Inception

Dat war déi laang Waardezäit esou wäert. Et ass de Film vum Joer. Mindestens.

8 thoughts on “Inception”

  1. Schéin, dass en der gefall huet. Da wëll ech näischt gesot hunn, vun Erwaardungen bremsen. :)

    Ech hat jo meng Schwieregkeete mam Film, mä soit, gutt war en. Film vum Joer – naja. Ass éischtens e bësse fréi fir dat sou ze soen (denken, däers bass de der och bewosst), zweetens kënnt e Mëttwoch Toy Story 3 och a Lëtzebuerg raus an da ginn d’Kaarten och do nei gemëscht. Vue dass ech d’Gléck hat de Film scho gesinn ze hunn, kann ech just soen: free dech drop.

  2. Ech schreiwen vläit iergendwann eng Kritik vum Film, wou ech méi drop aginn. Ech wëll och net soen, dass e perfekt war. Mä em Längte besser wéi (sou zimlech) alles wat ech rezent gesinn hunn.

    Den Toy Story ass am 3D, domatter huet e fir mech scho verluer. Mä vläit leeft e jo och am 2D iergendwou. Well ech wëll en amfong gäere gesinn.

  3. Film vum Joër? Naja, affaire de goût an en effet nach bëssen fréi.

    Wier awer op däin Review gespaant!

  4. Op mengem Blog geet et jo em mäi Goût. ;) Dat mam fréi: et gëtt keen anere Film dëst Joer, op deen ech mech zanter esou laangem esou freeën, vun dohier sinn zumindest meng Erwaardungen un d’Kinoswelt 2010 elo non-existent.

  5. Ech war en gëschter kucken. Ech hunn mech zwar wierklech gutt am Film ameséiert, mä op d’mannst an der Kategorie “Mindfuck” kënnt en wierklech net un den Stay (2005, dir. David Benioff) erun. Deenen wou den Inception gefall huet géif ech Stay empfielen.

  6. Agree, béisen Film. Mol kucken wat the adjustment bureau (ënnert anerem) bréngt. ;-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *