Lueds du nach Musék erof, oder bass de scho pädophil?

Ee fir informéiert Leit net neien awer trotzdem interessanten Artikel iwwert d’Censilia gëtt et bei mengem léiwsten EU Députéierten, dem Christian Engström vun der Piratpartiet. Also deen MEP, deen den EU Parlamentarier endlech e bësse Verstand aboxt, an ënnert anerem dovunner iwwerzeegt huet sech géint den ACTA Traité ze stellen, duerch deen d’Welt ganz offiziell wäert Sklav vun den USA ginn.

”Child pornography is great,” the speaker at the podium declared enthusiastically. ”It is great because politicians understand child pornography. By playing that card, we can get them to act, and start blocking sites. And once they have done that, we can get them to start blocking file sharing sites”.

An Dänemark ass déi perfid Method vun der Industrie längst opgaangen:

Today, the file sharing site The Pirate Bay is blocked by all major Internet service providers in Denmark. The strategy explained by Mr. Schlüter worked as clockwork.

A wéi mer all wëssen, probéiert d’Cecilia Malmström Censilia dat zanter e puer Wochen europawäit duerch ze knuppen.

The big film and record companies want censorship of the net, and they are perfectly willing to cynically use child porn as an excuse to get it. All they needed was a politician who was prepared to do their bidding, without spending too much effort on checking facts, or reflecting on the wisdom of introducing censorship on the net.

Unfortunately they found one in the newly appointed Swedish EU commissioner Cecilia Malmström. In March 2010 she presented an EU directive to introduce filtering of the net, exactly along to the lines that Johan Schlüter was advocating in his speech at the seminar in 2007.

Wéi wéineg Intelligenz brauch een eigentlech, fir Politiker ze ginn?

Killer Strawberry

Et ass kee Geheimnis, dass ech London op den Doud net kann ausstoen. Verschidden Ecker vun der Stad gefalen mer awer trotzdem, zum Beispill The Lexington, wou ech Samschdes war, an och Camden, dat esou radikal anescht ass vum Recht vu London, dass een sech muenchmol muss drun erënneren a wéi enger Stad een ass.
Dat Schéint u Camden ass, dass et alternativ ass. Hei lafe frëndlech Punks ronderëm, Goths sëtzen tëscht Touristen op der Trap virum Wetherspoon’s, honnerte kleng Geschäfter verkafen all Méigleches vu Waasserpäifen iwwer Korsetter an Antiquitéiten bis hin zu T-Shirten mat mol, méi mol manner orignelle Spréch, während engem vun iwwerall Iessen an d’Gesiicht gehale gëtt vun Asiaten déi ee wëllen iwwerzeegen e puer Nuddelen ze kafen déi schon dräi Deeg opgewiermt ginn. Stellt iech d’Stater Braderie mat e puer zéngdausend Leit an iwwert déi fënneffach Fläch fir. Dotëschent ginn et, wann een sech drop aléisst – an wann een eng Grëtz Gedold huet, sollt een – richteg Pärelen.
Den Alan Burdett ass esou ee Fall. Am Camden Lock verkeeft hien selwer seng Créatiounen, ënnert dem Numm Killer Strawberry. Et ass ee klenge Stand um éischte Stack vun dësem alen Gebei, an wann ee net oppasst leeft een am Gewulls séier laanscht. Seng Zeechnungen ginn et als Print an als selwer gedréckten T-Shirten, nierwebäi verkeeft en och eng handvoll Stofftuten. Op senger Websäit ass leider nëmmen e Brochdeel vu sengen Zeechnungen – ënnert anerem déi Prints, déi ech mer kaf hunn, feelen – mä et ass trotzdem e Bléck wert fir Leit déi net grad zu London ronderem lafen.
Wat mech, nierwt sengen Zeechnungen déi mech wierklech uspriechen, esou begeeschtert ass de simple Fakt, dass een ka mam Kënschtler selwer schwätzen. Ee feine Kärel, deem een d’Begeeschterung fir seng Konscht direkt ofgesäit, an esou eppes fannen ech extrem sympathesch. An esou oft ech mer am Internet T-Shirten bestellen, engem Kënschtler direkt d’Suen an d’Hand ze ginn well een säi Wierk appreciéiert huet eppes Perséinleches dat wonnerbar ass.

It’s A Wonderful Afterlife

De neie Film vum Gurinder Chadha (Bend It Like Beckham) ass haut ugelaf: It’s A Wonderful Afterlife. D’Geschicht ass séier erzielt: d’Mrs Sethi (Shabana Azm) ass eng verzweifelt Mamm, déi hiert Meedchen Roopi (Goldy Notay) endlech wëll bestued gesinn an alleguerten déi Leit ermord, déi hier Duechter net wëllen verkuppelen (an duerch eng Rei absurd Akzidenter och eng hellewull aner Leit erleedegt). Dem Roopi seng bescht Frëndin Linda (Sally Hawkins / Happy-Go-Lucky) hëlleft der Saach net wierklech weider andeem et seng ustoend Hochzäit verkënnegt. Séier huet d’Police d’Famill am Verdacht eppes mat där brutaler Mordserie ze dinn ze hunn, déi den indesche Quartier vu London a Schrecke versetzt. Den DI Smythe (Mark Addy / Still Standing) schéckt den DS Murthy (Sendhil Ramamurthy / Heroes) undercover, well hien en ale Frënd vun der Famill ass. Well d’Mrs Sethi vun de Geeschter verfollegt gëtt déi eréischt nees reinkarnéiert ginn wann si stierft, maachen hier Opfer e Pakt mat hier: si hëllefen hier, e Mann fir hier Duechter ze fannen, an da bréngt si sech ëm.
De Film ass komplett iwwerdriwwen (ee vun den Geeschter leeft mat oppenen Bauch ronderem an am Laf vum Film fällt säi Gedärms ëmmer méi eraus). En zidd vum A-Team bis Horrofilmer alles duerch den Dreck, konzentréiert seng Parodie dobäi awer virun allem op Bollywood Filmer (déi hei net Weekends op engem RTL2 ausgestrahlt ginn, mä effektiv am Kino lafen). De Film zidd awer och extrem vill déi britesch Kultur duerch den Dreck. International dierft de Film et domatter schwéier hunn, well déi meescht herrlech Dialogen komplett un engem net-briteschen Publikum wäerten laanscht goen. Zum Beispill seet en Typ mat Colasglieser um Speeddating: “I can see a future for us.” Wouropshin ee Geescht mengt: “Should’ve gone to Specsavers.” Eng Szen, bei deem d’Leit sech hei am Kino gerullt hu vu Laachen.
Wien d’Chance huet de Film ze gesinn, an sech mat britescher Kultur auskennt, sollt dat onbedéngt maachen. (An nee, weder IMDb nach Utopolis hunn een Datum fir de Start zu Lëtzebuerg.) Et schued och defintitiv net, deen een oder anere Bollywoodfilm gesinn ze hunn, fir all déi Subtilitéiten z’appréciéieren. Et ass eng Parodie, an iwwer esou eppes laacht sech eben am Beschten wann een d’Original kennt.
Wann et hei Stäre géinge ginn, kréich en der 4 vu 5.

Taff Trail

Den Taff Trail, oder Taith Taf op wallisesch, ass ee Wanderwee vun knapp 90 Kilometer, deen vu Cardiff Bay duerch Südwales bis op Brecon a Mid-Wales féiert. De Numm kënnt dohier, dass de Wee gréisstendeels laanscht de Floss Taff féiert. Hei si Fotoe vum Gelli-Hirion Ystad bis Tongwynlais. Muenchmol féiert de Wee och Bierger erop, wou een zu Tongwynlais dann op d’Castell Coch (roud Schlass) trëfft. Doctor Who Fans kennen et als nürnbergescht Schlass aus der Episod Journey’s End, vu wou aus d’Welt soll zerstéiert ginn. Leider wor et schon zou wéi ech ukoum (et war eng spontan Wanderung), dofir ginn et keng Fotoe vu bannen. Déi kommen dann eng aner Kéier.

Treskilling Yellow

I can feel it breaking off, falling down
one splinter at a time.
Like snow flakes drowning
in a geyser my heart evaporates
and forever life and I part ways.
I’m holding my antique cigar boxes,
containing photographs or letters
not anymore, trapped
like the empty life of a coin
edged on paper
but never changed hands.
A love as unique as that Swedish stamp,
the same old story of once upon
but not of happily ever after,
a cautionary tale so much more
than a family album shown to
our child ever unborn.
It’s a new morning
and I love you
no more nor ever again.

Counting the Breaths

I can’t feel it now, moving down the street
covered in potholes, once pretty paper cups,
littered Lucozade and wafting weed.
I can’t feel anymore, moving down this street.

We’re trapped in emotional lockdown,
sat in our own little compartments of hell
with opal glass windows. Ain’t that swell.

I can’t feel it now, moving through the town
shooting darkness everywhere, melting metal poles,
small syringes and creating smiles nowhere.
I can’t feel anymore, moving through this town.

We’re living in a solid construction of apathy
built by insidious industrial engineers
with colourless eyes. Nobody perseveres.

I can’t feel it now, moving through the world
that’s greyed all the skies, blacked out each sunrise,
and threw my heart back at me, wasted and frayed.
I can’t feel anymore, moving through this world.

Thanatos

Sucked out into the empty space
towards the pearly gates of hell
where Hades awaits with
a glass of Penderyn, or Jacques,
maybe Lucid or a Graham Greene.

What if it costs only a memory,
any one of them, none in particular,
what if I could get in so easily.

Dragged across the purging fires
across the river Styx towards
nothing as exciting as love
but more enduring,
everlasting, this funny chord.

What if it costs only a dream,
that one from last night,
where everything was okay again.

My thoughts hear her ask
if I will be alright and one thing
is the only thing I know,
that I will not answer
that question, no, never.

What if it costs only a coin,
the one we threw with linked hands
into the wishing well.