Wyth 

Et huet schon zanter zeng Minuten eent eng Laachkriiss hannert mer, während ech an der Schlaang stinn ze waarden, dass meng Fritten fäerdeg ginn. Ech weess net firwat et laacht, mä ech hu selwer mëttlerweil och ee Laachen am Gesiicht. Et ass längst däischter dobaussen, ech si mer net sécher wéivill Auer et ass – ech sinn och alt nees eng Kéier ze faul fir mäin Handy aus der Täsch ze kropen. Déi Persoun, déi mer virdrun eng SMS geschéckt huet, wäert sech freeën. Ech sinn absolut fuerchtbar wat elektronesch Kommunikatioun ugeet. Ausser bei dir, mä vun dir ass se net – mäin briteschen Telefon läit am Apartement.
Ultimate party steet iwwert der Leidseplein um T. senger Kaart, déi et am Grapp huet während et op mech duerkënnt mat verschmëtztem Grinsen an engem léiwe Fonklen a sengen Aan. Erwaardungsvoll hällt et d’Hand iwwert meng Fritten an erënnert mech dobäi e bëssen un dech. Du häss mech op genau déi selwecht Manéier gefrot, ob s de eng Fritt kriss. Mä zu dir hätt ech natirlech virdéischt Nee gesot. Mir hätten eis e klenge verbale Kampf geliwwert, um Enn häss du natierlech eng Fritt dierften huelen, du häss mech widdert den Aarm geschloen a mech esou genannt ewéi s de mech ëmmer nenns wann ech dech zéien.
Verlaangeren ech eigentlech grad no dir? Ech hunn an der läschter Woch an där et kloër war, dass mir net méi géingen an der selwechter Stad wunnen, erfollegräich eben genau déi Tatsaach verdrängt. Ech wëll net drun denken mussen ewéi et wäert sinn wann s du net permanent bei mir an der Wunneng bass. Wéi ech dat soll aushalen net zu all Moment kënnen un denger Dier ze klappen wann ech dech vermëssen. Net méi op denger Fotell ze sëtzen an der nozekucken, wéi s du deng Klasseuren sortéiers. Net méi dech op menger Fotell sëtzen ze hunn an mat Aluminiumsfolien retro-futuristesch Helmer mat Antennen ze bastelen. Net méi kënnen eng Kéistaart mat zwou Forschetten ze bestellen. Net méi mat dir am Aarm anzeschlofen.
Well wann ech ufänken mer mech ouni dech virzestellen ass dat ewéi wann mir eriwwer wieren. Dobäi hate mir dach emol nach net richteg ugefaangen. Zwou Stonnen Zuch si keng Distanz, seess du ëmmer erem. Mä ech weess net ob ech dat gleewe soll. E bëssen Distanz ass et schon.
D’T. hëllt sech nach eng Fritt a starrt op seng Kaart fir eis am Däischteren iergendwéi bis op d’Leidesplein ze kréien. Villäicht huet dat schon alles seng Richtegkeet, déi Muechtlosegkeet virum Liewen. Ee vu mengen Erasmusfrënn huet virun zwee Joer eng Kéier gemengt, wann hien zeréck heem geet a seng Frëndin hätt op hien gewaard, dann wéisste se datt si zesummegehéieren. Si kruten virun am Juni ee Puppelchen. Esou eppes mécht mech hoffnungsvoll.
An zwou Wochen kënns du bei mech an ech weisen dir mäin neit Doheem, dat ech mir an de nächsten Deeg emol selwer nach muss sichen. Zwou Stonnen – villäicht ass dat effektiv keng Distanz.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *