No Man Ever Loved

Si soe wann ee verléift ass gesäit een d’Welt mat neien Aen. Mäin Téi schmaacht nach ëmmer d’selwecht an d’Pizza och. Frësch Loft huet sech nach ëmmer ugefillt ewéi Fräiheet, an den Ufank vu Middegkeet um Enn vun enger Wanderung war schon ëmmer déi beschten Inspiratioun. Ma villäicht soen si dat, well een zu zwee aner Saache mécht ewéi alleng.
Ech war schon alleng an de Kino. Wann ech Zäit hu missten emkréien a keng Loscht hat heem ze goen. Wann et mer net dono war, mech an den Shot setzen ze goe mat engem Buch oder mat Block a Bic. Wéi vill Gedichter hunn ech do iwwer dech geschriwwen, wéi vill Bicher gelies déi’s du mer un d’Häerz geluecht hues. Enges Daags weisen ech dir déi Plaz, enges Daags…

Mat dir ass de Kino anescht. Ech kucken net nëmmen de Film, ech kucken och dech, wéi s du erféiers, wéi s du laachs, wéi s du mat den Tréine kämpfs. A muenchmol mierken ech, wéi s du mech och kucks. Da maachen ech heiansdo ewéi wann ech et net géing réaliséieren, an heiansdo kucken ech zeréck, well ech dech vermëssen, dee klenge Schéinheetsfleck nieft dengem rietsen Aen, däi Laachen. Mat dir deelen ech gäre mäi Popcorn, dech loossen ech d’Rei auswielen. Dech loossen ech meng Reaktiounen op de Film beaflossen, net bewosst, ech loosse mech falen an et fillt sech un ewéi Fléien.
‘Dir sidd esou léif,’ seet mäi fréiere Matbewunner, ‘dir funktionéiert zesummen, einfach esou, ouni Ustrengung.’ A mir mécht et keng Angscht méi, dass e Recht huet. Dass ech keng Kontroll méi hunn. Ech hat Kontroll gären, ech sinn ëmmer rationell u Situatiounen erugaangen. Analyséiert, all méiglech Konsequenzen duerchgaangen. Mä déi Persoun ass fort, an ech vermëssen se net.

Ech erënnere mech u meng bescht Frëndin déi nach virun e puer Méint gemengt huet, et géing mer wënschen endlech glécklech ze sinn well ech esou haart dofir kämpfen. An op eemol fillt sech näischt méi un ewéi Kämpfen, näischt méi ass en onbezeechent Sehnen, just nach deen ee Wonsch do ze sinn wous du bass. Ech war ëmmer e bëssen Harry Haller. An elo? Ech hunn opgehalen ze sichen. Ech sinn ukomm. Iwwerall. Bei dir. Doheem.
Dat also ass Léift, opeemol just nach eng Hallschent ze sinn an duebel esouvill Mënsch ewéi virdrun.

Quellen: Titel, Bild 1 an Bild 2

8 thoughts on “No Man Ever Loved”

  1. Klengen Grammaire-Tipp:
    Ech weess du wëlls richteg Lëtzebuergesch schreiwen an dofir hei just eng kleng Info zu engem Feeler, deen s de méchs. De Liaisoun-S, deen s du mat engem Apostroph un d’Wuert unhänks gëtt eigentlech fräistoend geschriwwen, sou wéi wann et e separat Wuert wier.
    D’Orthographie däerfs de selwer weider üben. ;)

  2. Merci! Ech froe mech all Kéiers, wéi ech deen “s” soll schreiwen, an de Spellchecker huet mer deen Apostroph net als falsch ugewisen.

  3. Eieiei, wat wäert dat eng Kéier en Drama ginn, falls déi Léift do net éiweg halen sollt …

    Wat ech der awer natierlech net wënschen!

  4. Dem Joël säi “Grommel!” kéint sou eng Zort Erkennungsmerkmal ginn, deen ee schreiwe kann, wann iergendeen e Kommentar bréngt, deen einfach nëmmen abstrus ass. Ech sinn dofir!

  5. Ech ginn fir eng Reaktioun an engem hypotheteschen Szenario vun enger Persoun jugéiert, déi mech net kennt. Herrlech. Ech weess schon, firwat ech bloggen. :D

  6. Hey, e bessen Zynismus wäert der jo nach aushalen ;)

    Thierry:

    A wann net, da kanns de main Comment jo läschen. A lo so nëmmen et wier komplett onrealistesch an sou engem Fall extrem Gefillsschwankungen unzehuelen oder virauszegesinn? Wann een SOU verléift ass wéi s du, dann ass een henno och emsou méi um Buedem zerstéiert am Fall wou et schief geet. Wat jo och nëmmen normal ass, wann grouss Gefiller am Spill sinn. Ween huet dat nach net erliewt?

    Natierlech muss et net sou sinn, mee die meescht Läit hu sou eppes wuel schon erliewt. Mee wéi gesot, ech wënschen der et sécher net!

    Däi Post huet just ze perfekt geklongen oder villäicht hunn ech en an engem schlechten Moment gelies ;)

  7. Firwat sollt ech dee Kommentar läsche wëllen, ech zenséieren net an ech hunn dat och mat Humor geholl. Natirlech sinn ech net esou bescheuert ze mengen d’Welt wier perfekt, dofir hunn ech schon zevill vun hier gesinn. Dass alles esou perfekt kléngt läit dorunner, dass et sech soll liesen ewéi een Liebesbréif. Et ass ee kreativt Wierk, wat dovunner der Réalitéit entsprécht geet de generelle Public verständlecherweis näischt un, mä ech hoffen et gefällt trotzdem.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *