Tri

“Mir debattéieren dat grad”, seet hatt während et nach eng Kéier d’Dessertskaart liest. D’Serveuse freet, ob mer iergendeng Preferenz hätten. D’Kéistaarte gesi gutt aus, mä mir kréien eis net fir eng décidéiert. D’Serveuse geet se duerch, eng no der anerer, déi hei ass méi séiss, déi hei ass mat Mango, déi do ass mat Schokla. Fir éierlech ze sinn: déi ganz Lëscht kléngt gutt, ob si eis kéint eng emfeelen, froen ech. Si nennt déi mat Mango an déi mat Schokla. “Mir ass et egal”, seet d’Meedchen, “decidéier du”. Et ass him net egal, natierlech net. Hatt huet längst entscheet wéi eng et wëll. Ech si mer onsécher, ob et wëll fei sinn oder ob et mech wëll testen. Esou oder sou: ech weess, dass et d’Kéistaart mat Mango wëll. Wouhier déi Sécherheet kënnt ass mer net esou ganz kloer, et ass e Gefill vill méi ewéi ee Wëssen. Villäicht huet mäin Ënnerbewosstsäin eng Reaktioun registréiert ewéi d’Serveuse vun där Taart geschwat huet.
D’Serveuse bréngt eis ee Stéck mat zwee Läffelen. Ech erënnere mech nees: esou fillt dat sech un wann ee vu frieme Leit als Koppel erkannt gëtt. Ewéi wann ee fir d’éischte Kéier a sengem Liewe wierklech géing wouer geholl ginn, esou ewéi een ass, déif bannendran, als déi Persoun déi ee selwer am Spigel gesäit moies, nach am Hallefschlof, onraséiert, awer reng iergendwéi.
En Dessert deelen ass villäicht dat Romanteschst dat ee ka maachen. Jiddwereen a senger eegener klenger Welt, gedeelt duerch een Dësch, d’Taart als Bréck, physesch a psychesch, zur Erschafung vun enger gemeinsamer Welt: déi selwecht Erfahrung, zur selwechter Zäit, ënnert anere Mënschen déi weder e Recht hunn an déi Welt anzebriechen nach dat mat aller Kraaft vun der Welt iwwerhaapt kéinten.
Gooduh Appuhteet, seet hatt, während et dat éischt Stéck ofschneid. Et ass säi lëtzebuergesche Saz vum Dag – iergendwann si mer d’Fluchwierder ausgaangen, an hatt wollt aner Saache léieren. D’Betounung ass holpreg muenchmol, mä dat ass normal. Firwat et elo verbesseren, dat geet och déi nächste Kéier. Mir schmëlzt d’Häerz souwisou ze vill, ewéi hatt probéiert meng Sprooch ze léieren. Am Léifste géing ech et all Kéiers drécken, well alles a mer jäizt: hatt ass esou léif! “Hör auf von meinem Teil zu essen”, soen ech doudserieux während ech op den Teller kucken. Da kucken ech hatt a schléissen de Saz mat sengem Kosenumm of. “You little bugger”, grinst et a schléit mech widdert den Aarm.
D’Serveuse kuckt vun der Kees aus mat engem Laachen um Gesicht no ewéi ech dem Meedchen d’Jackett undinn. Ech mengen, Kavaléiertum ass doud hei. Ech fannen dat schued: et huet e gewësse Charme e Stull dohin ze halen, d’Dier opzemaachen, um Trottoir op der Stroossesäit ze trëppelen. Gëtt et eng méi schéi Méiglechkeet säin déifste Respekt ze weisen?
Mir ginn net direkt heem nom Restaurant. Et ass eng stärekloer Nuecht, d’Diskoe sinn nach zou an d’Caféen nach op. Duerch déi roueg Stroossen ze trëppelen ass ewéi de perfekten Ofschloss fir dësen Owend. D’Stëll vun der Nuecht huet eppes, dat sech schwéier a Wierder faasse léisst. An zu zwee keng Wierder dofir fannen ass e wonnerschéint Gefill.

2 thoughts on “Tri”

  1. Schéin, wann ee sech och kulinaresch op enger Wellelängt befënnt. (Vläicht sti Romanzen tëscht Salzeg a Séiss vu vir eran ënner engem schlechte Stär.)

    A propos op: Du hues dat Wuert direkt e puermol am Ufank geschriwwen, hues dem Kontext no awer ob gemengt. Dat ass e Feeler, dee mir relativ oft a lëtzebuergeschen Texter opfällt, an et ass eppes wat de Spellchecker leider net erausfanne kann.

  2. Ech hunn mer déi Fro amfong nach ni gestallt, ewéi wichteg et ass kulinaresch op enger Wellelängt ze sinn. Mä jo, mir sinn. Gréisstendeels jiddefalls. :)

    Argh, jo, stëmmt natierlech! Ech hunn et verbessert. Merci. Ech maachen dee Feeler zimlech oft, zumools wou ech mech an der Läscht méi domatter befaasst hunn déi nerveg Eifeler Regel an de Kapp ze kréien.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *