Walen

Ech souz mat menge Matbewunner an dem Meedche virun der Këscht an hunn d’Alternative Election Night gekuckt, wou de Countdown bis 22 Auer gezielt gouf an esoubal et esouwäit war, déi dräi Haaptkandidaten ënnert anerem als “fuckwits” bezeechent goufen.
D’M. huet sech opgereegt, dass ee wéinst deem houre Juncker jo emol net méi Lëtzebuerg kéinnt als Flucht huelen, während ech schwedesche Cider gedronk hunn a mat menge Matbewunner ugefaang hu Pläng ze schmieden an Neuseeland ze plënneren, well se do jo sou ultrafortschrëttlech sinn. Mä och wa mer elo een hung parliament hunn, et ass dat geréngert Iwwel géigeniwwer enger absoluter Tory Majoritéit. Dass ausgerechent hei Constituencies ewéi Port Talbot un d’Conservatives gefall si mécht mer trotzdem e bëssen Angscht, well et do extrem vill Armut an iwwerhaapt kee Mëttelstand gëtt. Ech bleiwen awer dobäi: mir ass alles léiwer ewéi de Juncker. Och ee PM Cameron.
An am Géigesaz zum Juncker senger Ried e Mëttwoch, déi ech emol net ganz duerchgestanen hunn, hunn déi heite Walen sech ugefillt ewéi wann se mech wierklech géinge betreffen, wat mengem Brudder wuel och esou geet.
Wéi de Steve Punt sot: mir waarde mol nach bis Oktober, ier mer den Jingle fir d’Vote Now Show ewech geheien.

6 thoughts on “Walen”

  1. Houeren Ikea huet de Kopparberg aus dem Geschäft gehäit a bidd lo säin eegenen Dréck un. Dee war sou gudd! Gëtt et kee schwedescht Geschäft zu Lëtzebuerg, dat deen huet?

  2. Ech hu mat méngem Noper am Eurostar d’Interviews op BBC gekuckt :) Deen huet mer och erklärt dass et zimmlech blöd war dass ech méng Dollars d’lescht Woch an Pond ëmgeandelt hun.
    Ech hat och schons gefaart hei géifen d’Leit elo mat Fakelen a Mëschtgafelen duerch d’Stroosse laafen mee nix da.

  3. Pa:
    Ech weess net, op een et iergendwou zu Lëtzebuerg kritt… Ech hoffen ech fannen eng Plaz wann ech am Summer do sinn. Mir schmaacht awer och net all Art, Pear an Summer Fruits ass net sou menges. Mä ech kéinnt vum Elderflower&Lime an dem Mixed Fruits liewen. :D

    Gloda:
    Hehe. Wéi se hei ugefaangen hunn Cardiff North nees frësch ze zielen hat ech och gemengt d’Stroossen géingen gläich a Flamen opgoen.

  4. Obwuel ech da muss soen, dass ech dem Juncker séng Ried ganz gelauschtert haat, stemmt et schon dass mech déi hei Wahlen extrem matgeholl hunn. Dat léit op der enger Säit natiirlech drun dass déi Wahlen jo wuel “alles” haaten waat een sech nemmen denke/erdreeme konnt, an op der aanerer Säit hunn ech de Nick Clegg jo eigentlech schons direkt, nodeems hien de Leader vu sénger Partei gouf, gudd fonnt gehaat, also wéi vill Briten let alone Europäer hien iwwerhaapt kannt hunn.
    An da kennt nach de Faite dobäi dass een bannend 24 Stonnen 2 Mol eng ferm drop kritt. Eng Kéier vun der lëtzebuerger “Regierung” an deno dann mat enger Wahlvictoire fir Tuition-Fees-Tories. -.-

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *