Pump

Ech fille mech ewéi wann ech nees e Kand wier. Hatt pecht mer eng Klett un den T-Shirt a laacht. Déi leschte Kéier ewéi ech mat där Planz gespillt hunn, hunn ech och nach missen Hänn halen an hunn haart mir gi spazéieren, déi aner musse léieren matgesongen.
Iergendwou am Hannergrond héieren ech Autoen laanscht fueren, et ass genau esouvill Bësch tëscht eis an der Strooss dass mer se just net méi gesi kënnen. Laanscht de Wee stinn e puer Maschinen, fir sech ze dehnen an d’Muskelen opzewiermen. Pedallen, e puer Staangen, Biller déi eis erklären wéi dat alles funktionéiert. Hatt leeft drop duer a rifft voller Freed dass Spiller musse gespillt ginn, a spréngt op déi éischt Apparatur. Ech huelen e puer Fotoen vun em a freeë mech. Iergendwann virun e puer Méint huet mäi fréiere Matbewunner eng Kéier gemengt gehat, mir wieren de komplette Géigendeel vun eneen: hatt voller Liewensfreed an ech de Melancholiker. Ech mengen, e bësse fierwt hatt op mech of. Esoueppes ass normal – mä ewéi oft kritt een déi Subtilitéiten vun zweschemënschlechem Kontakt scho bewosst mat.
Mir trëppelen iwwert eng Foussbréck an kommen an engem Park un, wou mer eng Paus aleeën. Dat Trauregt dorun, een anere Mënsch op eemol esou gären ze hunn ass d’Tatsaach, dass een esou vill am Liewen vun deem anere Mënsch verpasst huet. Keng Fotoen an Anekdoten kënnen dat Gefill, dass esou vill Joeren vun deem Aneren an der eegener Erënnerung feelen, erëm gudd maachen. Hatt erzielt mer vu sengem léiwsten Hausdéier, dat leider scho viru Joeren gestuerwen ass, an dat esou geheescht huet ewéi meng éischt Joffer an der Primärschoul, vun der Arbëscht vu sengem Papp, vu sengem Haus an dem Gaart – muenches hunn ech schon e puer Mol héieren, ech hu Fotoen gesinn, mä dat ass irrelevant. Hatt kéinnt mer op éiweg déi selwecht Geschicht erzielen bis alles eriwwer ass, an ech géing nolauschteren an der Hoffnung, dass et enges Dags a mengem Kapp esou ausgesäit ewéi wann ech hatt schon deemols kannt hätt, well ech an all menger Dankbarkeet nach ëmmer net weess, woumatter ech säi Laachen a seng Emarmungen verdéngt hunn.
Ech wëll dech ni verléieren, soen ech op lëtzebuergesch a weigere mech et z’iwwersetzen. Owes stinn ech op der Gare a kucken dem Zuch no, deen et grad geholl huet fir bei eng Frëndin ze fueren, a schécken em eng SMS mat der Iwwersetzung.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *