Cardiff Bay Barrage

Wat mech un där Stad hei esou faszinéiert ass de Fait, dass ech och no véier Joer nach ëmmer net alles gesinn hunn. De Stau, deen de Cardiffer Hafe kreéiert, ass eng vun deene Plazen déi ech schon ëmmer wollt gesinn, awer ni erausfonnt hunn wéi ech dohinner kommen. Well ech spontan Spadséiergäng onheemlech gären hunn, sinn ech haut dann emol e bësse ronderemgetrëppelt, an hunn beim Senedd (dem wallisesche Regierungssëtz) ee Fousswee fonnt, dee laanscht d’Alexandra Dock bis un d’südlecht Enn vum Hafe féiert.
D’Konstruktioun hunn ech zimlech impressionant fonnt, a well haut esou schéint Wierder war, konnt een esouguer bis eriwwer an England gesinn (Weston-super-Mare läit géigeniwwer, fir genau ze sinn). Déi eng Säit Séisswaasser, déi aner Säit Salzwaasser ass e bësse surreal, mä do ze stoen, just d’Wellen ze héieren an déi Loft anzeootmen ass herrlech. Leider ass dat op Fotoen net anzefänken, mä hei trotzdem e puer Andréck vun enger Plaz wou et keng Touriste ginn a wou esouguer Jugendlecher laanscht d’Mier sëtzen ze fëschen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *