Lost

Lo wäert jo endlech kee méi domatter nerven. Scho verdammt einfallslos déi selwecht Erklärung ze ginn fir alles ewéi bei Ashes to Ashes – déi vun der éischter Episod u geplangt war a sech iwwer fënnef Joer fulminant opgebaut huet, an net eréischt an de läschten Staffelen an totaler Panik zesummegewierfelt gouf.

11 thoughts on “Lost”

  1. Alt gutt, dass se lo endlech riwwer ass.

    Wat d’Story usech, iwwert déi 6 Joër ugeet: what a mess!! Et ass lo definitiv kloer, dass d’Auteuren einfach ‘on the go’ nei Saachen erfonnt hunn, ganz egal op et wierklech eppes ze bedéiten hat oder net. Haaptsaach d’Saach schéin an d”Längt zéien.

    An de Schluss: gaaaaaaps.

    Déi eenzeg Szene, déi mëch beréiert huet, woer d’Reunioun vum Juliet a vum Sawyer. De ganzen Rescht woer einfach langweileg. An huet näischt wierklech erkläert (ausser der Sideways World aus der … 6. Season! An what about déi 5 virdrun?).

    Souvill zu der ‘ground-breaking series’ …

  2. Datt si guer kee Plang haten an alles “on the go” gemaach hunn war jo awer schon zanter Joere kloer. Dofir war de Sender jo sou däermoossen ugepisst an huet d’Auteure gezwongen eng Erklärung ze fannen an dat Ganzt definitiv op en Enn ze bréngen. Ech emfeele Fringe, och vum JJ Abrams, funktionéiert awer wäitaus besser, well se iwwert Staffelen eraus komplett duerchgeplangt ass.

  3. Ech hun d’Finale gudd fonnt, mee am Kontext vun der Serie war et enttäuschend. An séch vläit logesch, mee souvill Saache bleiwen ongeklärt. Méi schlecht war do eigentlech just nach d’Finale vun Battlestar Galactica.

    Ech fannen ët ëmmer schued, datt séch d’Auteuren net am Viraus Gedanken iwwert nei Plot-elementer maachen, wann se se aféiren. Firwat séch d’Fro stellen, firwat eng Statue just 4 Zéiwen huet, wann een dann iwwerhaapt ni méi drop ageet?

    Ech entwéckele mol eng TV-Serie, di genau sou mysteriéis ass, mee vu fir bis hannen komplett duerch geplangt ass. Iwwerhaapt froen ech méch elo, op eng TV-Serie zu Lëtzebuerg kinnt funktionéiren, wéll mer haate bis lo jo nach ni eng, oder?

  4. Thierry:

    Ech hunn eng Koppel Fringe-Episoden gesinn a lueden se och weider erof mee ech sinn nach net ‘hooked’. Mol kucken, falls d’Wieder rem méi schlecht gët, probéieren ech et wahrscheinlech nach eng Kéier :)

    Tjo, Lost woer ëmmer eng Haass-Léift fir mech … ech konnt se just nie ganz opginn ;)

  5. Fringe brauch eng Zäitchen, bis et ukënnt. Ufanks ginn et leider relativ vill freak-of-the-week Folgen. Mä dat änert sech awer géint Mëtt / Enn vun der éischter Staffel an d’Mythologie gëtt am grousse Stil ausgebaut. :)

  6. Ech hun et genial fonnt. Jo, et gouff vill Plotholes an jo, et waren vill domm an iwwerflesseg Saachen dobai, an trotzdem waren et genial 6 TV-Joer. An eng Finale déi se menger Meenung no net hätten besser oofschléissen. Wat interesséiert mech deen Sci-Fi-Déngen, et geet bei Lost eenzeg an alleng em d’Charakteren.

  7. Lost war just fir eng Season geplangt, d’Auteuren waren vum Succès bëssen iwwerrascht an d’Hints bei Lost hunn néirens higefouert, well et ni geplangt war se opzeléisen. Dat war zwar schon relativ fréi bekannt. Schéngt jo awer fonctionnéiert ze hunn, soss géing et net souvill Fans ginn. ;-)

    Zu Fringe: Ech hunn just eng Episod gesinn (S01E02) an déi ass mer duergaang keng weider méi ze kucken. Hunn déi Episod sou langweileg an blödsinneg fonnt, dass ech mer keng 2t Episod wollt undoen. Mä vläit ieren ech mech jo an déi Episod war just en schwaarzt Schof?! Naja, wann d’Wieder rëm schlecht gëtt…Klacken et mol op meng Todo Lëscht. Awer ganz ënnen.

  8. Laurent:

    > Wat interesséiert mech deen Sci-Fi-Déngen, et geet bei Lost eenzeg an alleng em d’Charakteren.

    Dat ass, wat ech bei all deenen liesen, déi soen d’Final wier sou cool gewiescht … ech sinn awer guer net d’Accord. Wat méch un Lost interesséiert huet woer de Mystery-Faktor, an och nach bëssen verschidden philosophesch Froen, mee net haaptsächlech d’Charakteren. Duerfir hunn ech och all déi Flashbacks sou langweileg fonnt. Ech wollt keng Soap kucken.

  9. Claude:

    Dat eenzegt, wat méch (no der éischter Season) motivéiert huet Lost, trotz deelweis grausamen Episoden an Storylines, ze kucken, woer, dass ech wëssen wollt, wat dann lo d’Erklärung vun dem Ganzen wier. Et woer natierlech naiv vun mir ze mengen, dass et do irgendwéi eng koherent Erklärung giff ginn …

  10. @Claude: Am Ufank wor Fringe wirklech net immens. Um Enn vun der éischter Staffel gëtt et awer interessant an d’Enn vun der 2. fannen ech immens. Am Ufank duecht ech och, datt just eng X-Files-Kopie wir, mee et stéch awer méi dohannert.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *