Dau

Ech hätt net domatter gerechent. Ech sot him, hatt kéint ëmmer laanscht kommen wann et wéilt – natierlech. Mä nodeems ech et eng Woch net gesinn hunn, ass et surreal elo seng Stëmm aus der Stuff ze héieren ewéi et mat menger Matbewunnerin schwätzt. Ech héiere säi Laachen duerch meng Kopfhörer: ewéi e klengt Kand dat sech an seng Kuscheldecken awéckelt ëmaarmt mech déi onschëlleg Liewesfreed déi seng Stëmm an all Silb duerch d’Haus dréit. Wann dat hei eng amerikanesch Fernsehserie wier, hätt de Hugh Laurie längst en Tumor fonnt deen erklärt firwat hatt esou douce ass, mä am richtege Liewe ginn et esou Mënsche wierklech. An an all menger Melancholie schéngen ech ëmmer nees an d’Richtung vun esou Leit ze driften.
Meng Been zidderen esou hefteg, ewéi se net méi geziddert hunn zanter am September virun aacht Joer ee Meedchen an de Bus geklomm ass, dat mäi Liewe méi sollt veränneren ewéi iergendeng aner Persoun. Reng Panik iwwerkënnt mech, mä bal am selwechte Moment erschléit mech eng Schockwell un Gléckshormoner déi duerch mäi Kierper explodéieren ewéi e Freedefeier fir de Weltfridden.
Mäin éischten Drang ass ze flüchten. Meng Kopfhörer nees opzesetzen an d’Musek esou haart ze dréien, dass se all déi Emotiounen ersäift. Jo, ech hunn Angscht: ech hat gemengt, esou staark kéinnt ee just als naiven Teenager emfanne – ech hat gemengt esou kéinnt ech mech ni méi fillen. Säi moofe Pullover, deen ech am Awénkel op mengem Nuetsdësch leie gesinn, verréit mer eng Wourecht, déi ech längst wousst mä vun där mer d’Ausmoossen net vollkomme bewosst waren: hei stinn ech a sinn eng zweete Kéier vir d’éischte Kéier verléift. Ech weess, et ass net méiglech mech ze verstoppen – wann ech meng Kummerdier net selwer opmaachen, klappt hatt gläich. Mäin Härz schléit esou séier an esou haart ewéi wann et wéilt duerch meng Rëpper ausbriechen.
Ech dréien den Hiewel während ech eng Kéier déif otmen, a ginn eraus. Hatt steet an der Kichendier mam Réck zu mir gedréit. Meng Matbewunnerin wénkt kuerz mam Kapp an hatt dréit sech ëm. Do ass et, dat schéinste Meedchen dat ech jemols gesinn hunn. Alles a mer ass stëll.

Liverpool, I Love You

Vun all de Plazen a Stied wou ech dëse Mount war, vermëssen ech Liverpool bei wäitem am Meeschten. Et huet sech ugefilt ewéi meng Stad: ech sinn aus der Gare komm an ech wousst direkt, dass ech mech do géing wuelfillen. Ech sinn duerch d’Stroosse getrëppelt an ech hu mech richteg gefreet do ze sinn, obwuel ech vu Liverpool genee sou wéineg ewéi vun all den anere Statioune wousst wat mech géing erwaarden. Et ass ewéi wann ech mech verléift hätt, an elo sëtzen ech hei ze verlaangeren.

Rodney Street

Craig Ferguson a Stephen Fry: Eng Diskussioun

De geniale schottesch-amerikanesche Comedian, Schrëftsteller, Dréibuchauteur (zidd iech emol Saving Grace eran, dee Film knallt wuertwiertlech), Schauspiller a Moderator Craig Ferguson, deen dem treie Lieser an der treier Lieserin net onbekannt ass, huet dës Woch d’Konzept vu senger Late Late Show fir eng Episod geännert, an ouni Publikum mam nach vill méi geniale Polymath Stephen Fry diskutéiert. Dobäi schwätzen se iwwert dem Fry seng Zyklothymia, Twitter, säi beschte Frënd Hugh Laurie, iwwer Amerika, dem Fry seng Roll am Alice in Wonderland an villes méi.

If an alien was looking down on us and inspecting our language, they would see that the worst thing we do on this planet is we torture, we kill, we abuse, we harm people. We’re cruel. And those are the things of which we should be ashamed. Amongst the best things we do is we breed children, we raise them and we make love to each other, we adore each other, we’re affectionate and fond of each other – those are the good things we do. And they would say: how odd that the language for the awful things is used casually all the time. “Oh, the traffice was agony. It was hell. It was cruel. Oh, it was torture waiting in line.” See, you use words like torture, that’s the worst word. And yet, if we use the f-word, which is the word for generating our species, for showing physical affection one to another, then we’re taken off air and accused of being wicked and irresponsible and a bad influence to children. Now, we’re part of this culture so we often don’t question it, but if you think of someone from outside, it is very strange.
– Stephen Fry

Fannen kann een déi komplett Episod – zumindest fir de Moment nach – op YouTube. Ech kann et nëmmen emfeelen: et si 40 Minuten héichintressant a flott Ënnerhalung.

Apricot

Ee wonnerschéine Kuerzfilm, deen mat engem delikate Soundtrack an enger verdreemter Atmosphär z’iwwerzeege weess. Et ass keng groussarteg komplizéiert Geschicht, a genau dora läit de Charme.

‘t ass eng Mafia, ech wousst et jo schon ëmmer.

Et muss ee witzegt Liewen sinn an engem Take-Away an engem Studentenduerf ze schaffen. E Freideg den Owend – ewéi dat halt emol virkënnt – hu mer eis bei eisem léiwste Chines Iesse bestallt. Dass deen Take-Away d’Meedche längst kennt a si et scho beim Uruffen mam Numm begréissen war schon eng Zäitchen de Fall, mä des Kéier hu se eis trotzdem allen zwee vum Stull gerappt. Wéi et dem Typ sot wouhinner e sollt liwweren, freet dee ganz am Eescht op et elo ëmmer wéillt op meng Adress geliwwert hunn oder op se seng Adress och nach sollen am System loossen.
Do weigert een sech ëmmer iergendwou eng Clientskaart ze huelen wéinst Privatsphär, an da sou eng Szen…

Seufz

Ech fille mech total asozial haut. Et war eng emotional verdammt ustrengend Woch, an dat rächt sech elo esoulues. An e puer Minute fänkt de Rugby un, an ech hu nach manner Loscht ewéi souwisou schon mech eng gefillten Éiwgekeet virun d’Telé ze setzen an Männer nozekucken ewéi se sech em e Ball zerklappen nierwt Studenten déi sech mam drëtte Liter Tesco Value Dry Cider déi läschte Gehierzell ewechballeren. Nee, ech bleiwen léiwer am Bett leien, bedauere mech selwer dass ech kee Ben & Jerry’s méi hunn, an vermeiden d’Welt einfach fir haut a freeë mech op e Méindeg wann ech dat beschte Meedche vun der Welt neess kann drécken.

Liverpool One

Curled Up

A square lake of doves flying off – now!
Raspberry fields are being covered in raindrops
while I’m trying to leave sorrows to another day.
There’s nothing more in these hearts
than a glimpse of the has-been
and the broken dreams scattered across
those mountaintops covered in snow.
It was nice to see you.

I’m jumping ship (under the train),
out the window (off the bridge)
and falling into infinity
until I reach this starting point.

I’ll be holding a bar of American chocolate in Bristol
where Emily’s been cheated on
and you’ll be wearing a shirt with lilies on
looking onto the raspberry fields covered in raindrops
that are trying not to be gone.
It was nice to see you.

Seufz

Ech weess, ech hat Inhalt versprach, mä et ass mer einfach net dono all déi Texter ofzetippen a meng Andréck nidderzeschreiwen. Ech wéinscht ech wier nach do uewen, zu St Andrews, oder soss enzwousch op der Rees. Meng Gedanke si nach ënnerwee mä mäi Kierper ass schon ërem heiheem, an dat Gefill ass déck mies.

St Andrews cliffs