zuckerberg bekanntlech net méi als Bréifdréier well deen meng Bréiwer kopéiert an déi onendlech laang selwer hällt an och soss d’Inkarnatioun vum Däiwel ass, an ech fillen mech – e bëssen huet et mech trotzdem selwer iwwerascht – esou konnektéiert ewéi scho laang net méi. Ech hunn d’lescht Nuecht siwe Stonnen mam G geschwat, mat deem ech eigentlech vill ze wéineg Kontakt hat an de leschte Méint, jo, esouguer Joeren. Aus dem ganz simple Grond, dass ech ni den MSN oder de Skype opgemaach hunn. Facebook huet eppes mat mer gemaach, dat mir selwer ni esou bewosst war: et huet mir ee falscht Gefill ginn mat anere Leit a Kontakt ze stoen. Ech hunn a mengem Newsfeed a Livefeed gesinn, wat jiddfereen esou gemaach huet. Ech hunn d’Status Updates gelies an d’Fotoe gekuckt, a muenchmol hunn ech op “like” geklickt oder ee kuerze Kommentar geschriwwen. Ech wousst wann iergendeen owes am Café wor an ech wousst esouguer wat se gedronk hunn a wéi voll se woren. Frënn, déi dausende Kilometer ewech liewen – jo, esouguer op der anerer Säit vum Globus – hunn mer live en Abléck an hiert Liewen ginn andeem se hiere Facebookprofil à jour gesat hunn. Mä dat ass keng Kommunikatioun.
Virun e puer Joer hätt ech ouni nozedenken kéinnten soen, wat am G sengem Liewen lass ass, op a wéi e Meedchen e grad léiw fënnt, wéi nerveg déi lescht Prüfung war, an wéi eng Toppegkeeten Freidesowes gelaf sinn. Emgedréit wousst hien all déi Saachen och vu mir. Well dat Saachen sinn, déi een als Frënn ebe vunenee weess. Bis viru kuerzem wousst ech emol net, ewéi dem G seng Frëndin heescht an wéi laang déi zwee schon zesummen sinn. Well den Zuckerberg dat net a senger allwëssender Datebank huet. An dat ass dach zimlech trauereg.
Nach eppes, mat deem den Zuckerberg engem dat falscht Gefill gëtt verbonnen ze sinn, ass de Fait datt een ganz liicht fréier Bekannte ka fannen. Al Klassekomeroden, mat deenen ee schon deemols net geschwat huet, kann ee ganz einfach stalken an esou maachen ewéi wann ee sech géing freen, dass een elo endlech weess ewéi deenen hiert Liewen esou ausgesäit. Net eremendlech – dat ass dat entscheedend Wuert. De geniale Florian Schröder huet do a sengem Programm och ee ganz schéine Gedanke festgehalen:

Facebook ist die komplette Perversion. Ich habe mich einmal angemeldet bei Facebook weil ich das ausprobieren wollte. Seitdem kriege ich täglich Mails von Menschen, die ich seit fünfzehn Jahren nicht mehr gesehen habe. Und immer diese Betreffzeile: “Hans Wurst möchte mit dir befreundet sein.” Entweder ich bin befreundet, oder ich kenne jemanden über Facebook. Aber beides geht nicht. Ich möchte immer zurückschreiben: pass mal auf Hans Wurst, wir haben uns seit fünfzehn Jahren nicht mehr gesehen, und dafür gibt es verdammt nochmal Gründe!

Do stécht eng déiw Wourecht dran: wien mat engem befrënnt ass, dee brauch kee Facebook. Dee brauch net emol Internet. Ech hu schon oft genuch SMSen op Vancouver an Oslo geschéckt an ech hunn ganz traditionell Post a sämtlech Ecker vun der Welt geschéckt. Natirlech bidd den Internet flott Méiglechkeeten – et ass wonnerschéin per Skype ee Mënsch ze gesinn an ze héieren, deen engem vill bedeit, mä dee leider ze wäit ewech ass fir owes zesummen een drénken ze goen.
An do hunn mer nach eppes, dat Facebook mir geklaut huet. An den Ufangsdeeg vu Facebook, anno 2006, war ausser menge Klassekomeroden vun der Uni.lu praktesch keen op deem Site, deen ech kannt hunn, an ech war nach extrem vill am MSN. Deemols hunn mer regelméisseg zu e puer eng Konferenz geschalt, an dat ‘MSN-Party-Trinken’ genannt. Mir souzen alleguerten an eise jeweilege Länner um Computer an hunn eis ennerhalen während mer en “Béiaaa” oder zwee gedronk hunn. Wier dat och ouni Béier gaang? Natirlech. Mä et huet der Illusioun gehollef, mir séizen iergendwou zesummen. An dat war flott.
Ech hunn innerhalb vu kaum zéng Minuten iwwer 250 Leit aus menger Lëscht gekickt op Facebook. Leit, déi der Zuckerbergschen Terminologie no meng Friends woren. Dat huet mer net leed gedoen – an ech kéinnt iech elo emol keen Drëttel vun de Leit méi nennen, déi ech an där Lëscht hat. Dat weisst dach schon, ewéi wichteg déi Leit mir waren an ewéi connected ech mat hinne wor.
So long, Facebook. Et wor net besonnesch flott a meng Kommunikatioun mat Frënn huet extreemst ennert dir gelidden. Now where’s the next big thing I can sign up to?

Zuckerberg is evil

Vun haut un sinn ech net méi op Facebook ze fannen. De Site huet mech schon laang genervt, an ech hunn och ni de Sënn dovunner agesinn – et ass just alt erem eng weider Méiglechkeet mat deenen Leit ze kommunizéieren, déi souwisou schon meng Handynummer, meng Emailadress, mäin MSN a mäi Skype hunn. Amfong hunn ech mam Benotzen vu Facebook just enger privater Firma sämtlech Kommunikatioun iwwerlooss. Dat war eng Zäit laang okay, an ufanks wor et esouguer flott do Leit eremzefannen déi ech virun Joeren aus den Aan verluer hat, mä et ass mer schnell eppes kloer ginn: ech hunn och mat Facebook net mat deene Leit kommunizéiert. Et hat schon ee Grond, firwat déi Leit net méi a mengem Liewen waren. Ufanks hat ech och Kontroll driwwer, wien meng Informatiounen gesäit – ech konnt kontrolléieren wien meng Frënn gesäit, wien gesäit op wéi enger Uni ech sinn, wien meng Profilfoto gesäit. Dat huet Facebook am Dezember ofgeschaaft. Elo gesäit jiddereen meng Frënn, jiddereen gesäit mäi Profilbild, jiddereen gesäit op wéi enger Uni ech sinn, jiddereen gesäit vu wéi enge Produiten a Schauspiller ech Fan sinn. An domatter sinn ech net averstanen.
Facebook hunn ech verlooss mam Argument: “Privacy Issues”. Dat kraazt de Zuckerberg wahrscheinlech kee Meter. Mä ech hunn déi kleng Hoffnung, dass emmer méi Leit dat maachen werten. Ech sinn och emmerhin net deen éischten a mengem Frëndeskreess, deen Facebook de Réck dréit.
Wien mech also elo kontaktéieren wëll, dierf dat nach emmer gären iwwert meng sëllchen Emailadressen, een vu mengen MSN Accounts, ee vu menge Skype Accounts, per SMS oder och ganz gären am echte Liewen maachen. Mä net méi iwwert Facebook.

And there’s no aphrodisiac like loneliness, truth, beauty and a picture of you

Ech kréien muenchmol esou Phasen, ewou ech schon bal verzweifelt no gudder Musék sichen. Momenter, an deenen ech genau dat Lidd brauch, dat alles okay mécht. Wat net okay ass, weess ech meeschtens selwer net. Et ass einfach en Drang. Ewéi wann een Honger huet, virum Frigo steet, a näischt seet engem eppes obwuel de Bauch grommelt. Dat sinn Momenter, wou ech dann aus iergendengem falschen Instinkt eraus emmer firdéischt emol Amazon MP3, iTunes a Spotify duerchsichen an der Hoffnung ech géing do eppes fannen wat mäin Verlaange stëllt. An all Kéiers landen ech erem bei Musék, déi ech laang net méi gelauschtert hunn, an déi iergendwou an mengem iTunes ennert deenen aneren zéchdausende Saachen ennergaangen ass (meng iTunes Bibliothéik ass ongeféier 300 Gigabyte grouss).
Et goung dës Kéier erem genee d’selwecht. Ech hunn neess eng Band erem entdeckt, déi ech schon laang net méi gelauschtert hunn: The Whitlams. Et ass keen Geheimnis, dass ech australesch Musék enorm gären hunn, an vu dass ech an de leschte Wochen schrecklech vill vun Down Under gelauschtert hunn, iwwerascht dat heiten mech elo och net wierklech. Et deet mer schon bal leed, dass ech déi Band esou laang net méi gelauschtert hunn, well si maachen wonnerschéin Musék mat wonnerschéinen Texter.
Hei ass hiere quintessentielle Klassiker No Aphrodisiac vun 1998.

The Road

Ech kann net wierklech behaapten, ech hätt mech besonnesch op de Film gefreet. D’Buch hunn ech virun e puer Joer gelies an et net esou iwwel fonnt, bis ech déi aner McCarthy Romaner gelies hunn fir meng Dissertatioun (déi war iwwer post-apokalyptesch Literatur) ass mer kloer ginn dass dat, wat mer un The Road als originell an nei gefall huet, näischt aneschters ass ewéi eng Formel déi den McCarthy emmer erem benotzt. Et ass ewéi een Dan Brown: hues de een gelies, hues de se all gelies. Och den katastrofefilmartegen Trailer mat senge genereschen Weltennergangsbiller huet mech ofgeschreckt (déi Szenen kommen awer gottseidank net am Film fir).
Ech sinn frou, dass ech de Film kucken war. Well – an dass ech dat als ehemolege Literaturstudent eng Kéier géing soen hätt ech net geduecht – de Film ass emsou villes besser. D’Schauspiller sinn perfekt ausgewielt, de Viggo Mortensen als stierwenden, verzweifelte Papp an de Kodi Smit-McPhee als onschëllegen, verluerenen Jong sinn wonnerbar an hieren Rollen, an esouguer d’Charlize Theron passt als depressiv Mamm. De Garret Dillahunt hunn ech perséinlech als The 4400 an Sarah Connor Chronicles Fan ee schéine Plus fonnt.

Wien d’Buch net gelies huet: et spillt an enger net allzeferner Zukunft, an där et zum Weltennergang koum (wat geschidd ass gëtt weder am Buch nach am Film gesot). Ee Papp an säi Jong – déi ni mam Numm genannt ginn – zéien Richtung Süden duerch eng gro, trostlos, rau, dystopesch Welt voller Egoismus, Gewalt, Mord a Kannibalismus, an der Hoffnung dass et am Süden besser ass. Den Ausgang ass vun Ufank un kloer: et gëtt keen wierklecht Happy End, an et geet just drëm wéi laang d’Protagonisten an dëser Welt iwwerliewen. Déi grouss sozialkritesch Fro dobäi ass op et méiglech ass ennert esou Konditiounen mënschlech ze bleiwen, oder op een iergendwann selwer zum Monster gëtt.

De Film ass näischt fir Leit mat schwaachen Nerven. Et gëtt eng Mamm an hiert Kand vun Kannibalen erschloen, et gëtt een ganzen Keller voll mat plakege Mënschen déi als Fudder gehalen ginn, et ginn Leit erschoss, d’Thema Selbstmord zidd sech duerch de ganze Film ewéi ee roude Fuedem. Kuerz: d’Hoffnungslosegkeet ereecht komplett nei Dimensiounen. Wéi mer aus dem Film erauskomm sinn, hunn mer eis virdéischt emol esou gefillt ewéi wann mer eis gläich selwer géingen de Stréck ginn. Genausou d’Meedchen dat d’Buch net gelies huet an komplett erschloen war, esou ewéi ech deen d’Geschicht schon kannt huet an trotzdem eng Zäitchen gebraucht huet fir sech gefaasst ze kréien.

Et passt alles: d’Cinematographie, d’Schauspiller, d’Landschaften, de Soundtrack maachen aus The Road eng Visioun, ewéi ech schon laang keng méi gesinn hunn. An dass een sech dono esou richteg, richteg dreckeg fillt, weist nemmen eppes: de Film rappt een esou emotional mat ewéi schon laang keen anere Film méi. Ech kann mech jiddefalls net drun erënneren, wéini ech fir d’leschte Kéier Leit an engem Film hunn héieren kräischen.
Ee Meeschterwierk.

The Third & The Seventh

Et gëtt momentan jo vill driwwer diskutéiert, wéi genial d’Spezialeffekter am Avatar sinn. Ma ech muss iech eppes soen: Avatar ass der Zäit ongeféier zéng Joer hannendran. Dat hei ass hautzedags méiglech: absolut perfekte Realismus mat honnert Prozent Computeranimatioun. Dat muss ee gesinn hunn.
Onbedéngt am HD an op vollem Bildschirm kucken, well et ass dowert – de Kuerzfilm ass net nemmen inspiréiert, inspiréirend an wonnerschéin, mä setzt ee komplett neien Standard wat CGI ugeet. Virun allem den Daach vun der Bibliothéik deen opgeet, an de Bësch mat den onwahrscheinlechen Detailer verschloen mer d’Sprooch. Wann et jemols een kreativen Genie gouf, dann ass et den Alex Roman.

Kill me now for there is nothing greater to come.