De Bad Blake, gespillt vum Jeff Bridges, dee fir déi Roll fir en Oscar als beschte Schauspiller nominéiert ass, ass en ale Countrysänger, deen duerch d’Land zidd an kleng Concerte spillt. En huet zanter Joeren kee Lidd méi geschriwwen, lieft vum Whisky an Zigaretten, an ass rosen op säi fréiere Frënd Tommy, gespillt vum Colin Farrell, dee mëttlerweil Stadie fëllt. Duerch Zoufall awer léiert en eng vill méi jonk Journalistin kennen, gespillt vum Maggie Gyllenhaal, dat och fir en Oscar nominéiert ass, an déi en sech verléift, wouduercher den Bad sech erëm lues a lues zesummegerappt kritt.
Crazy Heart erfënnt d’Rad sécher net nei, et ass eng Geschicht déi mer schon honnert Mol virdru gesinn a gelies hunn – de Film baséiert um Buch vum Thomas Cobb – mä dem Jeff Bridges seng tour de force mécht et zu eppes Besonneschem. De Bridges an de Colin Farrell sange selwer – a gutt! – wat dem Film e besonnesche Charme gëtt. Obwuel ni direkt ugeschwat gëtt, wat tëscht deenen zwee virgefall ass, erkennt een als Zuschauer déi déif Frëndschaft an de grousse Respekt deen déi zwee eigentlech nach ëmmer vireneen empfannen, an déi lues awer sécher erëm d’Iwwerhand kritt. Et ass wonnerschéin, dem Jeff Bridges nozekucken, ewéi en sech lues a lues erëm opbaut, wéi en Courage erëmfënnt d’Liewen ouni Alkohol an Ugrëff ze huelen an wéi en sech lues a lues verännert. Et leeft net alles riicht, et ginn kleng a grouss Katastrofen, mä déi sinn alleguerten noutwenneg fir dem Blake seng Entwécklung.
hätt huet deen Oscar definitiv verdéngt.
Ah, fréeën mech lo nach méi op de Film!