Friends.se

Eng ganz Rei gutt gemaachte Spots vun der schwedescher Kampagn Friends.se géint Mobbing. Besonnesch inspiréiert fannen ech de Spot géint d’Virurteeler géigeniwwer Routhäregen – mir war guer net bewosst, dass dat och a Schweden e Problem ass, ech duercht dat wier virun allem e briteschen Brennpunkt – an deen iwwert online Mobbing. Am meeschten awer gefällt mer d’Emsetzung vun der folgender Idee (d’Wierder am Ufank si logëscherweis Beleidegungen, wéi zum Beispill ful wat ellen heescht, an hej ass schwedesch fir Moien). De Slogan um Enn heescht iwwersat: “Mr brénge Schüler bäi mat Mobbing opzehalen.”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *