Déi al Medien kënne mech mol

Ech hu mer dat scho gëschter geduecht, ewéi d’NY Times erëm e bëssen probéiert huet Angscht ënner d’Leit ze streeë mat enger Falschmeldung, déi scho längst widderluecht war, ier d’Wort iwwerhaapt an den Drock goung. Wat mech bei esou Saachen trotzdem ëmmer nach erschreckt ass wéi einfach et ass, an den ale Medien komplett falsch Informatiounen ze kréien – an dass et Leit ginn, déi d’Wort liesen an effektiv blöd genuch sinn fir ze gleewe wat hinnen do virgelunn gëtt. Oder ass dat einfach erem ee Fall vun: mir sinn ze beschränkt fir eege Recherchen, déi all Otto-Normal-Bierger mat e bësse Verstand hikritt. Soit. Den NY Times Artikel krut jo och nach emmer keen Update, dass de Quatsch deen se do gëschter verzaapt hunn net stëmmt – wahrscheinlech schreiwt d’Wörtchen einfach just bei deenen of.

4 thoughts on “Déi al Medien kënne mech mol”

  1. Et widderleet sech dach scho vum selwen. Google kämpft zanter Joeren un der Spëtzt fir een netzneutralen Internet – well genau dat a nemmen dat fir si funktionéiert. Si liewen dovunner, dass hier Servicer schnell z’ereeche sinn, mä genau souvill dovunner dass aner Säiten schnell z’ereeche sinn. Wann däi komplette Businessmodell drop baséiert, dass Leit bei dir Reklamme schalten, versaus du der nemmen d’Relatioun mat potentielle Clienten, wann s du deenen hier Säiten absichtlech méi lues ereechbar mëss.

  2. Hannert esou Sachen sin och öfter Ekonomesch Spillercher, dei versichen gezielt zu engem gewessen Zeitpunkt eng Aktie künstlech ze steieren. Dat ass nierft dem üblechen, komm mier man bessen Terror fier dass d’Leit pareieren, nämlech och eng ganz beleift Masch.Wou een lo fleit net ganz sou streng dierf mat de Medien sin, well se eben no Strech a Fuedem benotzt gin. Kloer soll een als Journalist net mat 2 Tomaten op den Aan remlaafen, mais wei an all Beruf as eng gewess schleichend Laxiteit net z’eviteieren mM no.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *