Oscar 2010

De Steve Martin an den Alec Baldwin woren net bombastesch, fir et fein auszedrécken. Un Prophète huet verluer. De Colin Farrell war witzeg. The Cove huet gewonnen. De Jeff Bridges war iwwerglécklech an huet säin Oscar wierklech verdéngt. D’Kirsten Stewart kritt emol net op der Bühn fir d’Oscaren déi geréngste Grëtz Enthusiasmus gefaked. De Film mam Sandra Bullock hunn ech net gesinn. Avatar hätt ausser Special Effects keen Oscar bräichten ze kréien. D’Sarah Jessica Parker gëtt effektiv vu Joer zu Joer nach méi ellen. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun den Oscaren huet eng Fra, d’Kathryn Bigelow, de Präis fir déi beschte Regisseurin gewonnen, an ech muss mer da lo wuel endlech och The Hurt Locker kucken. Ech fannen et schued, dass se duerch de Schluss gerannt sinn an den Tom Hanks just op d’Bühn koum fir d’Enveloppe mam beschte Film opzemaachen. Leit séier op d’Bühn, kuerz Ried, mässeg witzegt Schlusswuert vum Steve Martin, and done. Vläit sollt ech d’nächst Joer einfach schlofe goen.

10 thoughts on “Oscar 2010”

  1. Nee, net nëmmen. Eischter wéi hatt optrëtt a virgët dat Schéinst, dat Coolst, dat Schickst, etc ze sinn.

    An ech hu seng Filmer a Serien bis lo och all schlecht fonnt.

  2. Den Thierry huet op d’Ausgesinn ugespillt. Ech fannen hat (sain Gesicht) och net schéin. Still, fir mech as hat moudesch top. Seng Filmer hun ech schwaach fond, mee “Sex and the City” as menger Meenung no eng groussarteg Serie an der hat sain Part immens mecht.

  3. Op hatt moudesch flott ass, kann ech net beurteelen, ech kennen guer näischt dovunner. Mä jo, ech hunn op säin Ausgesinn ugespillt (zumols dee fuerchtbar ville Makeup – schwaarz Reefer ronderem d’Aan, bäh! –, deen et e Sonndeg um Gesiicht hat). Vu Sex and the City hunn ech just e puer Folgen gesinn an ech hu mech zu Doud gelangweilt, mä ech gesinn awer an, dass ech souwisou net zur Zilgrupp gehéieren. Hatt als Mënsch kann ech net beurteelen, ech kennen et net an ech weess och guer näischt iwwert et.

    Grommel: “ee net kënne gesinn” ass jo een Ausdrock, deen op de Charakter uspillt a net op d’Ausgesinn. Ech huelen un, dohier koum dem Céline seng Fro ops de et wéinst dem Ausgesinn net kanns leiden.

  4. Ech fannen hatt net flott (Ausgesinn) an ech kann et net gesinn (ok, dat ass bessen iwwerdriwwen, sou wichteg ass et och rem net) wéinst sengem Optrieden an Behuelen (Charakter, opmanst deen, deen ech op der Tele, wann ech dann nach Tele kucken, matkritt hunn).

    Soit. Sou wichteg ass dat alles och rem net.

  5. Op Twitter hat ech ë Kommentar gelies, datt hatt ausgesin hätt, wéi wann ët aus dem falsche Gral aus Indiana Jones and the Last Crusade gedronk hätt. Deem muss ech zwar och zoustëmmen.

  6. Immens, lo gi méng Kommentaren och hei rem geschléckt. Ech ka scho net méi beim Grommel kommentéiren an lo och rem hei. Wat hudd der all géint méch? Ech probéiren ët mol ouni eng Websäit unzegin.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *