Saith

Ech hunn ni verstane, firwat Paräis d’Stad vun der Léift soll sinn. Dobäi war ech scho mat Frëndin hei, et ass net méi oder manner romantesch ewéi iergendeng aner Stad. Et gi schéi Plazen hei, gudd Restauranten, vill Kultur an et ginn elle Plazen, schlecht Restauranten, Awunner déi un deem Kulturugebot net interesséiert sinn. Et gi glécklech Leit hei, traureg Leit, verléift Leit, einsam Leit, hoffnungsvoll Leit, verluere Leit. Déi Meeschte si wuel e bësse vun allem. Et läit vläit un der Perspektiv déi de gréissten Deel vun der Welt op déi Haaptstad huet: Fransouse solle romantesch sinn, douce, gudd Iesse gären hunn – a wahrscheinlech nach eng hellewull aner Virurteeler.
Villäicht stellen ech mer déi Fro grad och, well ech ouni dech hei sëtzen. Ech sinn net onglécklech, déi Leit, déi mat mir hei sinn, schätzen ech an ech si gäere mat hinnen hei. D’A. hat gemengt, hatt géing et net esou laang aushalen ouni déi Persoun an déi et verléiwt ass. Ech war mer och net sécher, ob ech dat kéint. Ewéi einfach et muench Deeg ass mécht mer Angscht, ewéi schwéier et aner Deeg ass mécht mech fäerdeg. Hei hänken ech iergendwou dotëscht. Ech si frou genuch fir dass et net zevill wéi deet, mä du bass trotzdem a menge Gedanken. Absence makes the heart grow fonder, seet de Brit. Aus den Augen, aus dem Sinn, seet den Däitschen. Wéi treffend, dass ausgerechent des Natiounen entgéigegesate Virstellungen hunn.
Et sinn déi kleng Ritualer, déi mer mateneen haten, déi ech am Meeschte vermëssen. Dass mer eis beim Waarden op den Zuch géigesäiteg schwedesch Vokabelen opgefrot hunn, dass mer trotz grousser Auswiel ëmmer déi selwecht Kéistaart bestallt a gedeelt hunn, dass mer Owes ëmmer eleng heemgetrëppelt sinn, och wann aner Leit mat am Café waren.
Ech fëllen d’Stroossen hei mat Erënnerungen un dech, obwuel s du nach ni hei wars. Obwuel s du iwwer 1500 Kilometer wäit ewech bass. Et fiert ee Grupp Touriste mat Veloë laanscht an un de Luuchte mierken ech, dass et wuel scho méi spéit ass ewéi ech gemengt hat. Mir kämpfe mat eiser Fläsch roudem Wäin, ee jonke Kärel kënnt op eis duer a mécht se mat sengem, vill méi efficace Korkenzieher op. Ech iesse meng Brioche fäerdeg, déi déi aner esou schockt, well ee bei roudem Wäin just Fleesch ësst an huelen eng Schlupp während ech mech an der Musék vum Guitarist déi aner Säit verléieren. Däi Parfum kënnt mer an d’Nues an a menge Gedanken drécks du mech ganz fest, esou, dass ech et wierklech spieren. D’Stad vun der Léiwt – villäicht mécht dat awer Sënn.

Chwech

Hei kënnt alles op en Enn. Hei, wou mir fir d’éischte Kéier owes zesummen hikoumen, wou kee vun eis wollt heem a mer et trotzdem net konnten erwaarden de Café ze verloossen, wou mer esou vill Owender zanterhier verbruecht hunn, eleng, mat aneren, hei verleeft se tëscht eise Fangeren a mir kënne just muechtlos nokucken wéi mer se verléieren, déi gréissten Zäit vun eisem Liewen.
Wéi s du deng Resultater krus, war ech zu Stratford-upon-Avon, an hunn am Hotel op der Telé gesinn ewéi sech jiddfereen opgereegt huet d’A-Levels wieren ze einfach ginn. Vläit wars du deemols esouguer an de Lokalnoochriichten ze gesinn, eng hallef Stonn ass keng Distanz, wier dat net e schéine Klischee wann ech dech scho gesinn hätt, Méint ier mer eis kennegeléiert hunn. Wéi oft hu mer iwwer de Shakespeare diskutéiert, argumentéiert wéi ee Wierk elo wierklech säi Bescht ass, eis Extraiten zitéiert. Ech erënnere mech nach un dat éischten Zitat, dat ech zu dir sot wéi s du owes heem gedanzt bass: When you do dance, I wish you a wave o’ the sea, that you might ever do nothing but that; move still, still so, and own no other function: each your doing, so singular in each particular, crowns what you are doing in the present deeds, that all your acts are queens.
Op der Jukebox leeft Roy Orbison. Only the Lonely. Wat eng Ironie – wien och ëmmer d’Lidd ausgewielt huet weess wéi d’Liewen leeft. Du spills mat menger Kravatt déi s de mer grad ausgedoen hues, erziels mer wéi dat war, an der Schoul, mat den Uniformen an de Kravatten, wonners dech nach ëmmer ewéi et ka sinn, dass ech ni eng Schouluniform hu missen undoen. Du gesäiss onbeschreiwlech léif aus; ech probéieren mer däi Laachen an eng Erënnerung anzepaken, eng ganz fir sech aleng, ewéi eng Foto an enger aler Metallkëscht déi een ënnert dem Bett verstoppt an ëmmer nees eraushëllt wann een sech nees esou fille wëll ewéi dee Moment an deem d’Foto gemaach gouf. Deng Stëmm, deng Eegenheeten. Däi Parfum – all Kéiers erënnert e mech drun ewéi mer déi éischte Kéier nierwenteneen ageschlof sinn, mat denger wollener Jacket als Këssen, an enger stärekloërer Nuecht, meng Séil war nach ni esou friddlech.
Hei kënnt alles op en Enn. Gläich mécht de Café zou, mir soe fir d’leschte Kéier dem Barkeeper Äddi, de Barkeeper dee scho Frënd gi war, mir gi fir d’leschte Kéier bei dech heem, a Moies fréi fiers du fort. Esou eidel war meng Séil nach ni.