Pedwar

Hatt steet am Hallefdäischtere viru mer an där künstlecher Höhl, déi esou soll ausgesinn ewéi wa se aus der Steenzäit wier, a kuckt de Mammut un, dee mat enger onheemlecher Beweegung ëmmer nees seng riseg Zänn Richtung Visiteur schwenkt. Et fillt sech un ewéi dat no deem de Faust gesicht huet an wat de Mephisto him ni ginn huet – mir sti virun enger ausgestuerwener Spezies, iergendwann si mir dat villäicht och an dat ass een demütegende Gedanken – an ech brauch op eemol näischt anescht méi op der Welt ewéi dëse Moment. Déi douce Luucht hëlt ëm näischt ewech vu senger Schéinheet: de Schied heemelt säi Gesiicht an d’Fonkelen a sengen Aan fillt sech un ewéi e Liichttuerm un deem mäin Häerz sech kann orientéiere. Ech sinn am fräie Fall duerch d’Äonen, a wat ass schon en Ausstierwe wann een Ablack Existenz sech ufillt ewéi d’Éiwegkeet.
Am nächste Raum leeft eng Videoprojektioun iwwer Vulkaner, mat – esou wäit mäi wallisesch et mer erlaabt – Erklärungen iwwert d’Äerdplacken déi virun e puer Millioune Joere gebrach sinn an d’Bierger vu Snowdonia a Midwales geformt hunn. D’Biller si beandrockend, och no all den Opname vum Eyjafjallajökull. Ech kréien net direkt mat wien soss nach am Raum ass, et gëtt keng Luucht ausser där vun der Leinwand, bis d’Meedche mech stupst. Nieft him sëtzen zwee kleng Bouwen, déi mat groussen Aen d’Explosioune bestaunen, an all Kéiers “kabumm” soen wann erëm gigantesch Äschewolléken an den Himmel gespaut ginn. Ech gesinn hatt viru mengen A schmëlzen, ech fillen et meng Hand drécken, “oooh wéi léif” flüstert et an a senger Stëmm läit eng Sehnsucht déi iwwert alles erausgeet dat ech jemols héieren hunn.
Mir paken den zweeteelste Stee vun der Welt un, bal véier Milliarde Joer ass en al, an den eelste Steen aus Wales, ëmmerhin nach 700 Millioune Joer. Et leie vill Fossilië ronderëm, vun Déieren déi et scho laang net méi ginn, oder déi sech weiderentwéckelt hunn an haut ënnert anerer Form existéieren.
“Enges Daags sinn eis Iwwerreschter villäicht och an engem Musée, an iergendeng aner Spezies freet sech wéi eis Liewe wuel ausgesinn hunn,” soen ech während mer laanscht en Dinosaurier vun dräizéng Meter Längt trëppelen.
“Villäicht,” änwert hatt, “a wann, hoffen ech déi Spezies weess och wat Léift ass.”
Ech huelen et an den Aarm an drécken em e Kuss op de Bak. Soll d’Welt sech roueg weiderdréien a veränneren – ech hunn d’Éiwegkeet.

2 thoughts on “Pedwar”

  1. Gutt geschriwwen awer mir perséinlech nees ze séisselzech. Mee bon, ass halt affaire de gout huelen ech un ;)

  2. Merci. :) A no mëttlerweil fënnef Texter dierft jo awer opgefall sinn, dass et an där Serie hei ëm Gesäusels geet. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *