R.      

Ech trëppelen déi Strooss nach ëmmer erop, an enger Erënnerung, an enger Endlosschläif. Et ass net Doheem, mä et ass no genuch – nach eng Meil an ech sinn do – do hannen, den Bierg hallef erop. Wéivill Heemechten huet dës Plaz – d’TARDIS, em den Eck laanscht deen ech grad gaange sinn, an e bësse méi wäit erof d’Strooss wou d’Donna wunnt. Dir wësst schon, wou et no lénks amplaz no riets, oder war et emgedréit, also do wou et falsch ofgebéit huet an alles koum anescht ewéi et hätt sollten, et goung alles schief.
Mir hunn néierens ofgebéit, mir si stur stoe bliwwen obwuel mer woussten, dass eis iergendwann een aus dem Auto géing zéien an enzwousch hinzerren wou mer net wollte sinn. Mä de Mënsch handelt léiwer fir direkt Zefriddenheet a net mat Wäitsiicht – an dat bësse Gléckseelegkeet huet et dowäert geschéngt. Dono ass een eben ëmmer méi schlau. An elo ass alles wat ech nach hunn ee Bild vu mir selwer an där Strooss, déi ech esou oft getrëppelt sinn. Wann et mer dono war spazéieren ze goen oder wann ech an de grousse Supermarché e puer Dierfer weider südlech akafe gaange sinn.
Wien kéint eis virwerfen, e bëssen Gléck wëlle festzehalen? Wiem kéinte mir virwerfen, dass mer verléiert haten traureg ze sinn, ausser eis selwer? Linn 120, steet op dem Schëld ënnert dem Warndräieck mat engem ale Mann an enger aler Fra dran – esou Stroosseschëlder ginn et wierklech an deem Duerf. All Nuecht gesinn ech dat Schëld, Linn 120, an ech denken, dat ass bal ewéi déi Plaz déi ech emol eng Kéier Doheem genannt hunn, mä wou ech scho laang net méi higehéieren. Mä wat kann ech scho maachen – ech gouf aus dem Liewen gezerrt an elo sinn ech do. Do wou ech net méi higehéieren. Ee Liewen dat sech esou ufillt ewéi wann et fir een aneren do wier, an ech muss et ausfëllen well dat Liewen dat fir mech do war zerstéiert gouf. Vu mir selwer, vun der Welt, vu jiddferengem a vu kengem.
A mengem Kapp ass déi falsch Sprooch. Ech muss iwwersetzen, permanent. A muenchmol spruddelt et einfach esou aus mer eraus, op Englesch, ewéi wa mäin Ënnerbewosstsäin ës einfach genuch hätt sech ënnerdrécken ze loossen. Ech war fräi, do. Aleng, mat Frënn. Et huet näischt gezielt an dat war alles wat gezielt huet. Do si mer bei den Homer’s Kebab gelaf, nierwt dem Lycée, an hu Fotoen gemaach vum indeschen Homer Simpson op der Fassad. Do hate mer sténknormalt Alldagsliewen, an dat war alles wat mer jemols wollten.
Villäicht ass dat Erwuesse ginn. Säi Gléck opginn an iergendwann esouvill Joeren dovunner ewech ze sinn, dass ee vergiess huet, datt et esou ee Gefill iwwerhaapt gëtt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *