“Mariette Zenners nackt”

Bäh. Wien tippt dann esou eppes bei Google an? An wisou land deen dann hei?

14 thoughts on ““Mariette Zenners nackt””

  1. Deepthroat, Nackt,… alles Wierder déi beo Google an d’Kategorie Sex flatteren. Wanns de sou Sachen schreiwfs kriss de dubiose Besuch. Daat muss der kloer sin. ;-)

  2. Joël:
    Google ass schiel. -.- Mech stéiert et amfong nach manner, dass deen hei land, ech weess dass Google eng komësch Manéier huet fir Wierder zesummen ze setzen. Mä wéi ee Rëffsak sicht iwwerhaapt no esou eppes?!

    Céline:
    Yes. Absolutely.

  3. Mann mann mann,ech wëll jo lieb und nett sein mee dat do sprengt grad main Virstellungsverméigen

    Thierry,du schreiws iwer Sex an Lëtzbuerg, do as wéi den Joël et schon seet dat ganzt guer net sou mat den Hoer erbai gezunn, Google mëcht do wéi mer wëssen jo keen intelligenten Tri

    an soss, oh Merde ech froen mech heinsdo firwat ech mengen do misst een nach konstruktiv Diskussiounen féiren…

    déi Présentatrice em déi et geet as eng Fra,hui, an déi gesait een all Dag op der Telé hui,an se as net aanescht wéi all déi aaner Fraen an Männer no deenen dir an mir sou sichen op Google

    op et lo as fir sech an sengem Kieper eng kleng Freed ze maan oder fir gudd domm an prétenziéis doriwer ze schwätzen wéi wonnerschéin an unantastbar se dach sin

  4. an ech betounen lo nach eng Kéier wéi schon sou oft: ech wëlll keng Polemik an net onbedengt direkt beleidegen mee ech wëll verstoen wat den Probleem as.

    ech checken et nämlech net, mëcht wichsen blann? daerf een Sex just hun wann een net driwer schwätzt? as et verwerflech dass iergendwelch Männer op dëser Welt eng Fra iwer 40 attraktiv fannen?

    ech sin mat mengem Latain heinsdo zimlech um Enn wann ech letzebuergesch Bloggs liesen….

  5. Ech gesinn schon en Ënnerscheed doranner, op een op YouPorn surft an op Google no plakege Fotoen vum Mariette Zenners sicht. Ech wëll net beurteelen, op déi Fra attraktiv ass oder net (ech perséinlech fannen se net schéin, mä sou eppes läit bekanntlech am A vum Betruechter). Ech froë mech ebe just, wat an engem sengem Kapp virgeet, deen esou eppes bei Google antippt. Ebe well déi Fra dagdeeglech op der Telé ze gesinn ass, an hiere Beruf (fir lëtzebuergesch Verhältnisser) professionell ausübt, si ass weder Erotikmodel nach Pornoduerstellerin – zu Lëtzebuerg gëtt et jo och keen FHM oder Playboy fir déi déi Fra sech kéinnt ausdoen. Natirlech ass et net verwerflech eng Fra iwwer 40 attraktiv ze fannen. Et ass och net verwerflech sech plakeg Fotoen vun esou Fraen unzekucken. Also géing et sech, wann ee plakeg Fotoen vun där Fra kéinnt fannen, em Montagen handelen. An esou eppes fannen ech dann dach e bëssen ofstoussend. Dat fannen aner Leit vläit net ofstoussend mä: my blog is my castle, an ech schreiwen hei wat ech wëll. Dat gefällt vläit net, mä ech sot et schon e puer mol: et ass mir ganz egal wann Leit net méi wëlle matliese well et hinnen net gefällt. Ech schreiwe fir mech a fir mech aleng. (Ech hunn iwwregens grad festgestallt, dass mäi Blog dat eenzegt Resultat ass fir déi Suchufro op Google.lu, vläit sollt ech eng Erotikgallerie aféieren. Hehe.)

    Mécht wichse blann? Pff. Just, well ech net permanent vu Pornoen a Masturbéiere schwätzen, mécht dat mech net prüd. Ech fannen intellektuel Diskussioune just méi berauschend. An ech deelen do och duerchaus dem Céline seng Meenung, dass Sex eppes Privates ass, dat net an d’Öffentlechkeet gehéiert. Ech wëll weder dass ausser menger Frëndin een eppes iwwert mäi Sexliewe weess, nach wëll ech iergendeppes iwwer d’Sexliewen vun anere Leit wëssen. Natirlech kann ee mir soen, ech géing hei och iwwer Sex schreiwen, mä dat ass logëscherweis kreativt Schreiwen. Ech kéim ni am Liewen op d’Idee iwwer mäi Sexliewen ze bloggen.

    Wat wëlls de dann vun lëtzebuergesche Blogger? Dass se alleguerten penisgestéiert, respektiv vaginagestéiert iwwert hiere läschte Quickie schreiwen?

  6. ech stëmmen deem zou wats de iwer d’Fotomontage an d’Présentatrice schreiws. Dat beliicht dain Kommentar och aanescht. Mee dann bezeechent een dat och éischter als “domm” dass deenjéinegen no soueppes sicht an net an éischter Linn als “rëffeg” oder “disgusting”

    ( Wéi gesot,et geet mer em den Message an dengem Post an dem Kommentar)

    Dierf ech eng Kéier sou an d’Ronn froen op déi aaner deen Post als Kritikpunkt um “unlogischen Suchbegriff” interprétéiert hun?

    Et wier Mumpitz an ech wëll och guer net probéiren iergendengem sain Blog-castle zu stiermen.
    Mir wëssen just och all,also all déi déi bloggen,dass mer vun Zait zu Zait gelies gin, och wann mer (ënner aanrem) fir eis selwer schreiwen,mir wëssen dass mer verstannen gin oder eben och mëssverstaanen gin.
    Ech perséinlech fannen et gudd wann do Diskussiounen entstinn sierf et opgrond vu Sympathie oder och vu Mëssverständnisser.
    Ech akzeptéiren awer och wann Leit dat net wëllen, ech muss et just wëssen, dann kommentéiren ech net an stellen keng Froen. (Obwuel ech dat nach emmer onlogesch fannen bei sou pseudoliterarëschen Ergëss déi am Internet stin)

    Mee wéi gesot ech akzeptéiren d’Hausreegelen vum Blogger !wann en mer se matdeelt!

    Dat hei as vlait eng gudd Situatioun fir dat mol kloer ze stellen: Déi Leit déi fannen dass ech anscheinend ze intim bloggen hun wahrscheinlech nach net gemiekt, dass sech 74 Posts op mengem Site befannen,ech wees dat sin der am Géigensaatz zu aanren Bloggs net vill, mee ech soen just: et konzentréiert een sech oft ob dat wat am Bequemsten as.Reng thematesch sin vill aaner Saachen drop,mee déi Posts sin wahrscheinlech ze laang an et sin net genuch Biller dotescht.

    t sin genau 20 Baitreeg mat der Kategorie Sex verzeechent (t gin waitaus méi Baiträg déi mat aanren Kategorien verbonnen sin) , dovunn hun 95% eppes mat Thema Sexualitéit ze dinn an naischt mat mir als Persoun oder mengem achsoheiligen Sexualliewen an fir de Recht wees ech net op ech mer fir déi rechtlech éierlech Bemiekungen iwer sougenannten “Gelüste” lo muss iergendeng Argumentatioun bastlen an behaapten et wier kreativt Schreiwen oder einfach behaapten muss et wier Fiktioun.

    Wat d’Lieser intresséiert an wat net,bleiwt wuel hinnen iwerloos,ech fannen et just witzeg wéi skandaléis dat Thema anscheinend as. An wéi affrontéiert an iwerdréit sech driwer opgereegt gët.

    An nach méi witzeg as,dass de deen zweeten bas deen mengt ech geng em ennerstellen en wier prüd,wou géiw ech mer dat Recht dann hierhuelen?Dofir kenne mer eis net genuch,dat geet mech naischt un an di herrlech Pointe as: Dorëm geet et net.

    Ech war schockéiert wou ech dat hei gelies hun (an ech sin duerch Zoufall drop gestouss,ech hun virdrun aaner méi laang Posts vun dir gelies) an hun mech gefrot wou d’Schwieregkeet lait an wéi een bei souengem Post eng berauschend intellektuell Diskussioun soll ufänken.

    Dat huet sech jo lo opgeklärt,t soll anscheinend en Mëssverständnis gewiescht sin, ech verbidden mer just Beleidegungen,ech hun och keen beleidegt,ech hun e puer Froen gestallt.

    An fir op déi läscht Fro ze äntwren: ech wëll naischt vun den letzebuergeschen Blogger an ech erwaarden mer och naischt, ech haat déi topesch Illusioun vun usaatzweis diplomateschen an konstruktiven Posts an Diskussiounen,mee wéi et schengt as een opmannst zu Lëtzbuerg entweder en “Grommel!”,en Troll oder et muss engem den Aaschlecken.

    Hoch lebe die Grauzone son ech just

  7. Fir ewech: a gudder Joël A. Traditioun ass een eréischt Blogger, wann een eng Kéier sou richteg schéin ugegraff gouf. Et gëtt vill gebillt awer ni gebass. Fro de Chris. Mir haten där “Sträitgespréicher” ewéi där heiter schon zimlech vill. :)

    Ech muss jo – dat ass halt mäi Recht als Blogger a mengem Blog – net ëmmer alles erklären. Ech jäizen gären muenchmol einfach emol Saachen eraus ouni ze soen, wat ech mer elo genau dobäi denken. Da ginn ech eben oft als ondiplomatesch bezeechent, d’Leit ignoréieren et einfach, oder kënnt iergendee Kommentar deen de Geck mat mer mécht. Ech fannen dat alles okay. Muenchmol ass et mir eben net dono mech z’erklären, an ech wëll einfach ee Gedanken festhalen. An deem Sënn ass et mir natirlech och duerchaus bewosst, dass ech mëssverstane kann ginn. Nëmmen, mech intresséiert dat meeschtens net esou groussarteg. Ech leenen eng Diskussioun net of, mä et ass mer och egal wann bei esou kuerzen Gedanke keng Diskussioun entsteet. Wann d’Leit sech dann denken: wat en Aarsch, da sollen se dat denken. Déi mannst déi hei liesen, kennen mech am richtege Liewen. An ech hoffe jo mol, dass ech do net als Aarsch eriwwer kommen. Oder?

    Och wann ech fir mech selwer schreiwen, fannen ech Diskussiounen awer flott. Ech wollt och net soen, dass ech keng Diskussioune wëll. Ech wollt just soen, dass deen Gedanken zum Suchbegrëff meng Meenung ass, an wien sech doropshin denkt “ech liesen lo net méi hei mat”, deen probéieren ech och net mat méi “braven” Artikelen heizehalen. Natirlech steet et Leit fräi ze kommentéieren, soss hätt ech d’Kommentarfunktioun ausgeschalt.

    Ech wollt net behaapten, du géings just iwwer Sex schreiwen. Du bass awer – esouwäit ech dat ka beurteelen – dee Blogger vun eis, deen am meeschten doriwwer schreiwt. Ech géing dech nimols dorop begrenzen, an, jo, déi läscht Fro war e bësse Provokatioun. Ech hunn beim Saz, dass de mam Latäin um Enn wiers, just mussen un déi Diskussioun denken déis de mam Céline haas. Mir kennen eis jo och am richtege Liewen, an ech géing der ni am Eescht ënnerstellen, du wiers esou iwwerflächlech.

    Et ginn iwwregens nach esou kuerz Artikelen, wou ech bewosst polariséieren. Ech nennen d’EU Kommissarer zum Beispill eng Kéier alleguerten Aarschlächer.

    Wann ech d’nächste Kéier zu Lëtzebuerg sinn, spendéieren ech der en Gin Tonic am Tube. :)

  8. Et ass een Blogger_in, esoubal een e Blog huet. Fäerdeg.
    Dat et am lëtzebuergeschen Blogklumpen anscheinend ëmmer iergendwellech Opnahmeritualer ginn, läit villäicht dorunner, dat den Geescht vum Scoutism am Grand-Duché esou verbreet ass.

    Natierlech huet den Thierry d’Recht, Leit déi no “Mariette Zenners nackt” sichen, blöd oder ruppeg ze fannen an déi Meenung ëffentlech op sengem Blog ze verbreeden. D’grinsekatze huet awer genee esou d’Recht, dat sengersäits blöd ze fannen an dat ze kommentéieren. Esou wäit, esou kloer.

    Ween kuerz recherchéiert, gesäit, dat et wierklech esou Siten/Foren mat Fotoen vun der Madame Zenners gëtt, ob elo Montagen oder richteger, esou wäit war mäi Wëllen, dat ze recherchéieren, dach awer net. Ob Leit, déi no “Mariette Zenners nackt” sichen, elo wierklech esou Fotoen wëlle gesinn oder just gelangweilt/virwetzeg sinn (oder esouguer d’Mariette Zenners selwer sinn!) Vun dohier ass d’Fro, wisou no esou eppes gesicht gëtt, sécherlech valid, Leit virzeverurtelen awer villäicht net ubruecht. Wéi bewosst esou Polariséirungen passéieren, ass awer och net ëmmer op den éischte Bléck kloer.

    Ausserdeem gëtt oder gouf et eng bloggend Telefonsexanbieterin aus Lëtzebuerg, bei där sécherlech méi wéi een Véirel vun den Posts ëm Sex gaange sinn. (Ech wollt lo mech selwer an de Raum stelle, leider kommen ech prozentual e bëssen schlecht wech: 0,2 % vu menge Posts enthalen d’Wuert “Sex”) Vun dohier ass d’grinsekatze sécherlech net dat eenzegt an och net dat, wat am meeschten iwwer Sex schreift.

  9. (Ah merde. De Saatz sollt natierlech “Ob Leit, déi no “Mariette Zenners nackt” sichen, elo wierklech esou Fotoen wëlle gesinn oder just gelangweilt/virwëtzeg sinn (oder esouguer d’Mariette Zenners selwer sinn!), ass net kloer a kann och net novollzunn ginn” sinn.)

  10. > mee wéi et schengt as een opmannst zu Lëtzbuerg entweder en “Grommel!”,en Troll oder et muss engem den Aaschlecken.

    Lo ass ‘Grommel!’ schon eng eegen Kategorie ginn? ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *