Venezia Sta Sprofondando

A mengem Kapp schalen Dofter a Geräischer, Goûten, Gefiller. Ech gesinn d’Matthew Street, d’Tate, den Albert Dock. Do war ech emol. Et si Fotoen vun enger fréierer Liebhaberin déi ech mer ukucken, Melancholie a Freed iwwerkomme mech. Do war ech emol – fir e puer Deeg. Et waren schlecht Deeg, déi mech dohi gefouert haten. Et ware gutt Deeg, déi ech do verbruecht hunn. Meng Gedanken falen ze loossen virun där neier Kuliss, ech beobachten se vu wäit ewech, wéi se sech verformen an ee Sënn erginn elo wou se fräi sinn. Dräihonnert Kilometer fir fënnef Minuten Ofstand. Dobäi hunn ech d’Beatles nach ni gutt fonnt, ausser wann mer zu e puer ronderëm d’PlayStation sëtzen an d’Lidder falsch an de Mikro gröllen. Awer wann ech dorop gelauschtert hätt, dann hätt ech ni d’Fréijoer fonnt, ni ee klengt Stéck Paradäis.

And we get our hearts crushed, here, there.
We put it back together, tirelessly,
each time a few threads here, there,
until the needles don’t sting anymore,
until deadness is all we have become.

Do war ech – do sinn ech nach ëmmer. Ech sëtzen am Café am Stadzentrum, liesen dem Kazuo Ishiguro seng Nocturnes an dreemen vun der Stad an där d’Amy kleng Flitterwochen hat, wou ech nach ni war, wou et anscheinend guer net esou flott ass, mä wou ech trotzdem eng Kéier wëll hin ier se ënnergeet. Do war ech emol. Ech vermëssen d’Stad wéi eng Heemecht, déi ech dach gemengt hat enzwousch anescht ze hunn. Ech sinn den Aldrick Prospect an den Emil Sinclair. Ech sinn den Jay Gatsby. Ech gehéieren néierens hin, an iergendwann wäert ech dat och verstoen. Dann wäert ech glécklech sinn, well ech op éiweg meng Kofferen wäert paken a néierens méi stoe bleiwen wäert. Sehnsucht fléisst duerch meng Oderen ewéi d’Léift zum Mier, well hiert ass d’Räich an d’Kraaft an d’Herrlechkeet an Éiwegkeet. Méi gebuergen ass just Kand sinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *