Fotoen

Eng kleng Auswiel u Biller vu menger Rees d’läscht Woch, an der Reienfolg Manchester, Liverpool, Queensferry, Edinburgh, Loch Leven, St Andrews, Montrose, Dundee.

2 thoughts on “Fotoen”

  1. Gefällt. Obwuehl eng zwou Fotoen e bessen sou ausgesinn, wéi wann se zu Letzebuerg gemaach gi wieren. Also, d’Fassade op Nummer 3 gesait aus wéi Belval Plaza an eben déi Breck ;)
    An “DO YOU CARE?” kéint (ouni déi aaner Graffitien, déi ech genial fannen) den schotteschen Pendant zu ALL WE NEED sinn ;)

  2. Dee ganze Quartier (Dean’s Village) wou déi Bréck ass gesäit aus ewéi de Gronn zu Lëtzebuerg. Dat wor och dat éischt wat d’K. sot wéi mer doduerch getrëppelt sinn, “this is like a small Luxembourg!” :)

    Déi Graffitien waren en Deel vun der Kulturhaaptstad Liverpool 2008, Visible Virals huet de Projet geheescht. Ech hunn der just dräi fonnt (virun allem aus Zäitgrënn, ech wollt jo och nach aner Saache gesinn an ech war just zwee an en halwen Dag do), mä et ginn der nach eng Rei méi: http://www.bbc.co.uk/liverpool/content/articles/2008/04/30/capcult_visiblevirals_feature.shtml

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *