Pump

Ech fille mech ewéi wann ech nees e Kand wier. Hatt pecht mer eng Klett un den T-Shirt a laacht. Déi leschte Kéier ewéi ech mat där Planz gespillt hunn, hunn ech och nach missen Hänn halen an hunn haart mir gi spazéieren, déi aner musse léieren matgesongen.
Iergendwou am Hannergrond héieren ech Autoen laanscht fueren, et ass genau esouvill Bësch tëscht eis an der Strooss dass mer se just net méi gesi kënnen. Laanscht de Wee stinn e puer Maschinen, fir sech ze dehnen an d’Muskelen opzewiermen. Pedallen, e puer Staangen, Biller déi eis erklären wéi dat alles funktionéiert. Hatt leeft drop duer a rifft voller Freed dass Spiller musse gespillt ginn, a spréngt op déi éischt Apparatur. Ech huelen e puer Fotoen vun em a freeë mech. Iergendwann virun e puer Méint huet mäi fréiere Matbewunner eng Kéier gemengt gehat, mir wieren de komplette Géigendeel vun eneen: hatt voller Liewensfreed an ech de Melancholiker. Ech mengen, e bësse fierwt hatt op mech of. Esoueppes ass normal – mä ewéi oft kritt een déi Subtilitéiten vun zweschemënschlechem Kontakt scho bewosst mat.
Mir trëppelen iwwert eng Foussbréck an kommen an engem Park un, wou mer eng Paus aleeën. Dat Trauregt dorun, een anere Mënsch op eemol esou gären ze hunn ass d’Tatsaach, dass een esou vill am Liewen vun deem anere Mënsch verpasst huet. Keng Fotoen an Anekdoten kënnen dat Gefill, dass esou vill Joeren vun deem Aneren an der eegener Erënnerung feelen, erëm gudd maachen. Hatt erzielt mer vu sengem léiwsten Hausdéier, dat leider scho viru Joeren gestuerwen ass, an dat esou geheescht huet ewéi meng éischt Joffer an der Primärschoul, vun der Arbëscht vu sengem Papp, vu sengem Haus an dem Gaart – muenches hunn ech schon e puer Mol héieren, ech hu Fotoen gesinn, mä dat ass irrelevant. Hatt kéinnt mer op éiweg déi selwecht Geschicht erzielen bis alles eriwwer ass, an ech géing nolauschteren an der Hoffnung, dass et enges Dags a mengem Kapp esou ausgesäit ewéi wann ech hatt schon deemols kannt hätt, well ech an all menger Dankbarkeet nach ëmmer net weess, woumatter ech säi Laachen a seng Emarmungen verdéngt hunn.
Ech wëll dech ni verléieren, soen ech op lëtzebuergesch a weigere mech et z’iwwersetzen. Owes stinn ech op der Gare a kucken dem Zuch no, deen et grad geholl huet fir bei eng Frëndin ze fueren, a schécken em eng SMS mat der Iwwersetzung.

Luther

Eis nei Lieblingsserie op BBC One. Psychological Crime Thriller mam Idris Elba (The Wire) als DCI John Luther, dem Ruth Wilson (The Prisoner) als seng héich intelligent awer total pervertéiert an emotiounslos Nemesis Alice Morgan, an dem Indira Varma (Torchwood) als seng (Ex) Fra Zoe Luther. Dräi Episode vun der éischter Staffel si scho gelaf, dräi Folge kommen nach (all Dënnschdeg um 21 Auer, mä woufir gëtt et iPlayer).
Wa Luther sech weiderhin esou konstant steigert gëtt et nach bombastesch, well et stellt elo schon bal alles an de Schied. Esou eng intelligent geschriwwen an aussergewéinlech gefilmte Serie hunn ech scho laang net méi gesinn. D’Dialogen sinn exzellent an héich intensiv. D’Charakteren sinn ëmmer nëmmen en klengen Deel vum Bild – den Hannergrond verschléckt se an de meeschten Szenen, wat déi existentiell Kämpf vun de Charakteren ënnerteneen a mat sech selwer enorm gutt ennersträicht.
Un all iech immigréiert Lëtzebuerger: onbedéngt kucken!

Lost

Lo wäert jo endlech kee méi domatter nerven. Scho verdammt einfallslos déi selwecht Erklärung ze ginn fir alles ewéi bei Ashes to Ashes – déi vun der éischter Episod u geplangt war a sech iwwer fënnef Joer fulminant opgebaut huet, an net eréischt an de läschten Staffelen an totaler Panik zesummegewierfelt gouf.

A Week of Music: Hanson

Fir vill Leit ass Hanson nach ëmmer déi 90er Band, déi d’Charts mat Mmmbop gestiermt hunn. Dono hunn se nach e Chrëschtdagsalbum erausginn an de Flopp This Time Around (e Flopp well de Label mat Island Def Jam fusionéiert huet, an keng Reklamm fir den Album gemaach huet), an si hunn dat gemaach wat haut all Band mécht, déi eppes op sech hält: si hunn hiere Label verlooss, an hieren eegenen gegrënnt, 3CG Records – eng Ofkierzung fir 3 Car Garage, hier Garage déi se an ee Studio emgebaut hunn. An zanterhier maachen déi dräi verdammt gudden Indiepop. Hiere neien, aachten, Album, Shout it Out kënnt am Juni eraus. Hei ass déi éischt Single Thinking ’bout Somethin, mat enger Blues Brothers Homage.

A Week of Music: Aqualung

Mir bleiwen zur Ofwiesslung op der Insel: de Matt Hales mécht ënnert dem Kënschtlernumm Aqualung zanter 2002 Musék, an gouf dank enger VW Reklamm bekannt, well säi Lidd Strange and Beautiful dofir benotzt gouf. Seng Musék héiert een zanterhier regelméisseg an amerikanesche Serien wéi The OC, Gossip Girl, Borthers and Sisters a Scrubs, fir der nëmmen e puer ze nennen. Säi sechsten Album koum am Abrëll eraus, an dréit den Title Magnetic North. Leider hunn ech néierens en offizielle Video fir déi éischt Single dorauser fonnt, New Friend, dowéinst dann hei en Doctor Who Fanvideo. Dat gëtt mir dann och emol d’Chance z’erwähnen, dass d’Amy an den 11. Dokter bei wäitem dat beschten Doctor/Companion Team bis ewell ass. Iwwerhaapt: a sechs Stonnen endlech déi nächst Folg. BBC One ftw.

Mä firdéischt emol Musék:

A Week of Music: Familjen

Wou kéime mer hin, wann et keng schwedesch Musék géing an dëser Serie ginn. De Johan T Karlsson, aus dem Land mat der groussartegster Musék vun der Welt, mécht ënnert dem Kënschtlernumm Familjen allerfeinsten Electropop. Dräi Albumer ginn et mëttlerweil vun em, an och op sengem 2010er Album Mänskligheten séngt en seng Lidder nees op Skånska (en ass aus der Provënz Hässleholm), een ostdäneschen Dialekt, deen awer och oft als südschwedeschen Dialekt ugesi gëtt. Erfierhiewenswäert si virun allem seng Zesummenarbéchten mam Ninsun Poli um aktuellen Album. Hei ass déi exzellent Single När Planeterna Stannat vu senger aktueller LP.

A Week of Music: The National

Haut (dat behaapten ech nëmmen esou well et ass en automatiséierte Post, eigentlech ass et nach gëschter, mä muer sinn ech mam Meechen wanderen¹) geet et zur Ofwiesslung emol gen Westen fir musékalesch Ënnerhalung. The National ass eng New Yorker Formatioun, déi 1999 (do hat ech meng éischt Frëndin, fuck ech ginn al) zu Ohio gegrënnt gouf. Wat mech bei dëser Grupp virun allem usprécht ass dem Matt Berninger seng Bariton Stëmm, déi d’Band aus deem Sumpf un Indiebands wierklech erfir stierche léisst. Hei ass Fake Empire vun hierem 2007er Album Boxer.

¹ Dat liest sech bal wéi eng schlecht Zäitreesepisod aus Star Trek: Voyager. Verdammt, sinn ech cool.