J.     


Thomas Wohlfahrt. Ech hat e scho bal vergiess. Dobäi huet hie mech all Dag während Méint begleed, wann ech mech op de Wee an d’Schoul gemaach hunn. Esou aflossräich war säin Debutalbum viru siewe Joer, dass ech haut nach sämtlech Emotiounen vun deemols spieren wann ech seng Lidder lauschteren. A sämtlech Lyrics kann. We Belong to the Night steet op mengem iPod. Villäicht geet et mir esou schlecht zu Lëtzebuerg well et Erënnerungen hei ginn, mat deenen ech ofgeschloss hat, an an déi ech hei konstant nees erageschmass ginn. Ech ka mech nach un de Moment erënneren – a mengem éischte Joer a Wales, op mengem Zëmmer. Et war just eng Nanosekonn, an dono war alles anescht. Mäin Häerz huet décidéiert ee Schlusstréch ze zéien, an huet mat Lënster ofgeschloss. Dat fir dat et stoung, déi Persoun déi ech an deem Duerf war ier ech fortgaang sinn an der Hoffnung enzwousch anescht kënnen frësch unzefänken. Mat Leit déi näischt woussten vum Thomas Wohlfahrt, vun där Bushaltestell, vun de bloen Hoer, vun där Persoun wéinst där ech no laanger Zäit erëm ugefaangen hat ze schreiwen.
Lo stinn ech nees hei a kucken op de Léi. Déi Bushaltestell op déi ech all Moie gewaard hunn, deen Arrêt wou ech all Mëtteg erausgeklomme sinn. Déi SMSen, déi ech dem Serge geschriwwen hunn mat Saachen, déi ech deemols schrecklech poetesch fonnt hunn. Mir wollte mol eng Kéier ee Buch mat kuerze poetesche Säz schreiwen. Laang ier et Twitter gouf a jiddfereen et cool fonnt huet just 140 Zeechen ze benotzen. Doraus gouf och ni eppes, genausou wéineg ewéi aus iergendengem vun den ursprüngleche Pläng fir Setuch. Iergendwou hunn ech esouguer nach déi Designen leien.
Mir si bei Never Stop ukomm. Domatter huet meng MD an der Zäit emol ugefaangen. Kennen d’Kanner vun haut iwwerhaapt nach Minidiscen? Iergendwann hunn ech geléiert, dass een zwangsleefeg muss ufänken, wann een net ophale wëll. Vu Wäitem enger Situatioun nokucken bréngt ee net weider – an en Deel vu mer deet haut nach wéi wann ech deen 16jähregen Ech am Bus gesi sëtzen an sengen eegene Gedanken agespaart amplaz säi Liewen mat béiden Hänn an Ugrëff ze huelen.
Dobäi hat ech eng flott Jugend. Déi bescht Kolleege vun der Welt déi ëmmer do waren wann ech se gebraucht hunn. De Stammcafé an deem mer méi ewéi eemol gratis ze drénke kruten, wou mer eisen 18. gefeiert hunn, wou e puer vun eis an de Vakanzen geschafft hunn. Mä Lënster mécht dat mat engen. Mat mir. Et bréngt mech dozou déi schlecht Saachen ze gesinn an deene méi Gewiicht ze ginn ewéi se verdéngt hätten. Lënster ass keng Plaz wou ee glécklech ka ginn. Dofir fiert och all zéng Minuten ee Bus an d’Stad an all hallef Stonn een op Iechternach. Wann de Bus da kënnt.

Sounds of the Night

The Low Frequency in Stereo – Geordie La Forge
Porcupine Tree – The Yellow Windows of the Evening Train
Mogwai – Auto Rock
Explosions in the Sky – Remember Me As a Time of Day
M83 – Highway Of Endless Dreams
Ratatat – Mi Viejo
Modest Mouse – The Good Times Are Killing Me
Niara Scarlett with The Cinematic Orchestra – Horizon
Efterklang – Mirador
Four Tet – You Were There With Me
Caribou – Found Out
Yo La Tengo – Little Eyes
Windsor for the Derby – The Melody of a Fallen Tree
Dustin O’Halloran – Catherine’s Tango

Dir kënnt d’Playlist hei op Spotify lauschteren.

R.      

Ech trëppelen déi Strooss nach ëmmer erop, an enger Erënnerung, an enger Endlosschläif. Et ass net Doheem, mä et ass no genuch – nach eng Meil an ech sinn do – do hannen, den Bierg hallef erop. Wéivill Heemechten huet dës Plaz – d’TARDIS, em den Eck laanscht deen ech grad gaange sinn, an e bësse méi wäit erof d’Strooss wou d’Donna wunnt. Dir wësst schon, wou et no lénks amplaz no riets, oder war et emgedréit, also do wou et falsch ofgebéit huet an alles koum anescht ewéi et hätt sollten, et goung alles schief.
Mir hunn néierens ofgebéit, mir si stur stoe bliwwen obwuel mer woussten, dass eis iergendwann een aus dem Auto géing zéien an enzwousch hinzerren wou mer net wollte sinn. Mä de Mënsch handelt léiwer fir direkt Zefriddenheet a net mat Wäitsiicht – an dat bësse Gléckseelegkeet huet et dowäert geschéngt. Dono ass een eben ëmmer méi schlau. An elo ass alles wat ech nach hunn ee Bild vu mir selwer an där Strooss, déi ech esou oft getrëppelt sinn. Wann et mer dono war spazéieren ze goen oder wann ech an de grousse Supermarché e puer Dierfer weider südlech akafe gaange sinn.
Wien kéint eis virwerfen, e bëssen Gléck wëlle festzehalen? Wiem kéinte mir virwerfen, dass mer verléiert haten traureg ze sinn, ausser eis selwer? Linn 120, steet op dem Schëld ënnert dem Warndräieck mat engem ale Mann an enger aler Fra dran – esou Stroosseschëlder ginn et wierklech an deem Duerf. All Nuecht gesinn ech dat Schëld, Linn 120, an ech denken, dat ass bal ewéi déi Plaz déi ech emol eng Kéier Doheem genannt hunn, mä wou ech scho laang net méi higehéieren. Mä wat kann ech scho maachen – ech gouf aus dem Liewen gezerrt an elo sinn ech do. Do wou ech net méi higehéieren. Ee Liewen dat sech esou ufillt ewéi wann et fir een aneren do wier, an ech muss et ausfëllen well dat Liewen dat fir mech do war zerstéiert gouf. Vu mir selwer, vun der Welt, vu jiddferengem a vu kengem.
A mengem Kapp ass déi falsch Sprooch. Ech muss iwwersetzen, permanent. A muenchmol spruddelt et einfach esou aus mer eraus, op Englesch, ewéi wa mäin Ënnerbewosstsäin ës einfach genuch hätt sech ënnerdrécken ze loossen. Ech war fräi, do. Aleng, mat Frënn. Et huet näischt gezielt an dat war alles wat gezielt huet. Do si mer bei den Homer’s Kebab gelaf, nierwt dem Lycée, an hu Fotoen gemaach vum indeschen Homer Simpson op der Fassad. Do hate mer sténknormalt Alldagsliewen, an dat war alles wat mer jemols wollten.
Villäicht ass dat Erwuesse ginn. Säi Gléck opginn an iergendwann esouvill Joeren dovunner ewech ze sinn, dass ee vergiess huet, datt et esou ee Gefill iwwerhaapt gëtt.

Mock the Week

Cameron told Obama off for saying British Petroleum. He said, you’re making this a matter of national identity. Cameron basically played the race-card with Obama. It takes a special kind of balls for an Eaton and Oxford educated white posh man to ring up the black president of America and go: you’re being a racist.

De Chris Addison war alt nees allerbescht. Iwwerhaapt: wat en Optakt fir déi nei Staffel!

Hubble 3D

D’läscht Woch am IMAX gesinn, ass Hubble 3D en groussartegen Dokumentarfilm iwwer d’Geschicht vum Weltraumteleskop an déi rezentst héichriskant Missioun et ze retten. Et gi wahnsinneg impressionant Reesen duerch de Weltraum, déi dank 3D (Avatar ass en Dreck dogéint) an dem giganteschen IMAX Schierm esou bombastesch sinn dass et a Wierder guer net ze beschreiwen ass. Et fillt sech un, ewéi wann ee mat dobäi wier, wann d’Astronauten hiert Liewen am Weltraum riskéieren fir eng Maschinn ze reparéieren déi eis gestache schaarf Ablécker a Galaxien Miliarde Liichtjoeren ewech gëtt, déi mer eis net kéinnten erdreemen, an eist Verständnis vum Universum déifgräifend beaflosst huet.
Gezielt gëtt dat Ganzt vum Leonardo diCaprio, deem een d’Ehrfurcht de ganze Film duerch unhéiert. An dat ass och d’Gefill, dat de ganze Film dominéiert, a mat deem ech um Schluss erausgaange sinn: Ehrfurcht virun deem groussen Universum, an deem eise Planéit emol net e Stëbskär ass. An, jo, eng wahnsinneg Demut wann den diCaprio um Enn zur Schlussfolgerung kënnt dass mer trotz all deene Wonner dobaussen nach ëmmer eppes net fonnt hunn: en Utopia ewéi eis kostbar Äerd, ewou alles exakt richteg ass fir eis Existenz.

A wann der soss näischt kucke gidd dëst Joer: Hubble 3D muss ee gesinn hunn. Jo: muss. Ech fuerderen iech eraus um Enn vum Film net d’Aan fiicht ze hunn ob all där Schéinheet.

The IT Crowd

Virdrun op Channel 4 déi éischt Reklamm fir déi véiert Staffel gesinn. Ech wousst jo, dass déi nei Folgen demnächst géinge kommen (d’Premiär vun der éischter Folg war de 25. Mee zu London, an Channel 4 mécht zanter e puer Deeg Reklamm, dass ee soll déi éischt dräi Staffelen op 4oD kucken), mä elo ass dann anscheinend den defintiven Datum eraus: de 25. Juni. An, wat nach méi gäil ass: eng fënneft Staffel gouf och scho bestallt!