Dau

Ech hätt net domatter gerechent. Ech sot him, hatt kéint ëmmer laanscht kommen wann et wéilt – natierlech. Mä nodeems ech et eng Woch net gesinn hunn, ass et surreal elo seng Stëmm aus der Stuff ze héieren ewéi et mat menger Matbewunnerin schwätzt. Ech héiere säi Laachen duerch meng Kopfhörer: ewéi e klengt Kand dat sech an seng Kuscheldecken awéckelt ëmaarmt mech déi onschëlleg Liewesfreed déi seng Stëmm an all Silb duerch d’Haus dréit. Wann dat hei eng amerikanesch Fernsehserie wier, hätt de Hugh Laurie längst en Tumor fonnt deen erklärt firwat hatt esou douce ass, mä am richtege Liewe ginn et esou Mënsche wierklech. An an all menger Melancholie schéngen ech ëmmer nees an d’Richtung vun esou Leit ze driften.
Meng Been zidderen esou hefteg, ewéi se net méi geziddert hunn zanter am September virun aacht Joer ee Meedchen an de Bus geklomm ass, dat mäi Liewe méi sollt veränneren ewéi iergendeng aner Persoun. Reng Panik iwwerkënnt mech, mä bal am selwechte Moment erschléit mech eng Schockwell un Gléckshormoner déi duerch mäi Kierper explodéieren ewéi e Freedefeier fir de Weltfridden.
Mäin éischten Drang ass ze flüchten. Meng Kopfhörer nees opzesetzen an d’Musek esou haart ze dréien, dass se all déi Emotiounen ersäift. Jo, ech hunn Angscht: ech hat gemengt, esou staark kéinnt ee just als naiven Teenager emfanne – ech hat gemengt esou kéinnt ech mech ni méi fillen. Säi moofe Pullover, deen ech am Awénkel op mengem Nuetsdësch leie gesinn, verréit mer eng Wourecht, déi ech längst wousst mä vun där mer d’Ausmoossen net vollkomme bewosst waren: hei stinn ech a sinn eng zweete Kéier vir d’éischte Kéier verléift. Ech weess, et ass net méiglech mech ze verstoppen – wann ech meng Kummerdier net selwer opmaachen, klappt hatt gläich. Mäin Härz schléit esou séier an esou haart ewéi wann et wéilt duerch meng Rëpper ausbriechen.
Ech dréien den Hiewel während ech eng Kéier déif otmen, a ginn eraus. Hatt steet an der Kichendier mam Réck zu mir gedréit. Meng Matbewunnerin wénkt kuerz mam Kapp an hatt dréit sech ëm. Do ass et, dat schéinste Meedchen dat ech jemols gesinn hunn. Alles a mer ass stëll.

10 thoughts on “Dau”

  1. Et ass och däitsch fir “dümmster anzunehmender User” :)

    (Ech hat gemengt mëttlerweil hätt jiddfereen gemierkt, dass ech all leschten Dag vum Mount en Text iwwer d’Meedchen a mech posten. Trei Lieserschaft, my ass. Haha. ;P)

    Ech kann iwwregens guer keen Eechternoacher. An fir mech heescht déi Stad Ierchternach. :D

  2. also ech losse mer net ennerstellen hei ech geing net wessen wats du bloggs :P.
    mais google huet mer fier dau nemmen den dümmst anzunehmenden user rausgespaut wosst net datt et ab lo och nach mandatory ass fier wallisesch ze kennen hei.

  3. Perfekt wallisesch ze schwätzen wor nach ëmmer Viraussetzung hei, haha.

    (Wéi wann ech selwer méi wéi 50 Wierder kéinnt lol.)

  4. “Ierchternach”…

    Ech widderhuele mech, mä wou kënnt do deen “r” hir? Et ass mer e Rätsel firwat souvill Leit den Numm vu menger Stad net schreiwe kënnen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *