Penarth

Penarth ass e relativ deiert a schéint Duerf, dat just ausserhalb vu Cardiff läit, direkt um Mier, an zur Cardiff Urban Area zielt. Vu Penarth aus huet een eng impressionant Vue, et erkennt ee bei kloerem Wieder England, et gesäit ee Flat Holm Island (et ass déi mam Liichttuerm) déi eng zwou Stonne vu Cardiff ewech ass, an et kann een och e Bléck op Cardiff Bay an de Barrage werfen.

One thought on “Penarth”

  1. Schéi Fotoen! Ech fannen et ëmmer rëm impressionant ze gesinn wéi wäit d’Mier sech zréckzitt respektiv wéi grouss den Héichtenënnerscheed vum Waasserniveau ass.

    (Bei dengem Foto-Plugin vermëssen ech d’Keyboard-Navigatioun an ech froe mech ob däi WP Likes net komesch Saache mécht.)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *