Luther

Eis nei Lieblingsserie op BBC One. Psychological Crime Thriller mam Idris Elba (The Wire) als DCI John Luther, dem Ruth Wilson (The Prisoner) als seng héich intelligent awer total pervertéiert an emotiounslos Nemesis Alice Morgan, an dem Indira Varma (Torchwood) als seng (Ex) Fra Zoe Luther. Dräi Episode vun der éischter Staffel si scho gelaf, dräi Folge kommen nach (all Dënnschdeg um 21 Auer, mä woufir gëtt et iPlayer).
Wa Luther sech weiderhin esou konstant steigert gëtt et nach bombastesch, well et stellt elo schon bal alles an de Schied. Esou eng intelligent geschriwwen an aussergewéinlech gefilmte Serie hunn ech scho laang net méi gesinn. D’Dialogen sinn exzellent an héich intensiv. D’Charakteren sinn ëmmer nëmmen en klengen Deel vum Bild – den Hannergrond verschléckt se an de meeschten Szenen, wat déi existentiell Kämpf vun de Charakteren ënnerteneen a mat sech selwer enorm gutt ennersträicht.
Un all iech immigréiert Lëtzebuerger: onbedéngt kucken!

39 thoughts on “Luther”

  1. Jop. Et kann een se nach e puer Woche laang online kucken oder roflueden (deemno wéi schnell dee BlackVPN ass géing ech bei der HD Versioun roflueden emfeelen, der BBC no brauchs de e konstanten 3,6Mbps fir d’HD Versioun).

  2. Et ass awer alles Flash (den offline Client ass Air, an du kanns déi MP4 Datei och net am QuickTime oder VLC ofspillen wéinst dem DRM). Kann däin Computer dat? :P

  3. D’oh, hu lo sëlwer gecheckt … anscheinend nach ronn 3 Wochen disponibel.

    A op d’Indira Varma hunn ech e liichten Crush zënter ‘Rome’ … also nach en Argument méi d’Serie ze testen ;)

  4. Jojo. “Retro”. Et ass der BBC jo näischt aneschter iwwreg bliwwen vu dass Apple sech strikt weigert hiere FairPlay ze lizenséieren, woumatter keen ausser hinne selwer kann e geschützte Video am QuickTime ofspillen. Ouni déi “retro” Technologie vun Adobe géif et och haut nach ëmmer keen iPlayer fir Mac ginn, wéi dat iwwert e Joer de Fall war an deem d’BBC mat Apple gestridden huet, an een et um Windows scho schéi brav kont dank .wmv kucken.

  5. Oh, Thierry, come on! Dat woer e Witz an ech wollt dech e bëssen zecken ;)

    Méi soen ech och lo net dozou.

    Hunn awer lo mol déi eischt Episode gekuckt. Pas mal! Pas mal du tout. D’Dréibuch ass gutt, genau wéi d’Personnagen, d’Visuals an de Montage. Gët definitiv weidergekuckt.

  6. Ech mengen ech sinn de Moien mam falsche Fouss opgestan (respektiv déi enorm Hëtzt huet mech um 6 erwäscht an dat wor ze wéineg Schlof). Sorry. Et gëtt Zäit, dass erem Hierscht ass. :D

    Mech huet an der éischter Folg zumols den Dialog vum Luther an dem Alice op der Policestatioun matgerappt. Déi zweet Folg huet mengem Matbewunner bis ewell am beschte gefall, mech huet virun allem de Sean Pertwee begeeschtert an där Folg (Father, Equilibrium). Déi drëtt Folg ass definitiv déi Perversten bis ewell…

  7. D’Interaktioun an d’Dialogen generell tëschent dem Luther an dem Alice si menger Meenung no wierklech gutt geschriwwen. An hatt ass jo eng richteg Hex … Sinn wéi gesot op déi nächst gespaant.

  8. Hu mer de Pilot ugekuckt. Ganz interessant. Déi Szenen tëschent dem Luther a sénger (Nach)-Fra hu mer am mannste gefall. Do weess ee souwisou ëmmer wéi et ausgeet, dat kinnt een ewech loossen. Séng Nemesis ass dogéint gudd opgebaut. Just di Szene, wou hatt séng Fra bedrot, hun ech liicht lächerlech klischeehaft fonnt. “Dréi déch net ëm!” A wann dach? Bréngt ët ët dann virun engem ganze Bürosgebai mat Sécherheetsdéngscht ëm?

  9. > Just di Szene, wou hatt séng Fra bedrot, hun ech liicht lächerlech klischeehaft fonnt. “Dréi déch net ëm!” A wann dach? Bréngt ët ët dann virun engem ganze Bürosgebai mat Sécherheetsdéngscht ëm?

    Vielleicht giff esou eppes déi manifestement verréckten Persoun nach méi motivéieren een ze stalken voir emzebréngen, well se wéisst, dass een hiert Gesiicht gesinn huet an duerfir geféierlech ginn ass?

  10. Hm, bizarre, wëll mer lo déi zweet Episode eroflueden mee dann bréngt en mëch nees op d’Installsäit vum Player (deen ech awer schon installéiert huet) an fänkt net un déi zweet Episode erofzelueden ..

  11. D’Bezéiung mam Zoe gëtt nach intressant. Et war jo eréischt déi éischt Folg. ;)

    Jo, ass e Problem mam OS X. Klick op “Install” an dann kriss de eng Meldung, dass de Programm schon installéiert ass. Klick op “Run now” an dann lued en de Video erof.

  12. Ech hu mer och lo déi éischt Episod eragezun. Wierklech gudd Dialoger, ech si gespaant op d’Relatiounen tëscht den eenzelnen Characteren mech bei der Série halen wärten.
    An ech konnt se souguer am HD direkt streamen :P (Ech hu souwisou keen Download Link fonnt?)

  13. Du bass jo wahrscheinlech och net iwwert een VPN gefuer fir et ze kucken? :) Den Downloadlink ass riets ënnert dem Video.

  14. Wisou VPN? Brauchs du en Proxy aus Wales!?
    Ech hun rausfonnt wisou do kee Link war, dee verschwënnt wann een op HD wiesselt. Lusch.

  15. Nee, ech brauch kee VPN. De Grommel an de Pa awer. :) Hm. Ech konnt d’HD Versioun awer och eroflueden… Komësch.

  16. Thierry:

    > Jo, ass e Problem mam OS X. Klick op “Install” an dann kriss de eng Meldung, dass de Programm schon installéiert ass. Klick op “Run now” an dann lued en de Video erof.

    Genau. Mat der Zäit hunn ech dat och erausfonnt ;)

    pa:

    > Ech brauch och kee VPN, just BitTorrent. Lo hun ech et gesot. Basta.

    Wou hues du den Luther dann als Bittorrent fonnt? Oder wunns du och an England? Ech fannen, dass dat mam VPN wierklech gutt klappt an 5 Euro pro Mount ass ok, wann ech dofir d’BBC kann kucken ;)

  17. Et wier flott gewiescht wann dat mam VPN och op mengem Mac mini lafe géif, deen ech u meng TV ugeschloss hunn. Leider ass dat nach e PowerPC, d’Installatioun vum iPlayer klappt zwar, mä d’Ofspillen funktionéiert net fléissend wéi bei engem Film, mä just wéi an enger Diashow, wat jo dann awer wuel um Prozessor läit.

    Hunn elo dann di ganz Installatioun um Intel MacBook widderholl an do leeft d’Software dann och wéi se soll. Ech hat probéiert déi ugefaangen Episod op de MacBook riwwerzekopéieren, mä den iPlayer wollt déi awer dunn net ofspillen. No engem ereneiten Download funktionéiert et also elo. Sinn da mol gespaant.

    Ech verstinn iwweregens net déi Politik fir anere Länner Contenu net unzebidden, wann dat mat enger VPN-Software dann awer méiglech ass. wann de Contenu mech interesséiert, wier ech och bereet dem Sender deen en ausstrahlt en Abo ze bezuelen. Lo bezuelen ech da fir eng Connexioun déi mer d’Réceptioun vun deem Contenu erméiglecht, absurd. An dass en Duerchschnitts-User dat wat en roflued späicheren respektiv vervielfältege géif, ass dach zimlech onwahrscheinlech mat deene Garde-Fous déi do agebaut sinn.

    Fir déi, déi dat Ganzt och wëllen bëlleg ausprobéieren, hunn ech iwweregens nach e Promo-Code, domat kritt een dann 3 Méint fir 5 €, an ausserdeem huet een souwuel EU, UK wéi och USA do dran. Hat selwer sou een op engem däitschen Blog fonnt ier ech mer d’Software installéiere war.

  18. Georges:

    > Ech verstinn iwweregens net déi Politik fir anere Länner Contenu net unzebidden, wann dat mat enger VPN-Software dann awer méiglech ass. wann de Contenu mech interesséiert, wier ech och bereet dem Sender deen en ausstrahlt en Abo ze bezuelen. Lo bezuelen ech da fir eng Connexioun déi mer d’Réceptioun vun deem Contenu erméiglecht, absurd. An dass en Duerchschnitts-User dat wat en roflued späicheren respektiv vervielfältege géif, ass dach zimlech onwahrscheinlech mat deene Garde-Fous déi do agebaut sinn.

    Jo, ass schon absurd. Mee ech mengen, dass d’BBC zum Beispill sou eppes schon zur Verfügung stellen wéilt (sie giffen jo doduerch Suen verdëngen), dat awer aus rechtlechen Grënn net maachen dierf?

    > Fir déi, déi dat Ganzt och wëllen bëlleg ausprobéieren, hunn ech iwweregens nach e Promo-Code, domat kritt een dann 3 Méint fir 5 €, an ausserdeem huet een souwuel EU, UK wéi och USA do dran. Hat selwer sou een op engem däitschen Blog fonnt ier ech mer d’Software installéiere war.

    Ah, du woers méi clever wéi ech! Kann een deen Promo-Code wuel och nach benotzen, wann deen aktuellen, schon bezuelten Mount ofgelaf ass? An deem Fall wier et interesséiert ;) Oder och un deem Blog mat de Coden …

  19. D’BBC ass eng enorm komplex Struktur. Et gëtt fir unzefänken iwwerhaapt keen “BBC Sender”, BBC ass ee Netzwierk vu Senderen – et ginn 10 Fernsehsender, 8 Radiosender an een 1 Onlinesender. Dat komplett Netzwierk ass och keng onofhängeg Struktur, mä gëtt vum BBC Trust kontrolléiert, deen dofir suergt dass dem Lizenzzueler seng Rechter respektéiert ginn. An do ass een éischte Knackpunkt: d’BBC ass een öffentlech-rechtleche Sender a keng kommerziell Eenheet déi kéinnt maache wat se wéillt. Den zweete Knackpunkt ass: d’BBC stellt praktesch keen eegene Contenu hier. Luther ass zwar eng BBC Drama Productions Serie, mä Saachen ewéi Ashes to Ashes oder Hustle gi vu Kudos produzéiert. A mat all deene Produktiounsfirmen muss d’BBC ee Kontrakt aushandelen fir se dierfen online ze streamen, respektiv zum Download unzebidden (et kann ee bei wäitem net alles eroflueden um iPlayer). Ee Kontrakt auszehandelen bei deem een Abo fir de Recht vun der Welt a Fro kéim ass enorm komplizéiert, well et extrem vill Spiller um Feld ginn an se alleguerten mussen zefridde gestallt ginn. (Well d’BBC kontrolléiert gëtt vum Trust, dierfen se kengem eng extra Wurscht broden a just mat enger Firma e Kontrakt aushandelen.)

  20. Just nach eng Remark zu der eischter Episode:

    *spoiler*

    Hunn et dat richteg verstan? Hatt huet e puer mol op den Hond geballert fir esou d’Waff a sengem Gedärms kënnen ze verstoppen? Ass dat iwwerhaapt realistesch? ;)

  21. Souwäit ech mech erënneren (et ass scho puer Wochen hier), huet et e puer Mol op den Hond geschoss fir datt et net opfällt dass et d’Waff an e gestach huet. Wisou ass dat net realistesch? Amfong war déi Idee jo eng relativ schlau well et wousst dass den Hond (an domatter d’Waff) géing verbrannt ginn…

  22. @Grommel

    Ech weess net ob dat nodréiglech nach funktionéiert. Mee wann s de just fir ee Mount bezuelt hues an d’Serie gutt ass, da kanns de de Code jo deen nächste Mount gebrauchen. Ausserdeem kréien ech da rëm ee Mount dobäi wann s du de Promo-Code benotz, dofir hei: WUYURZU. ;)

    @Thierry

    Merci fir d’Explikatiounen. Ech hat d’BBC och net am Verdacht, d’Useren mat där Politik nerven ze wëllen, hu mer scho geduecht, dass et wéinst Droits d’auteur ass, an do soll natierlech all Auteur zu sengem kommen. Et ass just eben z.D. kontraproduktiv wann een potentielle Clienten Steng an de Wee leet. Do bleift nach e wäite Wee ze goen.

  23. Ech fannen schon, dass d’BBC do vill gutt Arbecht leescht. Si hunn hieren iPlayer laang virun all deenen aneren Sender entwéckelt, Hulu beispillsweis koum eréischt en hallewt Joer méi spéit. Du kanns et op praktesch alle Plattformen spillen (inklusiv Konsolen, hei kanns de iwwert d’iPlayer Versioun fir PS3 oder Wii d’Serien och op der Telé kucken, et funktionéiert op Mac, PC a Linux, iPod touch an iPhone, an et ass inklusiv bei Cable TV wéi Sky a Virgin). An dat alles hu se innerhalb vun 2,5 Joer ereescht. Selbstverständlech maachen se dat alles firdéischt fir d’Briten – et ass mat öffentleche Gelder vun hei finanzéiert. Dass se op laang Siicht och d’Plattform fir aner Länner opmaachen géing ech staark vermudden, mä momentan ass dat eben nach keng Prioritéit. Firdéischt emol alles am eegene Land perfektionéieren, ier een sech duerch Verträg klappt fir et fir aner Länner opzemaachen.

  24. [Spoiler]
    @Thierry also nodeems et d’Waff an den Hond gestach huet huet et op den Hond geballert? Do klappt eppes net :P

  25. Gloda:

    Nee, et huet e puer mol op den Hond geballert fir dass et net sou giff opfalen wann et dann henno do irgendwou d’Waff dranstëcht … (den Hond woer jo fir relativ a Fränjelen)

  26. Hu lo déi drëtt Episode gesinn. Pas mal. Och wann natierlech d’Konzept vum ‘psychopath of the week’ eng Grëtz onrealistesch ass, mee bon, normalen Poliss-Alldag wier jo och wuel e bëssen méi langweileg ;)

    Mir ‘gefällt’ och d’Alice als Stalkerin, en interessanten rouden Fuedem duerch d’Episoden. Sie gespaant, wéi dat nach ausaarte wäert …

    Wéivill Episoden wäerten et eigentlech am Ganzen sinn? 6?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *