March 2010

Mozilla, oder: Gutt geklaut ass d’hallew Aarbecht

Et ass kee Geheimnis, dass ech Mozilla net kann ausstoen. Hier Produiten si schlecht bis miserabel, an déi éiweg Propaganda nervt mech genau sou vill ewéi de permanente Kampf tëscht PC a Mac. Wat se sech awer hei geleescht hunn, ass definitiv ënner aller Sau. Si kënnen sech jo elo probéieren schéin erausrieden, mä et ass a bleiwt eng absolut Frechheet.

… earlier today a friend linked me to Mozilla’s new JetPack design and my jaw dropped. The design goes well beyond imitation – they literally copied images straight off of our site. Maybe they thought we were open source, too? The best part of all of this is that we actually sent Mozilla a proposal for this same project.

Méi hei.

Oscar 2010

De Steve Martin an den Alec Baldwin woren net bombastesch, fir et fein auszedrécken. Un Prophète huet verluer. De Colin Farrell war witzeg. The Cove huet gewonnen. De Jeff Bridges war iwwerglécklech an huet säin Oscar wierklech verdéngt. D’Kirsten Stewart kritt emol net op der Bühn fir d’Oscaren déi geréngste Grëtz Enthusiasmus gefaked. De Film mam Sandra Bullock hunn ech net gesinn. Avatar hätt ausser Special Effects keen Oscar bräichten ze kréien. D’Sarah Jessica Parker gëtt effektiv vu Joer zu Joer nach méi ellen. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun den Oscaren huet eng Fra, d’Kathryn Bigelow, de Präis fir déi beschte Regisseurin gewonnen, an ech muss mer da lo wuel endlech och The Hurt Locker kucken. Ech fannen et schued, dass se duerch de Schluss gerannt sinn an den Tom Hanks just op d’Bühn koum fir d’Enveloppe mam beschte Film opzemaachen. Leit séier op d’Bühn, kuerz Ried, mässeg witzegt Schlusswuert vum Steve Martin, and done. Vläit sollt ech d’nächst Joer einfach schlofe goen.

Crazy Heart

De Bad Blake, gespillt vum Jeff Bridges, dee fir déi Roll fir en Oscar als beschte Schauspiller nominéiert ass, ass en ale Countrysänger, deen duerch d’Land zidd an kleng Concerte spillt. En huet zanter Joeren kee Lidd méi geschriwwen, lieft vum Whisky an Zigaretten, an ass rosen op säi fréiere Frënd Tommy, gespillt vum Colin Farrell, dee mëttlerweil Stadie fëllt. Duerch Zoufall awer léiert en eng vill méi jonk Journalistin kennen, gespillt vum Maggie Gyllenhaal, dat och fir en Oscar nominéiert ass, an déi en sech verléift, wouduercher den Bad sech erëm lues a lues zesummegerappt kritt.
Crazy Heart erfënnt d’Rad sécher net nei, et ass eng Geschicht déi mer schon honnert Mol virdru gesinn a gelies hunn – de Film baséiert um Buch vum Thomas Cobb – mä dem Jeff Bridges seng tour de force mécht et zu eppes Besonneschem. De Bridges an de Colin Farrell sange selwer – a gutt! – wat dem Film e besonnesche Charme gëtt. Obwuel ni direkt ugeschwat gëtt, wat tëscht deenen zwee virgefall ass, erkennt een als Zuschauer déi déif Frëndschaft an de grousse Respekt deen déi zwee eigentlech nach ëmmer vireneen empfannen, an déi lues awer sécher erëm d’Iwwerhand kritt. Et ass wonnerschéin, dem Jeff Bridges nozekucken, ewéi en sech lues a lues erëm opbaut, wéi en Courage erëmfënnt d’Liewen ouni Alkohol an Ugrëff ze huelen an wéi en sech lues a lues verännert. Et leeft net alles riicht, et ginn kleng a grouss Katastrofen, mä déi sinn alleguerten noutwenneg fir dem Blake seng Entwécklung.
Et ass ee Film, deen ee sollt gesinn hunn, well et vun de Schauspiller, der Cinematographie, der Szenerie, an dem Soundtrack (The Weary Kind, dat een och am Trailer héiert, ass fir en Oscar fir dat beschte Lidd nominéiert) hier extrem impressionant ass. Ausserdeem gesi verschidde Kamerastellungen aus ewéi ee gemooltent Bild, an ënnersträichen domatter androcksvoll ee wonnerbare Film.
De Jeff Bridges hätt huet deen Oscar definitiv verdéngt.

Cwm Rhondda

Andréck vun enger spontaner Wanderung duerch d’südlecht Enn vun de Rhondda Valleys (“kum ronnða”): Pontypridd, Trehafod, Llwyncelyn a Porth.

D’Reklamm vum Joer

Dat heiten ass ee Spot fir den ePad. Dat heiten ass ee Spot fir de britesche Fernsehsender E4 – eng genial Parodie op den iPad. Ech louch um Buedem vu Laachen ewéi ech déi virdrun op der Telé gesinn hunn.

The Lovely Bones

Liest d’Buch. Éischtens ass d’Geschicht besser – well komplett anescht – zweetens huet et keen esou bombastesch previsibel Peter Jackson-esque Schluss. Leit, déi d’LotR Trilogie kenne wëssen, wat de Peter Jackson upéckt, trieft dono nëmmen esou vu Pathos. An dat ass och hei erëm de Fall – et kënnt een sech bal fir ewéi wann den Jackson niewent engem stéing, prett engem an d’Akaul ze haen wann een net um Schluss pinscht ewéi ee klengt Kand. Dat Eenzegt wat gefält, sinn d’Effekter, awer nëmme wa keng Schauspiller ze gesi sinn, well bei all de Szene mat Schauspiller gesäit ee Blannen, dass d’Akteure virun enger grénger Mauer stinn. An dat ass einfach just nach lächerlech. Ee Plus ass allerdéngs d’schauspilleresch Leeschtung vum Saoirse Ronan, an ech freeë mech drop et an anere Rollen ze gesinn.

Fazit: muss een net gesinn hunn. Wierklech net.

Rainbows In A Teardrop

I have lived with a broken heart since she was bittersweet fifteen:
her sunshine scars and the metal bars never hid her beauty,
whether we were in Spain and Switzerland: I was just a dreamer.
There’s all these parts of my past that you now will never know:
the crushed tea leaves and your forty p are still lying here,
my phone’s not ringing anymore, not since.
You’re busy reaching for clouds with someone else,
and these pain killers stopped working after too many attempts.

I shall live with a broken heart until you’re a hundred and one and we
will long have created forsaken lives never to have crossed again.
I shall type words then still belonging to your heart and soul
while listening to the songs I remember you sing
and have a sad smile on my face to perhaps mirror the one on yours.
Because this broken heart is all I am and I can’t let it go:
what would I become without these shoulders bearing
the weight of life, love and everything lost, always…