Hubble 3D

D’läscht Woch am IMAX gesinn, ass Hubble 3D en groussartegen Dokumentarfilm iwwer d’Geschicht vum Weltraumteleskop an déi rezentst héichriskant Missioun et ze retten. Et gi wahnsinneg impressionant Reesen duerch de Weltraum, déi dank 3D (Avatar ass en Dreck dogéint) an dem giganteschen IMAX Schierm esou bombastesch sinn dass et a Wierder guer net ze beschreiwen ass. Et fillt sech un, ewéi wann ee mat dobäi wier, wann d’Astronauten hiert Liewen am Weltraum riskéieren fir eng Maschinn ze reparéieren déi eis gestache schaarf Ablécker a Galaxien Miliarde Liichtjoeren ewech gëtt, déi mer eis net kéinnten erdreemen, an eist Verständnis vum Universum déifgräifend beaflosst huet.
Gezielt gëtt dat Ganzt vum Leonardo diCaprio, deem een d’Ehrfurcht de ganze Film duerch unhéiert. An dat ass och d’Gefill, dat de ganze Film dominéiert, a mat deem ech um Schluss erausgaange sinn: Ehrfurcht virun deem groussen Universum, an deem eise Planéit emol net e Stëbskär ass. An, jo, eng wahnsinneg Demut wann den diCaprio um Enn zur Schlussfolgerung kënnt dass mer trotz all deene Wonner dobaussen nach ëmmer eppes net fonnt hunn: en Utopia ewéi eis kostbar Äerd, ewou alles exakt richteg ass fir eis Existenz.

A wann der soss näischt kucke gidd dëst Joer: Hubble 3D muss ee gesinn hunn. Jo: muss. Ech fuerderen iech eraus um Enn vum Film net d’Aan fiicht ze hunn ob all där Schéinheet.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *