2231,83 Kilometer

Déi Distanz hunn ech zeréckgeluecht op menger Rees an de Norden. Dovunner sinn ech der emmerhin ronn 133 Kilometer zu Fouss gaangen an hunn ongeféier 2099 Kilometer mam Zuch respektiv mam Auto zeréckgeluecht.

Besicht: Manchester, Liverpool, Edinburgh, Queensferry, St Andrews, Dundee, Montrose an de Loch Leven (op deem d’Mary Queen of Scots am Prisong souz).

Gelies: Je Voudrais Que Quelqu’un M’Attende Quelque Part vum Anna Gavalda, Nocturnes vum Kazuo Ishiguro an Up In the Air vum Walter Kirn (do wäert ech mer eng detailléiert Kritik net kënne verknäifen, well dat Buch ass zu 99,9 Prozent eng komplett aner Geschicht mat ganz anere Charakteren ewéi de Film, och den Haaptcharakter huet ausser dem Numm praktesch keng Gemeinsamkeeten mat der George Clooney Versioun).

Gesinn: Nowhere Boy iwwert dem John Lennon seng komplizéiert Bezéiung zu senger Tatta a senger Mamm (deen hunn ech zu Liverpool gesinn!) an The Book of Eli (trotz niddregen Erwaardungen wor ech positiv iwwerascht).

Geschmaacht: Tennent’s an Scotch Pie (boah, wat sinn déi lecker!).

Geschriwwen: eng ganz Rei Deeg vir Die Generation der Hoffnungslosen an e puer Gedichter.

Dir dierft iech also op vill Inhalt freeën an de nächsten Deeg.

Collage Februar 2010

3 thoughts on “2231,83 Kilometer”

  1. Gloda:
    Den L. hat een dobäi. :)

    Grommel:
    Jo, war et och! An ech wëll onbedéngt zeréck a Schottland, nach méi vun deem Land gesinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *