J.     


Thomas Wohlfahrt. Ech hat e scho bal vergiess. Dobäi huet hie mech all Dag während Méint begleed, wann ech mech op de Wee an d’Schoul gemaach hunn. Esou aflossräich war säin Debutalbum viru siewe Joer, dass ech haut nach sämtlech Emotiounen vun deemols spieren wann ech seng Lidder lauschteren. A sämtlech Lyrics kann. We Belong to the Night steet op mengem iPod. Villäicht geet et mir esou schlecht zu Lëtzebuerg well et Erënnerungen hei ginn, mat deenen ech ofgeschloss hat, an an déi ech hei konstant nees erageschmass ginn. Ech ka mech nach un de Moment erënneren – a mengem éischte Joer a Wales, op mengem Zëmmer. Et war just eng Nanosekonn, an dono war alles anescht. Mäin Häerz huet décidéiert ee Schlusstréch ze zéien, an huet mat Lënster ofgeschloss. Dat fir dat et stoung, déi Persoun déi ech an deem Duerf war ier ech fortgaang sinn an der Hoffnung enzwousch anescht kënnen frësch unzefänken. Mat Leit déi näischt woussten vum Thomas Wohlfahrt, vun där Bushaltestell, vun de bloen Hoer, vun där Persoun wéinst där ech no laanger Zäit erëm ugefaangen hat ze schreiwen.
Lo stinn ech nees hei a kucken op de Léi. Déi Bushaltestell op déi ech all Moie gewaard hunn, deen Arrêt wou ech all Mëtteg erausgeklomme sinn. Déi SMSen, déi ech dem Serge geschriwwen hunn mat Saachen, déi ech deemols schrecklech poetesch fonnt hunn. Mir wollte mol eng Kéier ee Buch mat kuerze poetesche Säz schreiwen. Laang ier et Twitter gouf a jiddfereen et cool fonnt huet just 140 Zeechen ze benotzen. Doraus gouf och ni eppes, genausou wéineg ewéi aus iergendengem vun den ursprüngleche Pläng fir Setuch. Iergendwou hunn ech esouguer nach déi Designen leien.
Mir si bei Never Stop ukomm. Domatter huet meng MD an der Zäit emol ugefaangen. Kennen d’Kanner vun haut iwwerhaapt nach Minidiscen? Iergendwann hunn ech geléiert, dass een zwangsleefeg muss ufänken, wann een net ophale wëll. Vu Wäitem enger Situatioun nokucken bréngt ee net weider – an en Deel vu mer deet haut nach wéi wann ech deen 16jähregen Ech am Bus gesi sëtzen an sengen eegene Gedanken agespaart amplaz säi Liewen mat béiden Hänn an Ugrëff ze huelen.
Dobäi hat ech eng flott Jugend. Déi bescht Kolleege vun der Welt déi ëmmer do waren wann ech se gebraucht hunn. De Stammcafé an deem mer méi ewéi eemol gratis ze drénke kruten, wou mer eisen 18. gefeiert hunn, wou e puer vun eis an de Vakanzen geschafft hunn. Mä Lënster mécht dat mat engen. Mat mir. Et bréngt mech dozou déi schlecht Saachen ze gesinn an deene méi Gewiicht ze ginn ewéi se verdéngt hätten. Lënster ass keng Plaz wou ee glécklech ka ginn. Dofir fiert och all zéng Minuten ee Bus an d’Stad an all hallef Stonn een op Iechternach. Wann de Bus da kënnt.

9 thoughts on “J.     ”

  1. Du bass nach net laang genuch fort.
    Ech hat esou eng Plaatz, wou ech bal 10 Joer gebraucht hunn, bis ech soe konnt: Ech kann dohinner goen an et mécht mer näischt méi aus.
    Et ass net fir der d’Flemm anzedreiwen, am Contraire, et besteet Hoffnung, et brauch just Zäit.

  2. > Kennen d’Kanner vun haut iwwerhaapt nach Minidiscen?

    Nee, firwat och?

    An die mannsten hunn och deemools Minidisc gelauschtert. Ech hat allerdëngs een, sinn awer net domadder waarem ginn. De Format hat sech jo och nie richteg duerchgesat an ass dunn vum MP3 séier verdrängt ginn.

  3. Mäi Problem ass jo, dass ech iwwerhaapt net wollt erëmkommen, mä dat eben aus wunnengstechnesche Grënn einfach net anescht goung. Ech wéinscht ech wier 10 Joer fort vun hei. Ech wéinscht ech wier vir de Recht vu mengem Liewen fort vun hei, well hei wollt ech scho net sinn wéi ech nach an d’Schoul gaang sinn an hei wëll ech och elo net sinn – nach vill manner ewéi deemols.

  4. Sorry fir meng belanglos Fro, mee steet di Bushaltestell do zu Walfer? Dat léisst mer lo keng Rouh.

  5. Et kéint och einfach dru leien, dass Lënster en doudegt Dreckslach ass an deem ee wunne, mä net liewe kann.

    An ps: Grommel!

  6. Et geet mer effektiv hei em déi Bushaltestell. Mä du kanns hei och net wunnen. Net bei all deenen arroganten Arschlächer, déi s de hei als Noper hues, a permanent de Polizeifunk bis hannewidder opgedréit op der Terrass lauschteren.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *