Taff Trail

Den Taff Trail, oder Taith Taf op wallisesch, ass ee Wanderwee vun knapp 90 Kilometer, deen vu Cardiff Bay duerch Südwales bis op Brecon a Mid-Wales féiert. De Numm kënnt dohier, dass de Wee gréisstendeels laanscht de Floss Taff féiert. Hei si Fotoe vum Gelli-Hirion Ystad bis Tongwynlais. Muenchmol féiert de Wee och Bierger erop, wou een zu Tongwynlais dann op d’Castell Coch (roud Schlass) trëfft. Doctor Who Fans kennen et als nürnbergescht Schlass aus der Episod Journey’s End, vu wou aus d’Welt soll zerstéiert ginn. Leider wor et schon zou wéi ech ukoum (et war eng spontan Wanderung), dofir ginn et keng Fotoe vu bannen. Déi kommen dann eng aner Kéier.

4 thoughts on “Taff Trail”

  1. Eng Fernwanderung war et amfong net. Ech wunnen direkt um Floss an domatter beim Wee, an ech war och innerhalb vun zwou Stonnen erëm heiheem. :)

  2. Vum Text hier kéint een wuel mengen, du häss déi ganz 90 km gemaach. Wann s de elo sees, déi wierklech an zwou Stonne gemaach ze hunn, halen d’Leit och ob, Saachen an der éischter Persoun als “wat den realen Thierry mëscht” ze gesinn ;-)

  3. Do steet jo awer, dass et nëmmen vum Gelli-Hirion Ystad bis Tongwynlais ass. :) Ech mengen, ech sinn eng 14 Kilometer gaangen, mä ech sinn bis den Gelli-Hirion Ystad och net iwwert den Taff Trail gaangen, mä duerch Hawthorn well ech eigentlech wollt an de Supermarché (zu Hawthorn steet de BBC Studio an deem den TARDIS ass, an do ass d’Strooss an där d’Donna wunnt – fir all iech komësch Geeks).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *